Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Quadratur Des Kreisels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mons feiert d'Finale

Kulturhaaptstad 2015

Mons feiert d'Finale

De Weekend vum 12. an 13. Dezember soll d’Kulturjoer 2015 zu Mons mat enger grousser Party ofgeschloss ginn. Eng Party, déi ganz kloer net ofgesot ass: et geet drëm d'Mënschen op d'Strooss ze brénge fir ze danzen. An et gëtt net nëmme gefeiert: och Ausstellunge lafe weider, zum Beispill "L’adolescence: la fabrique des héros".

Kerstin Thalau / Jean-Claude Majerus / ckl

auto_stories

4 min

Mons feiert d'Enn vum Kulturjoer mat engem "Bal populaire"

Mat enger typesch belscher Traditioun, dem "Bal populaire", geet d'Kulturjoer 2015 zu Mons den 12. an 13. Dezember op en Enn. Aanescht wéi bei der Ouverture gi keng ausgeschafften artistesch Projeten presentéiert, mä et geet dorëms d’Mënschen zesummen ze féieren, an zesummen ze feieren. "Wat mecht een um Enn vun engem Fest, sief et eng Hochzäit oder e Gebuertsdag? Et gëtt gedanzt a genau dat maache mir och!", seet den Yves Vasseur, Kommissär vun der Fondatioun Mons 2015. Op sechs verschidde Plazen gëtt gedanzt, woubäi fir all Museksgoût eppes soll gebuede ginn. 

Natierlech war an ass Mons schockéiert duerch d’Attentater vum 13. November zu Paräis. Och schonn fir d’Fête d’ouverture, de 24. Januar, war een schockéiert, deemols vun den Attentater op d’Redaktioun vu Charlie Hebdo. Mee den Yves Vasseur seet: "Eis Äntwert op d'Baraberei ass et, an de Stroossen zesummen ze sinn". D'Situatioun an der Belsch hätt sech iwwerdeems an der Tëschenzäit sou wäit berouegt, datt et kee Grond géif ginn, d'Fête de la clôture ze annulléieren.

Fënnef Joer vun enger Jugend

D’Wantersaison, an also de Schluss vum Kulturjoer 2015 zu Mons ass passenderweis mat "Renaissance" iwwerschriwwen. Mee och iwwer 2015 eraus bleift d'Kultur en Thema zu Mons an Emgéigend. Zum Beispill mat der Ausstellung "L’adolescence: la fabrique des héros", bei déi och den Titel "Renaissance" passt. Dat ass nämlech e Projet deen 50 Jugendlecher aus der Belsch (vu Mons an Namur), aus Frankräich (vun Nantes a vun der Île de la Réunion), an aus Kanada (vu Montréal) op eng besonnesch Manéier matenee verbënnt.  

Si ware 15 Joer al wéi 2011 "L’adolescence: la fabrique des héros" lancéiert ginn ass, an hunn an Tëschenzäit 20 Joer. Juristesch gesinn hu si d’Jugend e Stéck wäit hannert sech gelooss, a sinn als Erwuessener rëmgebuer ginn. Dobäi si si fënnef Joer laang vun Monser Sozialanthropologin Chloé Colpé, dem libanesesch-kanadesche Kënschtler Wajdi Mouawad an dem Kulturkommunikatiounsexpert vun der Uuniversité catholique de Louvain/Mons, dem Jean-Luc Depotte, begleet ginn.

"Wat motivéiert Dech, fir  moies opzestoen?"

Déi 50 Jugendlech sinn op Athen gereest, fir liesen, op Lyon fir schreiwen, op Ausschwitz fir zielen, op Dakar fir schwätzen, an op Beyrouth, Budapest, Casablanca, Istanbul, Reykjavik, Tirana oder Wien gefuer fir nodenken ze léieren. All dës Etappe si schrëftlech festgehalen, fotograféiert a gefilmt ginn. 

An den soziale Medie ginn et eng Hellewull Tracen vun engem ganz aktiven Austausch tëscht de Jugendlechen baussent de gemeinsamen Aktivitéiten. Aus dëse Kéip Material huet d’UCL-Chercheuse Chloé Colpé eng Dokteraarbecht geschriwwen a mat Kënschtler d’Ausstellung preparéiert. "An der Expo ginn déi eenzel Reesen mat de Jonken presentéiert, an et gesäit een wéi si an de fënnef Joer evoluéiert hunn", erkläert de Jean-Luc Depotte. Dobäi kommen sechs Stonnen Interviewen mat de Jonken, déi en boucle an der Expo gewise ginn. "Mir hu si Saache gefrot wéi 'Wat motivéiert Dech, fir moies opzestoen? Oder "Wat brengt Dech zur Verzweifelung?", erzielt de Jean-Luc Depotte. 

"Net iwwer d'Problemer vun der Jugend"

D’Equipe vun der "fabrique des héros" huet alles dru gesat, fir hir Ausstellung esou dynamesch a faarweg ewéi méiglech ze gestalten, an se duerch nei Medie och fir jonk Visiteuren interessant – a vläit ustiechend – ze maachen. "Et ass eis vläit och drëm gaang aus dem üblechen Discours vun der schwiereger Jugend ewechzekommen. Mir weisen dem Publikum och kloer, datt dat hei net déi x-ten Ausstellung iwwer d'Problemer vun der Jugend vun haut ass. Mir hu fir dës Expo mat de Jonken zesumme geschafft, dat ass wichteg. Um Vernissage waren si do a konnten sech domat identifizéieren. Dat ass hirt Abenteuer!"

"L’Adolescence: la fabrique des héros" ass bis den 10. Januar zu Mons, an duerno tëscht dem 8. Mäerz an dem 2. Abrëll zu Namur souzesoen "a Betrib".