Radioen

On air

Tockcity  |  Noah And The Loners - Crash Landing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Les Justes – Gerechten an ongerechten Terrorismus

Theater

Les Justes – Gerechten an ongerechten Terrorismus

1905 hu sozialistesch Revolutionär en Attentat op de Grand-Duc Sergei gemaach. Dëse brutalen Akt war d’Basis fir dem franséischen Dramatiker a Philosoph Albert Camus säin Drama “Les Justes”. En Theaterstéck, dat sécher zu de grousse Klassiker vun der Bühneliteratur gehéiert. "Les Justes" ass am Théâtre du Centaure an enger Mise en scène vun der Marja Leena Junker ze gesinn.

auto_stories

2 min

Zeen aus "Les Justes" am Théâtre du Centaure

D’Marja Leena Junker huet “Les Justes” schonn emol virun 20 Joer inzenéiert. Si fënnt, et wier ouni Zweiwel och en Theaterstéck, dat een den Ament sollt spillen. Esou kéinte virun allem jonk Leit sech mat den Themen a Froen aus “Les Justes” ausernee setzen. Froen ewéi: "Huet een d’Recht e Mënsch dout ze maache fir d’Fräiheet weiderzebréngen? Huet een d’Recht e Kand z'ermorden, am Numm vun der Fräiheet? Wou sinn d’Limiten?" Fir d'’Regisseurin Marja Leena Junker sinn dat fundamental Froen, besonnesch an enger Zäit wou mir Dag fir Dag mat Terrorismus konfrontéiert sinn.

De Camus fir jonk Leit

Den Théâtre du Centaure wéilt mat "Les Justes" erreechen, datt jonk Leit nodeems si d'Stéck gesinn hunn, driwwer schwätzen, erzielt d'Marja Leena Junker.. "Les justes" baséiert op engem Attentat aus dem Joer 1905. Wann een déi Dot mat haut vergläiche géif, da misst ee Parallelle gesinn. "Wat géif ee maache fir d'Gesellschaft z'änneren? Wier ee prett Waffen ze huelen a Mënschen doutzemaachen?"

De President, e wichtege Politiker, e Kinnek oder soss eng Persoun mat Afloss ëmbréngen, kéint dat eng Gesellschaft änneren oder net, freet d'Marja Leena Junker. Well hautdesdaags wier d'Gesellschaft, och eis, ongerecht. "An et weess een emol net wien een eliminéiere soll fir e Changement ze kréien."

Vu lénkspoliteschem bis reliéisen Terrorismus

An hirer Mise en scène vu "Les Justes" vermëscht d'Regisseurin d'Epoche mateneen. Et gëtt net am Geescht vum Ufank vum 20. Joerhonnert gespillt. Mee et gouf sech och un der Terrorzäit vu RAF oder Rout Brigaden inspiréiert. D'"RAF" an Däitschland, d'"Rout Brigaden" an Italien oder d’"Action directe" am Frankräich stounge fir lénkspoliteschen Terrorismus. Haut géife mir d’Brutalitéit vum reliéisen Terrorismus erliewen, esou d'Regisseurin. Si fënnt, et gi vill Gemeinsamkeeten tëscht deenen zwee.

Gläichzäiteg misst een awer ee fundamentalen Ënnerscheed ernimmen, tëscht den Terroriste vun haut an deenen, déi Camus als "Meurtriers délicats" beschreift. Hautdesdaags géifen d'Terroristen onschëlleg Mënschen attackéieren an doutmaachen. An et géif keng Relatioun tëscht deene Mënschen ginn, déi stierwen an dem reliéisen Zil vun den Terroriste ginn.

Der Marja Leena Junker hir Mise en scène vu “Les Justes” am Théâtre du Centaure stellt deemno an éischter Linn Froen. Äntwerte fannen, dierft awer keen einfachen Defi sinn …

________________________________________________________________________________

Les "Justes" vum Albert Camus an enger Mise en scène vun der Marja Leena Junker ass bis de 19. Mäerz am Théâtre du Centaure, "Am Dierfgen" an der Stad ze gesinn.