Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mini Trees - Shapeshifter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kulturhaiser: méi labber ouni Corona-Restriktiounen?

Corona-Mesuren

Kulturhaiser: méi labber ouni Corona-Restriktiounen?

Bal zwee Joer waren d'Kulturhaiser entweder ganz zou oder hu just mat Restriktioune Public dierfen empfänken. D'Corona-Mesurë si gréisstendeels elo wechgefall - ee Stuerm op d'Kulturhaiser ass et awer net ginn.

auto_stories

3 min

Bal zwee Joer laang waren d'Kulturhaiser zu Lëtzebuerg entweder ganz zou oder hu just dierften ënner Restriktioune Public empfänken - déi si mam neie Covid-Gesetz ewechgefall.

Kee Stuerm op Kulturhaiser

No der éischter Woch ouni dës Mesurë wier et awer nach ze fréi fir Aussoen iwwer d'Auswierkungen ze maachen, seet de Carl Adalsteinsson, Direkter vum Ettelbrécker CAPE. Et hätt een awer och net domat gerechent, datt d'Leit elo an d'Kulturhaiser stiermen, mengt hien.

Dofir géifen et verschidde Grënn ginn: de Carl Adalsteinsson dovunner aus, datt en Deel vum Publikum hir Gewunnechte verluer hätt fir an d'Kulturhaiser ze kommen. "Ech mengen, do musse mir als Kulturhaiser staark dru schaffen, datt mer en Deel vum Publikum zeréck kréien", seet hien.

Eng aner Vue huet de René Penning, Direkter vun der Escher Kulturfabrik. Nom Ewechfale vun de Mesuren hätt hien e verännerte Public erlieft: Et wiere méi Leit op d'Manifestatioune komm an d'Publikum wier och méi geselleg, seet hien.

"Du mierks, datt se Loscht hunn. Si drénke méi, si hu méi Loscht zesummen ze sinn." Et wier eng Loscht do, zeréck an d'Normalitéit ze kommen, seet de René Penning.

Ticketsverkaf: d'Leit sinn nach virsiichteg

Net nëmmen de Public hätt eng gutt Zäit, mee och d'Artisten hätten "onheemlech Loscht erëm spillen ze kënnen an dat mat hirem Public zesummen erliewen, firwat se eigentlech dee Beruff gewielt hunn", seet den Olivier Toth, Direkter vun der Rockhal.

Et géif ee beim Verkaf vun den Ticketen allerdéngs nach eng gewëssen Onsécherheet spieren. D'Verkafszuelen hätten zwar nees ugezunn, d'Leit géife sech awer eréischt relativ spéit fir en Evenement decidéieren.

Dat kéint een hinnen awer net verdenken, den Olivier Toth geet awer dovunner aus, datt dat just en temporäert Phenomen ass, well d'Leit sech net sécher wieren, ob den Datum agehale ka ginn.

Vill Concerte wiere virum Oktober verluecht ginn, verschiddener bis zu fënnef Mol. "An dat provozéiert natierlech Onsécherheeten", gëtt den Olivier Toth zou.

Infektiounszuele sinn nach ëmmer héich

Dës Onsécherheete sinn och net onbegrënnt. D'Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg ginn zanter e puer Deeg nees an d'Luucht an och d'Kënschtler kënne positiv getest ginn, wouduerch Optrëtter ausfale kéinten.

Am CAPE probéiert een dat duerch Tester ze evitéieren: virun allem bei Kënschtlerinnen a Kënschtler, déi an enger Proximitéit matenee schaffen, wieren Tester "ëmmer gewënscht", erkläert den Direkter Carl Adalsteinsson.

De Coronavirus wier nach ëmmer do an och wa verschidde Mesurë gesetzlech net méi virgeschriwwe wier, géif et drëms goe sech ze beschützen.

De Carl Adalsteinsson hofft natierlech, elo keng nei Mesurë méi mussen ëmzesetzen - et wier een awer dorobber virbereet.