Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Les cahiers luxembourgeois 2.2018 sinn do

Prosa, Lyrik a Wëssenschaft

Les cahiers luxembourgeois 2.2018 sinn do

Ganz passend zu den aktuellen Evenementer zu Chemnitz ass d'Erënnerung un den däitschen Lyriker a Publizist Karl Schnog, deen 1933 aus Däitschland op Lëtzebuerg geflücht war. D'Germaine Goetzinger hat d'Duechter vum Karl Schnog kenne geléiert a sech wonnerbar op Lëtzebuergesch mat hier ënnerhalen. Mee donieft sinn an dëser Editioun vill Inéditen, Analysen a Recherchen z'entdecken. D'Valerija Berdi am Gespréich mam Ian De Toffoli, deen nieft der Elise Schmit an dem Marc Limpach zum Redaktiounskomitée gehéiert.

auto_stories

5 min

Valerija Berdi: Passend ze den aktuellen Evenementer ze Chemnitz ass d'Erënnerung un den däitsche Lyriker a Publizist Karl Schnog, deen 1933 aus Däitschland op Lëtzebuerg geflücht war. An der neier Editioun vun "Les cahiers luxembourgeois" ass d'Gedicht "Was soll ich meinen Enkeln einmal sagen" nach emol publizéiert ginn. Déi éischte Kéier stoung d'Gedicht iwwer "wirre Zeiten" 1939 an de Cahiers luxembourgeois. D'Germaine Goetzinger hat d'Duechter vum Karl Schnog kenne geléiert a sech wonnerbar op Lëtzebuergesch mat hier ënnerhalen. Mee donieft sinn an dëser Editioun vill Inéditen, Analysen a Recherchen ze entdecken. D'Valerija Berdi am Gespréich mam Ian De Toffoli, deen nieft der Elise Schmit an dem Marc Limpach zum Redaktiounskomitée gehéiert.

Ian de Toffoli: Dat zweet Heft begleet de Lieser duerch de Summer, steet am Virwuert. D'Heft ass an zwee Voleten agedeelt, an am éischten Deel si literaresch Texter ze fannen. Wat och ganz spannend ze entdecken ass, well hei eng literaresch sproochlech an thematesch Vilfalt gebuede gëtt. Méi a manner bekannt Autricen an Auteure kommen hei mat Prosa a Lyrik op Däitsch, franséisch, englesch a lëtzebuergesch ze Wuert. Wat mir awer elo besonnesch ervirgestach ass, ass der Germaine Goetzinger hiren Artikel iwwer d'Hannah Schnog, der Duechter vum Karl Schnog, dem säi Gedicht Was soll ich meinen Enkeln einmal sagen, d'Ouverture vun dëser Editioun ass. Wien war de Karl Schnog a wat huet hie mat de Cahieren ze dinn?

Och ech si bei deem Artikel e bësse méi gescheit ginn. Ech hunn deen nëmme vaguement kannt. Et war een däitsche Schrëftsteller, dee de gréissten Deel vu senger Karriär an Däitschland geschafft a gelieft huet.

Mat Lëtzebuerg verbënnt hien, datt hie virum Zweete Weltkrich Berlin verlooss huet, an op Lëtzebuerg an den Exil wunne komm ass, well hien op enger Lëscht vu "Persona non grata" vun den Nationalsozialisten drop stoung. Et gëtt déi Geschicht, datt hie vun engem Nazischlägertrupp - haut musse mer drun denken, wa mer déi Biller vu Chemnitz gesinn - zesummegeschloe ginn ass. Dunn ass e mat senger klenger Duechter geflücht. Hien huet dunn zu Lëtzebuerg gelieft an huet och - an do de Lien mat de Cahieren - op verschiddene Plazen Texter verfaasst, notamment an de Cahieren 1939.

Nom Zweete Weltkrich ass en dunn awer nees op Berlin zeréckgaangen, well e wollt beim Opbau hëllefen, a well d'Stëmmung, hei zu Lëtzebuerg, par Rapport zu den Däitschen net déi bescht.

E wichtegt Thema ass och d'Kandheet, eemol Kandheetserënnerungen an der Lëtzebuerger Literatur, um Beispill vum Roger Manderscheid a Jean Portante an dann e ganz aneren Aspekt, nämlech Ekologie a Kanner- a Jugendliteratur. Fir d'éischt dann de Bäitrag vun der Tonia Raus an hirer Ausenanersetzung mat der Balaine vum Portante an dem Schako Klack vum Manderscheid. Wat gëtt een do gewuer?

