Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Metallica - Lux Aeterna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leider keng Garantie fir Laachkrämpecher

En liberté ! vum Pierre Salvadori

Leider keng Garantie fir Laachkrämpecher

Wann eng franséisch Komedie op d'Codë vun der amerikanescher Screball Comedy trëfft, dann huet een "En liberté !" vum Pierre Salvadori viru sech stoen. Dee Film ass zanter e Mëttwoch an de Kinoen ze gesinn an den Tom Dockal war e kucken.

auto_stories

4 min

D'franséisch Kritik schléit zanter knapps enger Woch d'Rad iwwer eng Komedie; eng franséisch Komedie wuelverstanen. Datt mir op dëser Plaz, dëser Antenne ëmmer nees gären eng ongesond Aversioun zu deem Schlag Kino maachen, ass wuel bekannt. Mee déi kënnt, maache mir eis näischt vir, och net vun ongeféier. Eng Opzielung vun deene mëttelméissege bis immens schlechte Filmer sprengt de Kader a bréngt kee Mënsch virun. An awer muss gesot ginn: de franco-komödiantesche Cru 2018 ass bis ewell iwwerduerchschnëttlech appetitlech. "Au poste !" vum Quentin Dupieux, "I Feel Good" vum Duo Delépine/Kervern, elo ganz rezent "Le grand bain" vum Lellouche. An elo also "En liberté !" - Fragezeichen? D'Inrocks schwätze vun der "comédie de l'année" an och Positif huet den neie Film vum Pierre Salvadori op d'Couverture gedréckt.

D'Adèle Haenel spillt d'Policeinspektesch Yvonne Santi. Mir léiere si kennen, wéi hirem verstuerwene Mann a Papp vum gemeinsame Kand e geschmackloost Dirty Harry ähnlecht Monument opgeriicht gëtt. Hie war en exemplaresche Flic, deen ni eppes ubrenne gelooss huet. Esou sinn dann och d'Geschichten, déi si dem Bouf all Owend virum Aschlofen zielt. Déi vum Papp als Held. Nodeems en SM-Club ausgehiewelt gëtt, stellt sech awer eraus, datt genee dësen Typ en anstännege Ripou war. E korrupten Hond. Dem Yvonne hir Welt an d'Bild vum verluerene Liewenspartner zerbrécht op der Plaz. Si fënnt eraus, datt wéinst him och onschëlleg Mënschen Zäit am Bing verbruecht hunn. Esou och den Antoine. Hie kënnt endlech op fräie Fouss a kënnt nees bei seng Fra, d'Audrey Tautou. Mee eppes stëmmt mat him net. Hien ass eng tickent Zäitbomm, déi entweder den Zigaretteverkeefer Schëmmel a Bless agresséiert oder anere Leit d'Oueren ofbäisst. D'Yvonne alliéiert sech mat him, fir him ze hëllefen, mee virun allem och fir hir Scholdgefiller lasszeginn. Dat genee esou eppes net ka riicht goen, verlaange schonns bal d'Codë vum Filmgenre.

De Pierre Salvadori ass net just nëmmen zanter Mëtt den 90er Realisateur vun enger ganzer Rëtsch vu Films a comédies à succès, mee gëtt zanter e puer Joer als wichtegen Auteur vum franséische Kino ugesinn. Vum Point de vue vun der franséischer Schoul vu Kritik ass dat ganz gutt nozevollzéien. De Salvadori ass en intelligente Filmemaacher a weess säin Dréibuch op Pabeier clever opzebauen a bis un de Schluss ze ficeléieren. Och wann de Stempel Komedie um Film opgedréckt ass, sou baut hie lues a lues seng Personnagen op. Domat refuséiert hien, fir am Minuttentakt Laachsalven ze proposéieren. Säi perséinlechen Defi, Thrillerelementer mat der Burlesk ze verbannen, ass am Fong méi e Versuch, eng Zort amerikanesche Kino aus laang vergaangenen Zäiten opliewen ze loossen.

Humor kënnt net wierklech beim Zwerchfell un

De Salvadori kennt seng Filmgeschicht an huet 100 prozenteg Lubitsch a Wilder virun den Ae gehat, wéi hien um Dréibuch geschafft huet. Bei aller Komik versicht de Realisateur e formell maitriséiert Wierk ofzeliwweren, an deem eng propper erzielte Geschicht wichteg ass an an där hirer dramaturgescher Logik d'Personnagen an deenen onsënnegste witzegen Haltungen agéieren.

Och wann ech dat nozevollzéie weess an d'Method an d'Handwierk schätzen, sou kënnt d'Resultat um Ecran an deene meeschte Situatiounen net wierklech bei mengem Zwerchfell un. D'Schreiwes ass schlussendlech dann awer ze geschriwwen an de Fonke spréngt net eriwwer. Deen heite Kritikpunkt wéi och déi, déi elo kommen, sinn héchstwahrscheinlech perséinlecher Natur, mee awer. D'humoristesch Kaskad, vun där d'Fransouse schwätzen, bleift aus. D'Koppel Pio Marmaï an d'Adèle Haenel maache sech permanent Päss, mee iergendwéi funktionéiert d'Haenel - bekannt aus "20 battements par minutes", "La fille inconnue an Orphéline" - als komödiantesche Vehikel nach net esou iwwerzeegend, wéi de Realisateur Salvadori sech dat wënscht.

"En liberté !" ass wierklech kee schlechte Film, mee am direkte Verglach mam "Grand bain" verblatzt en direkt. De formellen Usproch ass zwar méi héich, d'Exekutioun ass awer méi schwéierfälleg a kann dem Lellouche d'Waasser a Saache Liichtegkeet net wierklech reechen. Engem anere Mënsch gënnen ech op dëser Plaz natierlech de Laachkrämpchen, deen ech net hat. An ech loosse mech gär vun eppes Besserem beléieren.