Déi Schrëftsteller:innen, déi sech d'Sandrine Ronvaux erausgesicht hat, sinn de Romain Butti, de Gast Groeber, de Ian De Toffoli, de Tullio Forgiarini, d'Claudine Muno an d'Nathalie Ronvaux.
Fir hir Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" huet sech d'Kënschtlerin op d'Sich gemaach no deenen Elementer, déi d'Texter vun de verschiddenen Autor:innen ausmaachen.
D'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn mat der Sandrine Ronvaux iwwer hir Approche geschwat an hunn sech mat de Schrëftsteller:innen doriwwer ënnerhalen, wéi si un hir Texter eruginn a wat hinne beim Schreiwe wichteg ass.