Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léiwer mam Florett gepickt, wéi mam Säbel drageschloen

Cabaret Peffermill(ch)en

Léiwer mam Florett gepickt, wéi mam Säbel drageschloen

25 Joer laang huet den Ensembel Peffermill(ch)en zu der Cabaretszeen zu Lëtzebuerg gehéiert, virun allem de literaresche Cabaret war hir Welt. 2014 huet d'Peffermill(ch)en opgehalen ze muelen. An engem Buch mat villen Illustratioune kann d'Geschicht vun der Peffermill(ch)en retracéiert ginn. An Erënnerungen, och déi vum Spectateur, gi mobiliséiert.

auto_stories

3 min

Peffermil(ch)en: v.l.n.r. Denise Ruppert, Fons Ruppert, Monique Reuter, Paul Dahm, Josiane Fritz (Foto: Roland Fritz)

25 Joer Kabarett Peffermill(ch)en heescht och 25 Joer Erënnerungen duerch Fotoen, Dokumenter, Lidder oder Texter. D'Geschicht vun der Peffermill(ch)en soll awer och en nohaltegen Aspekt kréien an net vun der Vergänglechkeet vun der Bühn bestëmmt ginn. Déi Nohaltegkeet gouf a Form vun engem Buch vum Denise a Fons Ruppert mam Titel "Peffermill(ch)en: Léiwer mam Florett gepickt , wéi mam Säbel drageschloen" realiséiert. De Fons Ruppert ass e Sammler, an huet alles wat mat der Peffermill(ch)en ze dinn hat gehalen. A wou bis decidéiert war, datt den Ensembel ophält, war déi grouss Fro: Wouhi mat deem ganze gesammelte Material?

D'Adress war séier fonnt, de Centre National de Litérature (CNL) am Servais-Haus zu Miersch. Den Archiv vun der Peffermill(ch)en war esou grouss an detailléiert, datt den Intressi vum Direkter vum CNL Claude D. Conter gestëppelt gouf. Deem seng Reaktioun war: "Dorausser maache mer e Buch."

Erënnerung an Emotioun

D'Realisatioun vum Buch wier eng Zäit gewiescht, wou vill Erënnerungen erëm héich koumen. Flott Erënnerungen u Mënschen, déi d'Auteuren als Bühnepartner oder soss als Hëllef vum Ensembel begéint huet. An d'Erënnerung u Mënschen, déi een an deene 25 Joer verluer hätt.

Dem Denise Ruppert seng Gedanke ginn an éischter Linn un d'Agathe Zeimet an de Museker Tunn Weber. Et brauch een awer kee Buch fir un si ze denken. Wann een esou laang zesumme geschafft hätt, géif ee besonnesch beim Prouwen ëmmer nees un déi Leit zeréckdenken, seet d'Denise Ruppert. "Dauernd gëtt een zitéiert, mir spillen eppes, dann denkt een ëmmer u si. Da seet een: Elo hätt hatt dat gesot, an elo hätt den Tunn esou gespillt."

Eng Zäitrees duerch d'Geschicht

Am Buch fënnt een déi ganz Geschicht vum Ensembel. Vun Ufank un, wéi den Ensembel aus dem "Rido Gasperech" iwwert de "Rido Lëtzebuerg" zur Peffermille ginn ass, a wat déi Zäit iwwerhaapt de Cabaret zu Lëtzebuerg war. 16 Programmer huet d'Peffermill(ch)en op d'Bühn bruecht: Vun all Programm fënnt een am Buch d'Affichen, de Listing mat den eenzelen Nummeren, Texter an natierlech vill Fotoen. Vill Charme hunn déi sëlleche schwaarz-wäiss Fotoen, an eng ganz Partie handgeschriwwe Manuskripter oder ganz Säiten. De Claude D. Conter huet den Inhalt vum Buch eraus gesicht, an duerch d'Handschrëft e Buch realiséiert, dat lieft.

An den Texter fënnt een handgeschriwwen Notizen, wéi "degoûtéiert" oder "goen, stoen, sëtzen". An d'Denise Ruppert seet "Dat "degoûtéiert", dat sinn déi wichteg Saachen. Dat ass am Fong wat de Fons (Ruppert) esou als Regisseur hannendru gesot huet, esou e Sub-Text ginn huet. A wéi enger Stëmmung bass de fir dat do ze maachen."

D'Peffermill(ch)en stoung vun 1989 bis 2014 fir literareschen, gesellschaftskriteschen a politeschen Cabaret, zweesproocheg an ënnermoolt mat Live-Musek.


D'Buch "Peffermill(ch)en: Léiwer mam Florett gepickt, wéi mam Säbel drageschloen" ass an der Editioun vum Centre National de Littérature eraus komm.