Video Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse
D'Frankfurter Buchmesse huet no engem Joer Paus seng Dieren dëst Joer vum 20. bis de 24. Oktober opgemaach.

Et ass eng Bicherfoire, déi sech virun allem u Bicherediteure riicht, mee de Weekend ass och de grousse Public wëllkomm. Och Lëtzebuerger Editiounshaiser an hir Schrëftsteller:inne sinn op der Plaz.
Gedroen an organiséiert vum Departement Literatur an Editioun vu Kutur | lx sinn net just Bicher exposéiert, mee och eng Rei Diskussiounen ronderëm d'Buch sinn organiséiert.
Eis Kultur-Journalistin Valerija Berdi moderéiert eng Table ronde zum Theema "Bookbloggers : new experiences". Invitéë sinn den däitsche Instagram-Blogger Florian Valerius an de Lëtzebuerger Blogger Jérôme Jaminet.
Am Virfeld huet d'Valerija Berdi dem Kerstin Thalau erkläert, wourëms et geet.