Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anarchie an der Galerie

Street Art

Anarchie an der Galerie

De Steve Lazarides representéiert Artiste wei den JR oder de Space Invader. A senge Galerien zu London an zu New Castle gesäit de Public, wat am Beräich vum Street Art hip ass. Mee wien ass dee Mann, dee seng Suen mat enger Konscht verdéngt déi dacks als Vandalismus bezeechent gëtt? De Steve Lazarides huet sech als Agent vum Street Art Kënschtler Banksy e Numm gemaach. D’France Ewen huet hien zu London getraff.

auto_stories

5 min

De Steve Lazarides

De Steve Lazarides ass ee sympatheschen Här, dee mat zwee Féiss um Buedem steet. Et géif een net soen, datt hie mam Verkaf vu Street Art Wierker Millioune verdéngt. Den Englänner schwätzt, wei him de Mond gewuess ass.

Poster boy Banksy

Zum Street Art koum hien duerch Zoufall: "Ech war u sech Fotograf, an ech war gutt am Organiséieren. 1997 hunn ech de Banksy kennegeléiert. Ech hu mat Ausstellunge vum Banksy ugefaangen an hu mech weidergeschafft. Bis ech 2004 eng richteg Galerie opgemaach hunn. Um Enn war am Fong einfach alles purt Gléck."

De Banksy ass fir vill Léit e Synonym fir Street Art. De Brit huet de Genre awer bei wäitem net erfonnt. D’Originne ginn zréck bis an 60er Joeren an den USA. Fréi Superstare vum Genre waren Artiste wéi de Jean-Michel Basquiat oder de Keith Haring. Mëtt den 80er Joeren ass den Hype ronderem d'Graffiti-Konscht ofgeflaacht. An der Mëtt vun den 90er Joere gouf et eng Renaissance vum Street Art.

Em 2006, hat de Banksy d’Street Art Zeen komplett eruewert. Hien war immens aktiv. Net just an de Stroosse vun London, mee och an anere Länner. Doropshi goufen eng sëllech Ausstellungen an Europa an an den USA organiséiert. Berühmt Leit hu dem Banksy seng Serigraphien en Masse kaaft. 

De Steven Lazarides ënnersträicht, datt et niewent dem "Poster Boy" Banksy och aner wichteg e bedeitend Artiste gouf: "De Shepard Fairey krut mat enger Affiche ee schwaarze Mann an d'Presidence vun de Vereenegte Staaten. Jiddereen hat gemengt, dat wär onméiglech. Dës Jonge kruten am Laf vun de Joeren een enormen Afloss." De Galerist ënnersträicht awer, datt de Banksy ee wichtege Personnage fir déi ganz Zeen war.

Dem anonyme Banksy seng Konscht war Uganks den 2000er direkt an alle briteschen Zeitungen. An de Mythos vun Street Art huet quasi vun haut op muer Uklang fonnt. 2005 hätt den Hype eng Klimax erreecht, erënnert sech de Steven Lazarides. "2006 war enorm, 2007 gouf et ee Crash. Dat war dat Bescht, wat konnt geschéien. Et gouf eng ganz Rei richteg schlecht Artisten. Et war wéi deen neie Goldrush. Et hätt een engem Kand kéinten eng Dous an de Grapp ginn, et op eng Toile mole loossen, a se fir 5 Mill verkafen."

Vun der Strooss an d'Galerie

Zenter hirem Ufank huet Street Art e risegen Sprong gemaach. Vun enger Konscht fir Aussesäiter gouf se no an no salonfäeg. De Steve Lazarides gesäit d'Entwécklung positiv an negativ. "Wierker, déi mir deemools fir 150 Pond verkaaft hunn, gi lo fir knapp 400.000 Pond iwwer den Dësch." D'Acteuren um traditionelle Konscht-Maart géife Street Art awer nach ëmmer net akzeptéieren, well si et net entdeckt hätten. Dat wär hinnen ze vill populär.

Momentan gesäit den Expert keng interessant Entwécklungen oder nei Kënschtler. Aus Afghanistan an aus Syrie géife pertinent Aarbechte kommen, well et eng pur Protest-Konscht wär. "De Grond, firwat am Westen net vill geschitt, ass well et jidderengem zimlech gutt geet." 

E klassescht Thema, dat dacks vun Artisten ugeschwat an diskutéiert gëtt ass d’Notioun vum Sell Out: Datt Street Art ze vill kommerziell gi wär, an net méi street genuch wier. De Steve Lazarides verdeedegt seng Artisten, déi op dës Manéier duerch hir Konscht kënnen iwwerliewen.

De Steve Lazarides ass dee Mann, bei deem Staren, wei de Jared Leto oder den Morgan Spurlock Wierker kafen. Wee sech fir Street Art intresséiert, kënnt quasi net laanscht de Guru, deen fréier mam bekannte Banksy zesumme geschafft huet. Mëttlerweil huet de Steve Lazarides dräi Konschtgalerien an organiséiert vill Ausstellungen.

Den Term Urban Art Galerie fënnt hien bëssen ze vill offiziell. Hie vergläicht seng Aarbecht mam organiséiere vun engem Concert: "Ech buchen dech als Museker, well deng Musek mir gefält. Ech wäert dir awer net virschreiwen, wéi eng Lidder dass du solls spillen. Komm, a spill ee gudde Concert." Am Steve Lazarides sengen dräi Galerien herrscht an deem Sënn also e bëssen Anarchie.

Business as usual

Seng Keefer si ganz verschidde Leit. Vun Investmentbänker bis Mënschen, déi laang spueren, fir sech ee Wierk kënnen ze leeschten ass d'Schéier ganz breet. 

Nieft de Galerien huet Street Art och de Wee an d’Auktiounshaiser wei Sothebys, Christies oder Bonhams fonnt. Zommen ëm eng hallef Millioun sinn do keng Ausnahm. De Steve Lazarides ass skeptesch wat dësen Trend ugëtt: "Déi stiechen eis an ee Ghetto. Fir eis gëtt et ee Kannerdësch, well et an hiren Aen keng richteg Konscht ass."

De Business kennt och am Street Art kennt keng Grenzen. Nodeems de Banksy zu London e Wierk mam Titel "Slave Labour" un eng Mauer gemoolt hat, gouf d’Wierk vun der Mauer gerappt. Mat den Zillen. Deen Dag drop war et schonn op engem Internetsite fir eng hallef Millioun US Dollar ze kréie. "Sou eppes ass onméiglech ze verkafen, an et mécht d'Stad méi eng aarm Plaz, wann een d'Biller vun der Mauer rappt," kommentéiert de Steve Lararides.

Wei d’ Zukunft vu Street Art ausgesäit wier schwéier viraus ze gesinn. Obwuel sech schonn eng Rei Kënschtler a Kollektiven den Internet zu notze gemaach hunn oder mat digitalen Projektioune geschafft hunn, waart de Galerist op Kënschtler, déi hien iwwerraschen.