Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "La fille inconnue", ee Sozialkrimi

Groussen Ecran

"La fille inconnue", ee Sozialkrimi

Et gëtt Realisateuren, déi versichen sech mat all Film nei z’erfannen. Da gëtt et Realisateuren, déi sech iwwert d’Joerzéngten eng eegen, ganz singulär a markant Filmwelt opgebaut hunn. Deen Éischten, deen engem an deem Kontext am Kapp opdaucht, muss wuel de Woody Allen sinn. De Luc a Jean Pierre Dardenne hunn, an engem méi klénge Mooss, genee esou eng Filmwelt op de groussen Ecran bruecht. Ausser, datt si manner zu Brooklyn, mee éischter bei de Walloune situéiert ass.

auto_stories

3 min

La fille inconnue. Foto: Christine Plenus

Wie vun den Dardenne-Bridder erwaart, datt si no bal 30 Joer hiert filmescht Rad nei erfannen, dee soll net an de Kino lafen. Wie sech awer iwwer kleng Variatiounen an den dramaturgesche Manierisme vun engem Realisateur freeë kann, deen dierf mat rouegem Gewëssen "La fille inconnue" kucke goen. Bei der Presentatioun zu Cannes dëst Joer war et awer anescht: D’Bridder hu sech déi Kritiken, déi si do kruten, zu Häerze geholl. 32 Ännerungen am Montage hunn dofir gesuergt, datt de Film elo siwe Minutte méi kuerz ass. A si hu vläicht elo e ganz anere Film an d’Kinoe bruecht.

Keng Consultatioun no Feierowend

Déi jonk Generalistin Jenny Davin ass bei Léck am gaangen engem Dokter seng Praxis z’iwwerhuelen. Si hëlt d’Decisioun, eng Stonn no der Fermeture, enger potenzieller Patientin d’Dier net méi opzemaachen. De Mueren drop steet d'"Brigade judiciaire" virun der Dier. Si soen der Doktesch, datt déi jonk afrikanesch Fra, déi un der Dier geschellt hat, un der "Meuse" dout font gouf. D'Doktesch mécht sech enorm Virwërf a start eng perséinlech Enquête, fir erauszefannen wien dës, wéi et den Titel vum Film undeit, "fille inconnue" iwwerhaapt war.

"Si tu veux être un bon médecin, tu dois être plus fort que tes émotions", esou de Personnage vun der Jenny Davin zimlech um Ufank vum Film am Gespréich mat hirem Stagiaire. Et ass genee déi Replique, déi de Schlëssel zum ganze Film ka sinn. Nieft hirer Enquête leeft hire professionellen Alldag of, an deem si mat enger Abberzuel vu Patienten oder Personnage konfrontéiert ass. Déi hëllefen hir niewebäi méi oder manner mam Geheimnis ronderëm déi verstuerwe Fra.

Et ass déi klinesch Atmosphär an der Diagnos vun hire Patienten an d'Dekortikéiere vum Mystère ronderëm déi onbekannte Fra, déi et schwéier maachen, sech mat der Doktesch z'identifizéieren. Dat ënnerscheed dëse Personnage ganz flagrant vum Marion Cotillard sengem Personnage aus "Deux jours, une nuit", e Personnage, fir deen een Empathie schweesst.

Adèle Haenel: Actrice op hëchstem Niveau

D’Adèle Haenel ass a Frankräich net onbekannt. Si huet sech zum Beispill am Bonello sengem "L'Apollonide" e Numm konnte maachen. A "La fille inconnue" spillt d'Adèle Haenel d’Roll vum Jenny Davin op eng subtil intérioriséiert Manéier. Si versicht als Doktesch permanent d’Face oprecht z’erhalen, scheitert dobäi a Schlësselzeenen awer grandios. Kritiker vermëssen d’Direktheet an dësem Film, déi soss nach mat der Schëllerkamera ënnerstrach gëtt. Et ass awer dëse Kontrast tëscht professioneller Distanz, voir dëser sougenannter Direktheet an dem Broch domadder, déi de Personnage esou interessant mécht.

D’Opléisung vun der Geschicht gëtt schlussendlech zweetrangeg. Et sinn déi grouss, wann och subtil Zeenen, déi vun engem humanistesche Gestus duerchdronge sinn, déi de Besuch am Kino rechtfertegen. "La fille inconnue" ass een am Groussen a Ganze gudden Dardenne-Film, mat groussaartege Situatiounen, an enger Schauspillerin op héchstem Niveau.