La Métamorphose?

20150703-mons-1000781-1024x768.jpg

D’Haaptstad vun der belger Provënz Hainaut Mons ass dëst Joer nieft der tschechescher Pilsen, Capitale européenne de la cultureMons gesäit d’Kulturjoer als eng grouss Chance fir nees un d’Rullen ze kommen, och wann hannert der Fassade de Botz net méi dee Beschten ass.

Lëtzebuerg war no 1995 an 2007 schonn 2 Mol europäesch Kulturhaapstat. 2022 ass et nees um Grand Duché, an do gëtt et och schonn eng Iddi, déi awer gemëschte Gefiller provozéiert. Eng Kulturkronik iwwert europäesch Kulturhaapsttied vum Jean Claude Majerus.

 

Meng éischt Andréck vu Mons, a besonnesch vu Mons als europäesch Kulturhaapstat hu mer eng Textzeil aus engem Dicks-Lidd an de Kapp komme gelooss: “Schéi Fiedere, schéi Vulle maan”. Mons huet sech fir d’Kulturjoer gerëscht, a virun allem spiert een och eng gewësse Loscht, europäesch Kulturhaapstat ze sinn. Bal iwwerall gesäit een de roude Punkt mat Mons 2015 drop, a Fënsteren, op Maueren a Busarrêten pechen, an dann och ëmmer déi Beach-Flacken déi drop hiweisen: Jo, mir sinn dëst Joer europäesch Kulturhaapstat.

Mons invitéiert op Kultur, Mons  proposéiert e vasten, diversifiéierten an och qualitativ héigwäertege Programm. Mons wëll mam Kulturjoer nees un d’Rulle kommen, well d’Zäite wou d’Industrie floréiert huet sinn eriwwer, d’Visioune sinn net déi bescht, an där Provënz Hainaut mat Chômagezuelen vun deels iwwer 18 Prozent. Mons sicht e strukturelle Changement, an dee soll iwwert de Wee vun der Kultur fonnt ginn.

Dofir huet Mons esou vill  Ressourcen an 2015 gestach. Fir och duerno nach weider op der kultureller Héicht ze bleiwen, an net nom 31 Dezember 2015 nees an der kultureller Versenkung ze verschwannen. Well da mussen d’Gemengenautoritéite vu Mons sech op hëtzeg Wochen astellen, a sech deen Ament eventuell vill Froen iwwert e méigleche finanzielle Fiasko  ulauschteren.

Mons ass schonn a senge primären Iddien zeréck geruddert. Zum Beispill war eng nei Gare no Pläng vum spueneschen Architekt Santiago Calavatra geplangt. Käschtepunkt: eng Véirelsmillarde Euro. An déi Gare sollt fir d’Kulturjoer 2015 fäerdeg an funktionell sinn. Doraus gouf awer näischt, a wann iwwerhaapt, geet déi nei Gare sécher net virun 2018 op.

Mons gëtt sech Méi, an et sinn och vill Touristen an der Stat ënnerwee, mä e bëssen hannendru gekuckt, gesäit een awer datt et u villem feelt, d’Stroosseninfrastruktur ass net an der Rei, Lächer op Lächer an de Stroossen,  vill Commercen sinn zou, an vill Haiser verlooss. Et kritt een d’Impressioun, datt vill Montoisen hiert Gléck anzwousch anescht siche gaange sinn. Fir Mons ass d’Kulturjoer sécher een eenzege Selbstzweck, wäit ewech vun där Philosophie déi “Capitale européenne de la Culture” an engem vereenten Europa sollt hunn. D‘Kulturjoer ass fir Mons eng Chance - vläicht esou guer déi leschte Chance – fir d‘Kéier ze kréien, an aus der Anonymitéit vun enger ekonomesch gebeidelter Situatioun eraus ze kommen: Ça passe ou ça casse.

An deem Kontext maachen ech mer och Gedanken iwwert d’Iddi vun 11 lëtzebuerger Süd-Gemengen, déi driwwer nodenken hir Kandidatur als europäesch Kulturhaaptstat fir 2022 ze stellen, well dann ass de Grand Duché nees um Tour. Natierlech gëtt den Ament just driwwer nogeduecht, an et gëtt ofgewaart bis elo am Juli den Appell à Candidatures kënnt. Mä et muss ee schonn e grousse Ego hunn wann ee seet datt d’Iddi mat den 11 Süd-Gemenge mam Projet vum Ruhrgebitt mat der Stat Essen ze vergläichen ass, wéi den Diddelénger Buergermeeschter Dan Biancalana op der Antenn vum 100,7 gemengt huet. D’Ruhrgebitt an Essen sinn awer eng aner Schunggréisst, an ech mengen net datt de Syndikat “Pro Sud” do mathale kann. Ech wëll hei guer net iwwert déi kulturell Offer schwätzen, mä ech denken emol nëmme praktesch.

Fir e Kulturjoer wëll ee jo vill Leit kréien, net Dausenden mä am beschten zéngdausend vu Leit. A wou wëll een déi Leit dann ënnerbréngen? Huet de Süden déi appropriéiert Hotelsinfrastruktur, oder sollen Visiteuren a  Stater Hotelle goen? Da läit een awer erëm dernieft. En plus muss eng Schëpp am ëffentlechen Transport bäigeluecht ginn, well op d‘Autobunnen an de Süde vum Land ass net ze bauen, well weder d’Escher nach d’Diddelénger Autobunn, nach d’Collectrice du Sud packen aktuell de soit disant normale Berfusverkéier.

Ech hoffen, datt d’Gemengeresponsabel vum “Pro-Sud”  sech dat mat alle “Pour et contre” duerch de Kapp goe loossen, an net op enger Well vun  Euphorie d’Aventure europäesch Kulturhaapstat 2022 attackéieren: net datt aus där Aventure, wéi virun 200 Joer, en neie Waterloo gëtt.

Net verpassen

  • 08.12. Klassik Live: L'enfance du Christ

    Berlioz.jpg

    De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an d'Gächinger Cantorey an der Philharmonie: De radio 100,7 iwwerdréit de Concert haut den Owend live vun 20:00 Auer un.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen