Radioen

On air

De Moien  |  Maka Mc - Balkonien Feat. David Fluit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Le Jeu de l'amour et du hasard"

Theater

"Le Jeu de l'amour et du hasard"

An Zäite vu Facebook, Instagramm an Tinder schéngt d'Ausgesi eng méi wichteg Roll ze spille wéi de Charakter. Mee net jiddweree wëllt sech vum Ausgesinn täusche loossen. Scho guer net d'Silvia, een Haaptpersonnage am Pierre Carlet de Marivaux sengem Theaterstéck "Le Jeu de l´amour et du hasard". Och wann d'Stéck vun 1730 ass, sou schéngen d'Froen iwwert' Léift an Bestietnis, déi hat sech stellt, net vill geännert ze hunn.

auto_stories

3 min

Zwou jonk Frae sinn op der Bühn an ënnerhale sech iwwer d'Léift, hir Erwaardungen an hir Zukunft. D'Silvia wierkt nodenklech. Hat ass net ganz vum Bestietnes iwwerzeegt. Ze vill dacks huet hat gesinn, datt der zwee matenee bestuet sinn, déi sech am Fong guer net richteg kennen, bei deenen alles iwwerflächlech bleift. Him kënnt et net op d'Ausgesi vun engem Mann un. Wann hat eng Kéier ee Mann wëllt, dann ee mat engem gudde Charakter. Fir d'Lisette ass d'Bestietnes näischt, wat hat a Fro stellt. Wann een do ass, dee méi oder wéineger passend ass, da passt et.

En aktuellt Stéck

Direkt am Ufank gëtt de Spectateur mat zwou verschidde Siichtweisen op d'Léift an d'Bestietnes thematiséiert. D'Stéck ass vu 1730, mee et huet näischt un Aktualitéit agebéisst. Am Zentrum steet d'Fro iwwer d'Situatioun vun der Fra. De Metteur en scène Laurent Delvert erkläert, datt et e Stéck ass, dat net just feudal Gesellschaftsstrukturen a Fro géif stellen. Et géif och ëm d'Fro vun der Fra a vum Bestietnis goen. Dat wier eng Fro, déi et direkt am Ufank gi wier.

Am Marivaux sengem Stéck dréit sech alles ëm Maskaraden an d'Renconter mat deem anere Geschlecht. Déi véier jonk Personnagen, déi am Zentrum stinn, verkleede sech a changéieren d'Identitéiten. D'Silvia, dat mam Dorante bestuet soll ginn, tauscht d'Roll mat sengem Hausmeedchen, dem Lisette. Den Dorante sengersäits mat sengem Dénger, dem Arlequin. Kee weess vum aneren, datt en och verkleet ass. Den Identitéitswiessel erlaabt engersäits sech ze schützen, anerersäits dovunner ze dreemen, wéi d'Liewe kéint sinn, wann een en anere wier.

Tëscht Léift a Verstand jongléieren

Déi véier Haaptpersonnagë sinn an engem Alter, dee voll ass mat Paradoxen, Onsécherheeten an Entscheedungen. Op der Sich no hirer Roll am Liewe musse si tëschent Léift a Verstand jongléieren, seet de Laurent Delvert:

"Interessant am Stéck sinn déi véier jonk Personnagen, déi sech verkleeden, fir Léift ze entdecken, fir deem Aneren ze begéinen. Et ass d'Versuchung, déi si undreift an déi bei hinnen déi verschiddensten Emotioune provozéiert (...)"

En interessanten Detail am Dekor ass ee groussen Aquarium, ronderëm dee sech déi ganz Handlung ofspillt. De Marivaux ass Spezialist doranner a senge Stécker eng Zort Laboratoire ze kreéieren, an deenen d'Personnagen zu Versuchskanéngercher ginn. Wéi ee Fuerscher am Labo kann de Spectateur déi véier Jonk, déi hei d'Versuchskanéngercher sinn, observéieren. Steet dësen Aquarium also stellvertriedend fir deen experimentellte Zeenario, dat de Marivaux entsoe loosse wëllt? Et lount sech "Le jeu de l'amour et du hasard" kucken ze goen a selwer eng Äntwert op dës Fro ze fannen.


"Le Jeu de l'amour et du hasard" gëtt am Kapuzinertheater opgefouert. Et spille mat: Eugénie Anselin, Stéphane Daublain, Jean-Marie Frin, Brice Montagne, Sophie Mousel an de Pierre Ostoya Magnin.