Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laura Nsafou - Nos jours brulés

Buchkritik

Laura Nsafou - Nos jours brulés

D'Laura Nsafou bezeechent sech selwer als Afrofeministin. Déi 1992 gebuere Bloggerin a Schrëftstellerin huet bis elo eng Rei Kannerbicher publizéiert. Mat "Nos jours brûlés" adresséiert si sech u jugendlech an erwuesse Lieser:innen.

auto_stories

2 min

Am Buch "Nos jours brûlés" geet d'Elikia op eng Rees duerch d'éiweg Däischtert.

Mir sinn am Joer 2049. Déi jonk Elikia kennt just la Grande Nuit - dat heescht, zanter datt Si op der Welt ass, gëtt et keng Sonn méi. Hier Mamm ka sech nach un d'Zäit erënneren, wou d'Sonn geschéngt huet.

Mythologesch Figuren op enger fantastescher Rees

D'Mamm reest mat der Duechter an de Senegal fir sech op d'Spueren nom Dernier Eclaireur ze maachen; op d'Sich no der verschwonnener Stad Juddu fir do Äntwerten ze fannen.

Ze Fouss maache sech déi zwou Fraen an der éiweger Däischtert op de Wee. Ganz séier ass d'Elikia op sech selwer gestallt, well hier Mamm stierft. Si begéint awer dem Dernier Eclaireur an do féiert dës fantastesch Aventure an d'Welt vun Djinnen, mysteschen Gestalten, Gëtter a Gëttinnen, Hybriden, Sireenen an weider sëlleg Figuren aus der afrikanescher Mythologie.

D'Elikia entdeckt lues a lues, datt Si eng Auserwielt ass: Si huet besonnesch Kräften, déi Si vun hirem Grousspapp geierft huet a Si ass net just en Deel vun der visibeler Welt, mee gehéiert och zu der onsiichtbarer Welt.

Eng komplex Geschicht

Et ass guer net esou einfach sech an dëser Welt, oder besser gesot, dëse Welten zu Recht ze fannen, net just fir d'Elikia, mee och fir d'Lieser:innen. Zum Gléck huet d'Autorin um Enn um Buch e Glossair erstallt, wou déi eenzel mythologesch Figure gutt erkläert sinn a wou Si och déi verschidde Welten an Diagramm-Form presentéiert.

D'Laura Nsafou huet eng komplex Geschicht geschafen, wou Si déi ganz Diversitéit vun der afrikanescher Mythologie a Parallelwelten zesummebréngt.

D'Elikia ass eng richteg Heldin déi scho ganz couragéiert ass, awer och hier Ängschten an Zweiwelen huet. Si ass mësstrauesch a gëtt hire Wee awer net op. D'Gewalt, virun allem déi männlech Aggressivitéit, huet och vill Platz an dësem Roman, en ass also näischt fir zaart Gemidder.

Fazit

Nieft dem abenteuerlechen an och feministeschem Aspekt ass awer och de Klimawandel en indirekte Sujet an dësem aussergewéinleche Wierk. Der Laura Nsafou geléngt et hei aktuell Theeme mat ganz vill Intelligenz an enger präziser an adequater Sprooch mat gutt recherchéierter Mythologie zesummenzebréngen an och de Lieser:innen nozebréngen.

Op alle Fall ee Roman, deem een net all Dag begéint an vun deem deemnächst och eng Fortsetzung erauskënnt. Et muss een op kee Fall e besonnesche Fan vun der Fantasy-Literatur sinn, fir sech op dës Rees mat der Elikia ze maachen - et geet duer, datt ee Loscht op eng originell Geschicht huet. Den Numm Elikia bedeit iwweregens Hoffnung op Wolof, dat ass eng afrikanesch Sprooch, déi virun allem a Senegal geschwat gëtt.