Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Les Misérables

Festival de Cannes 2019

Les Misérables

Deen zweete Beitrag an der offizieller Kompetitioun um Film Festival zu Cannes ass e beweegende Film, mat engem haarde sozialen Hannergrond. Op Aenhéicht gefilmt, geléngt et dem Realisateur ganz no u jonk Fransouse mat afrikaneschen Originnen erunzekommen, grad wéi un d'moralesch Consideratioune vun deene Polizisten, déi si iwwerwaache sollen.

auto_stories

3 min

An der offizieller Kompetitioun huet dee franséische Beitrag "Les Misérables" vum Ladj Ly fir eng éischt Iwwerraschung gesuergt. Besser bekannt als Schauspiller beim franséische Videaste Kollektiv Kourtrajmé, huet de Ly hei mat enger erstaunlech gefillsvoller Approche säin éischt Wierk op der Croisette presentéiert.

De Film spillt sech zu Montfermeil, am Département Seine-Saint Denis of, och nach als 93 bekannt. De Ly ass do opgewuess, hie schwätzt also vun enger sozialer Realitéit, déi hie gutt kennt, an dat spiert een. Et ass dann och keen Zoufall, datt den Titel vum Film en Hommage un dem Victor Hugo säi Roman "Les Misérables" aus dem Joer 1862 ass. Den Hugo huet sech deemools fir d'Liewen vun den aarme Leit zu Paräis an an der franséischer Provënz am 19. Joerhonnert interesséiert, a méi genee fir d'Schicksal vum Prisonéier Jean Valjean.

"La loi, c'est moi"

De Ladj Ly dréit de Spiiss hei awer ëm, andeems hie sech an d'Haut vun engem Polizist versetzt, dee vu Cherbourg op Montfermeil kënnt a sech do an d'knallhaart Realitéit vun der anti-krimineller Brigade aliewe muss. Deen Integratiounsprozess ass an enger éischter Phas schwiereg. Seng zwee nei Cor-Equipéien, de Chris an de Gwada, hunn alle béid scho vill Gewalt an hirem Alldag matmaache mussen.

De Chris zéckt dann och net virdrun, e puer jonk flott Meedercher op der Strooss, wéinst engem harmlose Joint zur Rechenschaft ze zéien. Hie geet da souguer sou wäit, datt hien engem vun de Meedercher, dat säi sadistescht Behuele filmt, den Handy ofhëlt an deen um Buedem explodéiere léisst. "La loi, c'est moi", seet de Chris.

Batter Konsequenzen

Den Zesummebroch vun dëser Logik léisst dann och, duerch e Lapsus vum Gwada, net laang op sech waarden. An deen huet batter Konsequenzen. E klengen Zirkusléif gëtt geklaut, an d'Fronten tëschent den Zigeiner an de Fransouse mat afrikaneschen Originne verhäerte sech.

De klengen Issa, deen eng no där anerer komme léisst a responsabel fir dëse Vol ass, gëtt vun deenen dräi Brigadieren an net koscheren Ëmstänn festgeholl, déi och nach dobäi vun engem Jonke mat enger Dron gefilmt ginn.

Duerch säi frësche Bléck op d'Situatioun, deen natierlech zur selwechter Zäit och dem Zuschauer säin ass, ass de Stéphane, deen neie Brigadier, deen eenzege mat moralesche Bedenken, deen net bei allem matzitt, wat seng zwee Acolytten him virliewen. Virun allem dann net, wann et bis ëm d'Kanner geet, déi am Endeffekt d'Problemer vun der Generatioun vun hiren Elteren auszedrénke kréien, déi selwer Affer vun engem ekonomesche Misär sinn. Mee ganz séier geréit hien an en interne Widdersproch, deen an engem emotional staarken Duell tëschent him an dem Issa säin Enn fënnt. Dat Kand, dat hien ursprénglech schütze wollt, muss hien elo mat Gewalt konfrontéieren. Et ass dëse Vis-à-vis, deen déi verfuere Situatioun op de Punkt bréngt.

En Zäitzeie vun engem schwieregem Liewen

De Ladj Ly huet hei net just e wichtegt soziaalt Zäitdokument geschaaft, mee virun allem en emotionaalt. Op eng ganz mënschlech Aart a Weis gëtt hei un d'schwiereg Liewenssituatiounen an der Banlieue alt erëm op en neits erënnert.

Do wou de Kampf ëm dat blankt Iwwerliewe just nach duerch eng erofkomme Selbstjustiz méiglech ass, gëtt hei d'Temperatur vun enger ganzer Gesellschaft op genee där richteger Plaz geholl. An déi huet Féiwer.