Déi zwee Bäiträg sinn een Deel vun den Akte vun enger Journée d'études, viru puer Joer op der Uni ofgehale gouf, an déi an dëser Ausgab an an där virdru verëffentlecht goufen. Et si méi komplex a gréisser Artikelen, déi méi wéi zéng oder 15 Säiten hunn, déi sech méi wëssenschaftlech mat Lëtzebuerger Literatur ausernee setzen. Beim Tonia Raus geet et virun allem ëm eng Genreanalyse, dat heescht: a wéi enger Hinsicht sinn déi zwee Bicher vum Manderscheid a vum Portante - déi jo awer eng ganz Partie ähnlech Zich opweisen, wéi d'Nokrichserfahrung, d'Nokricherënnerung, d'Erfahrunge mam Exil, d'Erfahrung, an een anert Land ze plënneren, an an engems d'Verschaffe vun dësen Erënnerungen - op enger literaresch Aart matenee verbonnen, woubäi déi literaresch Aart a Weis och am Virdergrond stinn.

Dat heescht, et geet dorëms, ze kucken, wéi de Genre vun deenen zwee Bicher, mat den internationale Standarde vun de literareschen Autobiografien an den Nokrichserfahrunge coincidéieren.

Ekologie an d'Kanner- a Jugendliteratur. De Lëtzebuerger Literaturwëssenschaftler Dr. Sébastian Thilges huet zesumme ma der Literaturwëssenschaftlerin Nathalie Prince vun der Uni vu Mans e wierk mam Titel Eco-graphies - écologie et littératures pour la jeunesse erausginn. An dëser Editioun vun de Cahieren ass dann och de Sébastian Thilges mat dëser Thematik derbäi. En interessant Thema, wat erhieft de Sébastian Thilges ervir?

Deen Artikel këmmert sech ëm rezent Wëssenschaftslinn an der Literaturwëssenschaft, an zwar, nennt een dat, d'Ekokritik. Sou wéi et eng Mythokritik gëtt, dat heescht eng Ausenanersetzung mat der Mythologie, gëtt et och eng Ekokritik. Dat ass net nëmmen eng Ausenanersetzung mat der Ekologie, oder mat dem Erhale vun der Natur an der Ëmwelt, mee et ass méi grouss gesinn: Souzesoen de Rapport vum Mënsch an der Natur an awer och der Déierewelt, zum Beispill. Wéi ginn déi Rapporte vu Schrëftsteller ugaangen? Dat ass dat, wat d'Ekokritik ervirhieft. An dësem Artikel went hien déi Theorie un, op eng Partie Kandheetswierker.

Dat ass een Artikel mat engem relativ heavien theoretesche Bagage. De Sébastien Thiltges ass ee jonken awer ganz dichtege Literaturfuerscher. Dat ass säi Spezialgebitt. Dat ass eng ganz interessant nei Linn, déi an der Literaturwëssenschaft, déi héchstwahrscheinlech elo an den nächste Joren nach vill wäert erfuerscht ginn, notamment och, well dat en aktuelle soziopoliteschen Debat ass.

All Joer kommen dräi Numeroe vun de cahiers luxembourgeois eraus. Nummer 3 misst dann nach dëst Joer erauskommen. Wat erwaart eis do?

D'Nummer 3 ass fir November geduecht. Déi kënnt fir d'Walfer-Bicherdeeg eraus. A vu, datt dës Nummer an déi lescht Nummer méi heavy an de wëssenschaftlechen Artikele waren, wäerte mer an der Nummer 3 erëm bësse méi Poids op literaresch Inédite leeën. Dofir schaffe mir mat der Walfer Gemeng zesummen a bidden zwee Auteuren d'Plattform vun de Cahieren, fir Texter ze schreiwen, mat engem thematesche Bezuch zum Thema vun de Walfer-Bicherdeeg, wat dëst Joer, en gros, de Patrimoine ass. Déi Texter ginn dann an eisen Hefter verëffentlecht.

Och wann déi Nimm elo feststinn, bewahren ech elo awer nach e bëssen d'Geheimnis. Ufank Oktober ginn déi Nimm da publizéiert.