Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Les frontalières - die Grenzgängerinnen

Theater

Les frontalières - die Grenzgängerinnen

Les frontalières - die Grenzgängerinnen ass en Theaterprojet vun der Theaterregisseurin Sophie Langevin. Op der Bün si véier Schauspillerinnen, déi de franséischen, belschen, däitschen a lëtzebuergesche Fraen eng Stëmm ginn, fir esou e Portrait vun de Frontalièren ze zeechnen. E dokumentarescht Stéck, dat am Escher Theater gewise gouf an deemnächst och als Podcast soll eraus kommen.

auto_stories

4 min

Véier Temoignagë vu véier Fraen, en Echantillon vun de ronn 7.0000 Fraen, déi all Dag iwwer déi däitsch, franséisch a belsch Grenz komme fir hei zu Lëtzebuerg ze schaffen. Wéi erliewen si et am Ausland ze schaffen, deelweis vill Kilometere mussen ze fueren, d'Famill, d'Aarbecht an d'Fräizäit ënner een Hutt ze bréngen, mat de Virurteeler op den zwou Säiten a sozialen Ongerechtegkeeten eens ze ginn? E weideren Temoignage ass dee vun enger Lëtzebuerger Fra, déi iwwer der Grenz lieft, well si sech eben d'Wunnen hei ze Lëtzebuerg net leeschte kann.

Véier verschidde Portraiten

Eng sëlleg Interviewen huet d'Theaterregisseurin Sophie Langevin mat Frae gefouert, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, fir doraus véier representativ Portraiten op d'Bün ze bréngen. Véier Fraen, véier verschidde Beruffer, verschidden Alter, verschidde Familljesituatiounen.

D'Nora Koenig spillt eng jonk Lëtzebuerger Affekotin, déi huet missen an Däitschland plënneren, d'Aude-Laurence Biwer an der Roll vun enger franséischer Coiffeuse, d'Andrea Quirbach eng däitsch pensionéiert Aide-soignante, déi bis zu hirer Pensioun an engem Altersheim geschafft huet an d'Bach-Lan Lê-Bà Thi,eng Beamtin am Europaparlament.

Eng no der anerer stelle sech vir, am Hannergrond lafe Biller, Opzeechnunge vum alldeeglechen Zoustand op eisen Autobunnen. Si erzielen iwwer de laangen, dacks komplizéierten Trajet, iwwer den onméiglechen ëffentlechen Transport, iwwer d'Aarbechtskonditiounen an d'Paien, déi hei besser si wéi an hire Länner, iwwer d'Reaktioune vun hiren Noperen a Bekannten an doriwwer, wéi si hei vun de Mënschen wouergeholl ginn. Et sinn déi zwee Aspekter, déi thematiséiert ginn, déi gesellschaftlech-politesch Situatioun, awer och déi ganz perséinlech.

Realistesch Rollen

Et keeft een de véier Schauspillerinnen hier Rollen absolut of, et vergësst een effektiv mam Momenter, datt et net reell Temoignage sinn, Veronsécherung wiesselt sech of mat Zefriddenheet, eng gewësse Middegkeet a Verzweiwlung mécht ëmmer erëm Plaz dem Courage an der Kraaft an ëmmer rëm Momenter vu Resignatioun a grad esou Liewensfreed.

Et ass eng Sich no Wierder fir déi eege Gefiller a Gedanken auszedrécken, e Bléck op d'Ongerechtegkeeten, wéi zum Beispill, datt ee kee Chômage vu Lëtzebuerg kritt, wann ee seng Aarbecht hei verléiert, obwuel een hei abezilt, de Problem vun de Sproochen, mat deem een all Dag konfrontéiert gëtt, an duerch dat alles den Androck op kenger Säit akzeptéiert ze ginn. Trotz der Opzielung vun den negativen Aspekter, ass et kee Gesouers, kee Lamentéieren, mee e Liewen a Schaffe mat Fakten, déi net all angeneem sinn.

Dann en zweeten deel, wou déi véier Fraen un enger Table ronde deel huelen, eng Moderatrice, gespillt vun der Sophie Langevin an och eng Traductrice d'Claire Wagner, déi och d'Regieassistenz gemaach huet, iwwerhëlt dës Roll.

Et soll en Austausch sinn tëschent de Fraen, deen awer net richteg geléngt. Et kënnt ze kengem Dialog, wat eng Absicht ka sinn, mee donieft kommen hei keng nei Informatiounen oder Theesen op den Dësch, et sinn haaptsächlech Widderhuelunge vun den Aussoen, déi gemaach goufen.

Den Impakt vun der Pandemie

Natierlech spillt och de Coronavirus mat all senge Konsequenzen eng Roll an dësem gesellschaftlechem a politeschem Stéck. D'Grenzen zu den Nopeschlänner krute jo an dëser Pandemie-Zäit eng u sech scho laang vergiesse Bedeitung, déi fir Mënschen, déi all Dag iwwer d'Grenz fuere mussen eng weider Suerg an hirem Alldag mat sech bréngt.

A wéi d'Liewen et esou wëll, huet dann och de Lockdown seng Realitéit och fir dëst Stéck mat sech bruecht. Zwou vun de Schauspillerinne liewen och déi aner Säit vun der Lëtzebuerger Grenz a wat dat fir d'Prouwe bedeit huet, déi d'lescht Joer am Mäerz ugefaangen hunn, dat kann ee sech wuel denken.

Op alle Fall e Stéck, dat enorm wichteg ass an net just engem avertéierte Publik soll zougänglech sinn, mee do huet jo d'Equippe ronderëm d'Sophie Langevin schonn hir Pläng.