Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Buchpräis 2018

Literatur

Lëtzebuerger Buchpräis 2018

Den Nico Helminger ass mat sengem Romanwierk "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge" de Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis. D'Literaturpräisser, déi vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren all Joer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg organiséiert ginn, sinn zu Walfer iwwerreecht ginn. Nieft der Literatur sinn och Kanner- a Jugendbicher, sou wéi an enger weiderer Kategorie e Sach- oder Konschtbuch ausgezeechent ginn. Da gëtt et nach de Publikumspräis an de Coup de Coeur vum Jury, deen dëst Joer un d'Nathalie Ronvaux gaangen ass fir hire Roman "Subridere - Un aller simple".

auto_stories

2 min

Direkt mat zwee Gewënner konnten Editions Binsfeld gëschter Owend ofraumen. An der Kategorie Literatur hat de sechskäppege Jury de Servais-Präis-Gewënner Nico Helminger als dat bescht Wierk ausgewielt. "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch dengen Deeg an der Loge" ass grad wéi d'Gewënnerbuch an der Kategorie Kanner- a Jugendliteratur am Binsfeld-Verlag publizéiert. "Wooow Lëtzebuerg" - vum Thomas Schooss a Keong A-Song konnt de Jury iwwerzeegen.

An der weiderer Kategorie Sach- a Konschtbuch huet d'Wierk "Eugène Mousset, Le maître d'Esch - Der Escher Meister" den éischte Präis gewonnen. E Buch aus dem Haus Schortgen, an deem sech de Luciano Pagliarini an d'Laura Caregari mam Liewen a Wierk vum Escher Moler befaasst hunn.

Publikumspräis a Coup de coeur vum Jury

Et gouf och nach de Publikumspräis, deen ass dëst Joer un de Mike McQuaide gaange fir "An American in Luxembourg" a koum bei Editions Saint-Paul eraus.

E besonnesche Präis ass de Coup de Coeur vum Jury. Deen ass un d'Nathalie Ronvaux an hire Roman "Subridere. Un aller simple" gaangen - an domat ass Editions Hydre déi drëtte Kéier hannereneen de Gewënner vun dësem Jury-Präis. D'Nathalie Ronvaux huet op de Räichtum vun der Villsproochegkeet zu Lëtzebuerg gewisen, an datt deen och an der Literatur muss gefërdert ginn.

Eng traureg Veranstaltung

Fir de Rescht war et dëst Joer eng éischter traureg Veranstaltung. Vill Autorinnen an Auteure waren net present. Vun den Nominéierte grad wéi vun de Gewënner goufe vill Gesiichter vermësst. Weder den Nico Helminger nach de Luciano Pagliarini an d'Laura Caregari waren op der Plaz fir hir Präisser entgéint ze huelen. Nach war de Jury komplett.

A Propos Jury, et ass och all Joer een Designer Member vum Jury, well et gëtt nach e weidere Prix special: ee Buch gëtt fir säin Design ausgezeechent. Dës Kéier war et der Marie-Hélène Lebeau-Taschereau hiert Wierk "Histoires de Familles". E Buch, dat bei Maison Moderne publizéiert ass an et war den Designer a Jurysmember Laurent Daubach, deen d'Ausgesi vum Buch erkläert an d'Auszeechnung begrënnt huet.

Et war bal eng onheemlech Auszeechnung - keng Autorin, kee Vertrieder vum Verlag, mol net e Buch, mol net e Bild vum Buch ass dem Publikum zu Ae komm. Mee den nächste Buchpräis kënnt bestëmmt.