Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wuel a gebuergen zu Aarhus

Europäesch Kulturhaaptstad

Wuel a gebuergen zu Aarhus

Aarhus, déi zweetgréisste Stad an Dänemark, ass dëst Joer - nieft Paphos op Zypern - Europäesch Kulturhaaptstad. Ënnert dem Motto “let’s rethink” wëll d’Stad Konscht a Kultur als Sprangbried notzen, fir zum Beispill iwwer Demokratie, Diversitéit an Nohaltegkeet nozedenken.

auto_stories

4 min

Foto: www.aarhus2017.dk

Aarhus läit an der Aarhusbucht, am Oste vun Dänemark an der Regioun Midtjylland. D’Stad gouf am aachte Joerhonnert vun de Wikinger erriicht a gëllt als eng vun deenen eelsten an Nordeuropa.

Ënnert dem Motto "rethink", also iwwerdenken, soll awer net just d’Vergaangenheet mee och d’Géigewaart ënnert d’Lupp geholl ginn, fir Weeër fir eng besser a méi kreativ Zukunft ze fannen, seet d’Programm-Direktesch Juliana Engberg. "Et geet drëms, fir sech ze verbesseren, Saachen ze riskéieren, ze probéieren aneschtes ze denken an ze kucken ob mir besser Méiglechkeete kënne fannen, fir virunzekommen."

Migratioun an Integratioun

Aarhus huet mat bal 15 Prozent deen héchsten Taux un Auslänner an Dänemark, no der Haaptstad Kopenhagen. Eng Rëtsch Kënschtler géifen sech während dem Kulturjoer mat Froen iwwert d’Thema Migratioun an Integratioun ausenanersetzen, seet d’Juliana Engberg. "Wéi ginn d’Leit Deel vun enger Communautéit, virun allem eng, déi sou homogeniséiert ass wéi déi Dänesch? Wéi ginn se an eng Gesellschaft agebonnen a behale gläichzäiteg hir eenzegaarteg Charakteristiken?"

D’Juliana Engberg seet, si géif alles, wat nei an eng Gesellschaft kënnt, als eppes Wäertvolles gesinn, wat een notzen a begréisse sollt.

Konscht bannen a baussen erliewen

Ronn 320 Evenementer - vu Konscht iwwer Musek, Film, Festival an Design - sollen am Laf vum Kulturjoer zu Aarhus organiséiert ginn. De Konschtmusée ARoS – d’Bezeechnung, déi d’Wikinger fir dat haidegt Aarhus haten – organiséiert eng Ausstellung iwwer dräi Joer. Den Ufank mécht "The Garden – end of times; beginning of time".

"Dat ass ee Projet, dee souwuel banne wéi baussen, laanscht eis Küst, wäert oflafen", sou d’Programm-Direktesch Juliana Engberg. "D’Leit wäerte kënne ronderëm wanderen an eng Rëtsch excellent zäitgenëssesch Konschtwierker betruechten. Mee se wäerten och an de Musée kënnen eragoen. Do kënnen se gesinn, wéi d’Natur an d’Kultur vu verschiddene Kënschtler iwwert eng ganz Partie Joerhonnerten duergestallt gouf." Duerch d’Iddi vum Gaart am breede Sënn géifen och Theme wéi Nohaltegkeet an Ökologie ugeschwat ginn.

"Et ass de perfekten Ensembel"

Aarhus wier gutt op seng Funktioun als Europäesch Kulturhaaptstad virbereet, mengt d’Juliana Engberg. "Mir hunn eng ganz Rëtsch kulturell Institutiounen an hunn all eis Efforten an de Programm gestach." D’Stad géif sech awer och gutt als kulturell Haaptstad eegenen, well se lieweg a jonk wier an eng gutt "do-it-yourself"-Mentalitéit hätt, esou d'Programm-Direktesch weider.

“Mir hunn eng flott Iesskultur an Architektur. Et ass de perfekten Ensembel. Mir sinn immens frou. Wann d’Leit heihinner kommen, wäerten se sécher eng 'hyggeli' Erfahrung maachen.” Hyggeli heescht: sech wuel a gebuerge spieren an d’Liewe genéissen.