Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Le monde, prison où il faut toujours trouver une autre cellule"

Literatur

"Le monde, prison où il faut toujours trouver une autre cellule"

Fir säi lescht Buch "Fenua" (Seuil) huet de franséische Schrëftsteller Patrick Deville franséisch Polynesien, dorënner Tahiti, exploréiert. Virun allem och duerch de Brëll vu berüümte Virgänger.



auto_stories

1 min

"J'éprouvais l'étrange sentiment qu'il ne faudrait pas être ici, laisser ces paysages à leur isolement. On s'attend à la beauté mais on rencontre le sublime farouche, parfois une Bretagne ou une Irlande tropicale."

De Patrick Deville ass en alen Hues vun der Reesliteratur. Um Deckel vu sengem neie Roman "Fenua" steet "roman", och wann de Globetrotter seng Literatur éischter als "romans sans fiction" bezeechent.

Et ass deen aachte Band vu sengem Projet "Abracadabra", deen den Deville 2004 mat "Pura Vida" ugefaangen huet.

"Fenua" bedeit an der tahitescher Sprooch "Land", "Territoire" oder "Insel". Zum Beispill franséisch Polynesien, dat de Patrick Deville bereest huet, physesch mee och a Gedanken, duerch de Bléckwénkel vun anere Schrëftsteller, Kënschtler an Abenteuerer, wéi Robert Louis Stevenson, Paul Gauguin, Pierre Loti oder Alain Gerbault.

Um Festival "Etonnants voyageurs" uganks Juni zu Saint-Malo hat de Michel Delage d'Geleegenheet fir mam Patrick Deville ze schwätzen.