Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kutter-Bild iwwertrëfft Erwaardungen

Konscht

Kutter-Bild iwwertrëfft Erwaardungen

Zu Haarlem ass en Uelegbild vum Joseph Kutter fir 52.785 Euro versteet ginn. Dat mellt d'Wochenzeitung d’Lëtzbuerger Land. "Le Cheval de Bois", esou den Titel vun enger Viirberedungskizz vun engem Bild, dat de Bouf vum Moler duerstellt. Verwonnerlech ass, dass d’Experte vum Auktiounshaus de 60x50 cm groussen Tableau nëmmen op 3.000 bis 5.000 Euro geschat haten.

auto_stories

4 min

"Le Cheval de Bois" vum Joseph Kutter (1895-1941) lénks : Viirberreedungsversioun vu 1935 (elo versteet) riets : grouss Versioun vun 1937 (Collection MNHA)

En Donneschdeg ass am Auktiounshaus Bubb Kuyper e mëttelgrousst Uelegbild vum Jospeh Kutter mam Titel "Le Cheval de Bois" verkaf ginn. Eigentlech ass dëst Auktiounshaus op Bibliophil Sammelstécker spezialiséiert. Den Tableau ass wahrscheinlech d'Viirbereedungsetude fir dat 115x100 cm grousst Bild mam selwechten Titel, dat schonn 1938, ee Joer nodeems et gemoolt gouf, an de Besëtz vum Nationalmusée iwwergaange war.

Op Lëtzebuerg, awer net an de Musée

Déi éischten Uelegskizz ass elo fir 42.500 Euro netto gesteet ginn. De Präis huet domadder d'Erwaardunge vum Auktionshaus wäit iwwertraff. Si hu bestätegt, dass d'Bild nees zeréck op Lëtzebuerg verkaaft gi wier.

Den Nationalmusée wousst vun dëser Vente, an d'Conservatrice vun de Beaux Arts vum MNHA, d'Gosa Nowara, huet eis confirméiert, datt si am éischten Deel vun der Stee matgemaach huet, bis hier Budgetsgrenz erreecht war.Dat ass schuet fir de Public. Et wär ganz interessant gewiescht, bei esou engem wichtegen Tableau, wéi dem "Cheval de Bois" vun 1937, och d'Viirbereedungsbild vun 1935 kënnen auszestellen.

De Jong um Holzpäerd

Den 28. Juli 1932 ass dem Joseph an der Rosalie Kutter hiert zweet Kand, de Rodolphe, genannt Dolphe, zu Tréier op d'Welt komm. De Joseph Kutter hat seng Kanner gär, hien huet net nëmme vill Zäit mat hinne verbruecht, hie huet si och ëmmer nees gemoolt. D'Kanner am Atelier, oder den Dolphe als Indianer, awer eben och den Dolphe um Holzpäerd, wéi beim "Cheval de Bois".
Am hollänneschen Auktiounshaus war d'Vente ganz niddreg ugesat. D'Estimatioun vun 3.000-5.000 Euro war fir e Bild vum Kutter méi wéi verwonnerlech. Op Nofro soten d'Responsabel vun der Vente, si hätten einfach kee Vergläichsverkafspräis fonnt. Potentiell Keefer hätte si awer net mat enger Estimatioun vun 20.000 Euro wëlle vergraulen.

D'Bild war Deel vun enger gréisserer Stee vum Nolooss vun engem vun de wichteschste Bichersammler aus Holland. Där vum Martinus Benjamin a sengem Bouf, dem Karel Joost Nijkeerk. De Papp hat 1935, op Urode vum Jan Greshoff (1888-1971) d'Bild wahrscheinlech op enger Ausstellung zu Bréissel kaf. De Jan Greshoff, Schrëftsteller a renomméierte Konschtkritiker, war e gudde Frënd vu Joseph Kutter, dee vill Wäert um hollännesche Konschtkenner seng Meenung geluecht hat. Bis haut ass den intensive Bréifwiessel tëscht dem Moler an dem Kritiker erhalen.

Skulptur vum Pierre Federspiel versteet

D'Vente vum Kutterbild fir insgesamt 52.785 Euro, war awer net dat eenzegt Lëtzebuerger Konschtwierk dat rezent héich Präisser erreecht huet. Bei Sotheby's gouf de 25. Mee eng zwee meter Héich Statu aus wäissem Marber, eng Allegorie vun der Wourecht oder der Schéinheet, aus dem Joer 1900 versteet. Dës monumental Skulptur vum Pierre Federspiel huet e Präis vu knapps 100.000 Euro erreecht. De Pierre Federspiel huet zu Lëtzebuerg ënnert anerem den Ermesinde-Fries um Stater Cercle an d'Dicks-Lentz Monument sculptéiert.