Radioen

On air

Tockcity  |  Nightbus - Average Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Evolutioun vum Stroosseliewen

Lëtzebuerg City Museum

Evolutioun vum Stroosseliewen

Déi nei temporär Ausstellung am Lëtzebuerg City Museum dréit den Titel "Leit an der Stad". Kléngt banal? Déi 200 Fotoen aus der Kollektioun vun der Stater Photothéik, dem Musée selwer a Privat Fongen, hunn et awer a sech. Si weise wéi Leit a Stad, an och Foto Techniken, tëscht 1950 an 2017 changéiert hunn.

auto_stories

4 min

Stroossefotografie fänkt den net gestallten, decisive Moment am ëffentleche Raum an. Réckbléckend mécht si dat schonn zanter Enn vum 19. Joerhonnert.

Als ee vun de Pappe vum Genre gëllt de Paräisser Eugène Atget, ursprénglech geléierte Schauspiller. D'Bléi erlieft de Genre an den 30er Joren. Net just duerch d'Opkomme vun illustréierten Zeitungen oder dem ëmmer méi groussen Interessi um Alldagsliewen. Mee haaptsächlech duerch déi vill méi kompakt a séier nei Klengbildkameraen.

"Lëtzebuerger Fotografe brauche sech net ze verstoppen"

Fotografen, wéi den Henri Cartier-Bresson oder de Robert Frank hunn eise Bléck op dat franséischt an US-amerikanescht Stroosseliewen aus där Zäit bis haut gepräägt. Natierlech hunn d'Ikonen och Lëtzebuerger Fotografe beaflosst. Mee si hunn an de 50er Joren eng eegen Handschrëft entwéckelt, seet d'Anne Hoffmann vum City Museum.

"Lëtzebuergesch Fotografen, virun allem déi aus de 50er a 60er Joren, brauche sech am Vergläich mat hiren internationale Steetphotography-Kollegen net ze scheien. Hir Biller si ganz staark."

An deene leschten zwee Joerzéngten hätten d'Lëtzebuerger Fotografen och eng kloer Entwécklung duerchlieft a sech mat zäitgenëssesche Fotografen op internationalem Niveau ausernee gesat.

"Dat gesäit ee schonn eleng, wann een déi ronn 200 Fotoen ukuckt, déi mir hei ausstellen. Trotzdeem huet all Foto an all Fotograf och seng eegen Handschrëft. E Collage vun dëse villen Handschrëfte vu Lëtzebuerger Fotografe gëtt e gudden Abléck an déi lescht siwe Jorzéngte vun der lëtzebuergescher Streetphotography."

Vum Schoussmippche bei gestresste Bürosmënschen

Déi siwe Joerzéngten a Biller: Vum Schoussmippche vum Fotograf Pol Aschmann, deen houfreg tëscht den Zaldotereihen virum Palais defiléiert, wéi wann hien de Grand-Duc wier. Bis bei déi gestresste Bürosmënsche vum Patrick Galbats, déi haut laanscht den Hamilius-Chantier hetzen, ouni iergendeppes wouer ze huelen.

Pol Aschmann - Palais chien (1950)

Fir d'éischt wier eng Recherche vun deenen ale klassesch, historesche Fotoe gemaach ginn, déi duerno no Theme sortéiert goufen, seet d'Conservatrice vum City-Museum Gaby Sonnabend.

"Mir hunn d'Fotoen och no hirer ästhetescher, nostalgescher an emotionaler Wierkung erausgesicht. Mir hunn awer och déi verschidde Joerzéngte consideréiert, fir d'Entwécklung vun der Fotografie duerzestellen. Et gesäit een donieft och, wéi sech de Stil vun de Fotoen duerch eng aner Siichtweis an eng aner fotografesch Approche verännert huet."

Unhand vun de Fotoe kéint een och erkennen, wéi ënnerschiddlech d'Stad während deene verschiddene Joerzéngten ausgesinn huet, esou d'Gaby Sonnabend.

Interessant Zeenografie

Erënnert dir iech dorun, datt virun net all ze ville Joerzéngten d'Meedercher op hirer Kommunioun ausgesinn hu wéi kleng Nonnen, an d'Bouwen erausgefiizt waren ewéi héich Kierchevertrieder? Am City Museum hänkt de fotografesche Beweis, an zwar faarweg.

Interessant ass d'Zeenografie vun der Expo: D'Fotoe sinn no Kapitele sortéiert, an net a chronologescher Suite opgehaange ginn. Do hänke véier Erwuessener, déi 1980 op der Eemaische Seefeblose maachen, nieft bal trotzeg disziplinéierte Scouten, déi op enger Aart Cortège duerch d'Groussgaass vun 1968 trëppelen. Flankéiert vu Revue-Sänger aus dem Joer 1970, ze gesinn op der Bühn beim Anootmen.

Verännerung vun de Motiver iwwer d'Zäit

Eng raffinéiert Géintiwwerstellung. An och eng nei Mise-en-Valeur vun de Lëtzebuerger Fotografe Marcel Schroeder, Edouard Kutter, Batty Fischer, Pol Aschmann, Theo Mey an Tony Krier, déi an der Zäit d'Stroossefotografie zu Lëtzebuerg grouss gemaach hunn.

François Besch - Maquillage (2016)

"Ech mengen, datt sech zanter de 50er Joren och d'Auswiel vun de Bildmotiver verännert huet," seet d'Conservatrice vum City-Museum Gaby Sonnabend. "An de 50er a 60er Jore goufe ganz klassesch Motiver gewielt, déi d'Traditioune weisen: Fester an der Stad, familiär Zeenen oder eng Fra, déi op enger Bänk sëtzt."

Anescht gesinn d'Bildmotiver an de 70er an 80er Joren aus. Hei gesäit een, datt d'Fotografie méi bestëmmte Milieue portraitéiert.

"Op deene Fotoen erkennt een da Leit, déi nei an d'Land geplënnert sinn, aner Bewunner vun der Stad, wéi dat nach an deenen zwee Jorzéngte virdrun de Fall war. Duerch déi Verännerung kann een och d'Verännerung vun der Stadbevëlkerung ofliesen."