Radioen

On air

De Moien  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Këssen ass verbueden

Luxfilmfest

Këssen ass verbueden

Well de Skript vum Film net konform mat den Norme vum Iran war, gouf "Disappearance" do zenséiert. Den iranesche Realisateur Ali Asgari erzielt, wéi wichteg et ass, de Film ze weisen a schwätzt iwwert de Konflikt tëschent de Generatiounen a sengem Land. Den iraneschen Drama ass an der Haaptkompetitioun um Luxiflmfest gelaf.

auto_stories

4 min

MP: "Disappearance" dréit sech ëm eng jonk Koppel, déi an e Spidol geet, si muss do eng Geschicht erfannen, fir datt d'Meedche kann ugeholl a behandelt ginn. Um Enn scheitert et dorun, datt den - onméiglechen - Accord vun den Elteren néideg ass. Esou eppes kéint ee sech an Europa kaum virstellen. Wollt Dir dës Differenz an der Kultur weisen?

AA: All Realisateur bréngt seng eege Kultur mat a säi Film. Mäin Zil war et awer net, fir zwee Kontinenter mateneen ze vergläichen. Ech sinn am Iran op d'Welt komm, ech si mat menge Geschwëster a menger Famill traditionell opgewuess. Iran ass e jonkt Land. An déi jonk Generatioun am Iran brécht vill Regelen, déi hinne vun der eelerer Generatioun imposéiert ginn. Et gëtt ee permanente Konflikt tëschent de Generatiounen, tëschent Traditioun an dem Modernen. Ech wollt dëse Konflikt weisen.

Et ginn awer och modern Elteren am Film?

Ech wollt verschidde Säite vu mengem Land weisen, déi traditionell an awer och déi modern, méi räich Famillen. Där ginn et der elo vill am Iran. Ech wëll näischt jugéieren. Ech well net soen, wat besser oder méi schlecht ass, mä einfach nëmme verschidden Aspekter weisen.

Virun allem déi sexuell Tabue stinn an "Disappearance" am Mëttelpunkt.

Am Iran gouf dësen Tabu vun der jonker Generatioun gebrach. Mä déi al Generatioun acceptéiert dat net. Bei de Jonke geschitt et dacks, datt eng Koppel Geschlechtsverkéier virum Bestietnis huet. Mä si verstoppen et trotzdem nach ëmmer. Dat ass well et vun der Relioun imposéiert gëtt. Et ass d'Relioun déi seet, et dierf ee keng sexuell Relatioun virum Mariage hunn.

Zentral an Ärem Film ass d'Relatioun tëschent dem Meedchen an dem Jong. Et ass net d'Léift, déi déi zwee matenee verbënnt, mä eng erzwonge Solidaritéit. Am Film gesäit ee keen eenzege Kierperkontakt.

Dat weist nach een anere kulturelle Point de Vue. Am Iran ass et net erlaabt, sech an der Ëffentlechkeet ze këssen oder unzepaken. De selwechte Moment pake si sech awer och net, un wa si ganz eleng an enger intimer Situatioun sinn. Dat ass well et am Iran eng Zensur gëtt. An engem Film dierf ee keng Zort vun Upaken oder Kësse weisen. Souguer wann et am Film eng Relatioun tëscht enger Duechter a sengem Papp gëtt, dierfe si sech net upaken, well am richtege Liewe si si jo net Famill. Dofir huet ee vill Filmer, wéi zum Beispill beim Abbas Kiarostami, an deenen een ni eng Zeen an engem Haus gesäit. Well an der Realitéit packe Leit sech un, wa si am Haus sinn.

D'Geschicht vum Film ass simpel gehalen. A kal.

Ech hu gäre minimalistesch Erzielungen. Ech si kee grousse Fan vum klassesche Zinema. Alles am Film ass kal. D'Faarwen, d'Relatiounen tëschent all de Charakteren. Si sinn emotiounslos. Ech hu probéiert alles kal ze halen, d'Kamera op eng subjektiv Plaz ze setzen. Wéi wann e Kolleg hinne géif de ganzen Zäit nogoen. D'Kamera ass déi ganzen Zäit a Beweegung.

Den dramateschen Effet entsteet och duerch Widderhuelunge vu verschiddenen Zeenen.

Jo d'Widderhuelung soll och drop opmierksam maachen, datt dat wat hei gewise gëtt, ville Leit am Iran passéiert. Net genee déi selwecht Situatioun mä sou ähnlech Saachen. Et weist och d'Absurditéit vun der Situatioun. Si versichen eppes, woufir et souwisou keng Hoffnung gëtt.

Ass de Film schonn am Iran erauskomm?

Neen, de Film ass do zenséiert an ech wäert en ni kënnen do weisen. D'Prozedur fir e Film am iranesche Kino ze weisen ass immens komplizéiert. Et muss een dräi verschidden Niveaue vun Zensur packen. Als éischt muss een de Skript weisen, wa si dee confirméieren, da kann een de Film maachen. Duerno muss een de ganze Film weisen. Wann en hinne gefält, da kann een e weisen. Mir hunn de Skript geschéckt an e war net konform. Also hu mir de Film ouni Autorisatioun gedréint. Als Strof dierf de Film do net gewise ginn, och net op engem nationale Filmfestival. An dat wichtegst ass et trotzdem, de Film ze weisen.