Radioen

On air

Notturno  |  Cloth - Never Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lien tëscht Spectateur a Kënschtler stäerken

Escher Theater

Lien tëscht Spectateur a Kënschtler stäerken

Den Escher Gemengerot huet ënnert den néng agereechte Kandidaturen déi vum Carole Lorang zréckbehalen. D'Regisseurin an déi aktuell Presidentin vun der Lëtzebuerger Theaterfederatioun ass als nei Directrice vum Escher Theater nominéiert ginn. An hirer neier Positioun huet si vill Pläng an Iddien.

auto_stories

3 min

D'Carole Lorang, déi nei Directrice vum Escher Theater

Eent vun hire groussen Ziler wier et, de Lien tëscht dem Spectateur an dem Kënschtler ze verstäerken. Si wéilt wierklech Theater fir d'Leit vun Esch a fir déi ganz Regioun maachen. Dofir wéilt si sech Konzepter ausdenken, wéi een de Spectateur anescht kéint integréieren. D'Carole Lorang ka sech och virstellen, de Spectateur an de kreative Prozess mat anzebannen.

Dofir géif si den direkten Echange sichen, fir erauszefannen, wat d'Interessien vun deenen eenzelen potentielle Spectateure sinn. Déi nei Directrice vum Escher Theater wënscht sech awer och, datt ee mat de Kënschtler a mat de Kollektiven nei Weeër kéint goen. Et wier och wichteg, interdisziplinär a mat deenen anere Kulturinstitutiounen ze schaffen.

Musek géif eng wichteg Roll zu Esch spillen. D'Carole Lorang interesséiert sech beispillsweis och fir Musiktheater. Do kéint een dann och de Public mëschen, sou datt de Public, dee sech soss méi fir Musek interesséiert, och mol kéint an den Theater kommen, an ëmgedréint.

Theater fir grouss a kleng

D'Carole Lorang fänkt am Mäerz als nei Directrice vum Escher Theater un. Bis Juli huet si awer nach Ënnerstëtzung vum Charel Müller. Si wéilt dovu profitéieren, fir sech an där Zäit mat all de Servicer an Associatiounen ze treffen.

Ee Schwéierpunkt soll de Kanner- a Jugendtheater sinn. Dofir wéilt d'Carole Lorang mat de Schoulen zesummeschaffen, souwuel mat der Ecole fondamentale wéi och mam Lycée. Et wier wichteg, datt een als Kand a Kontakt kënnt mam Theater, an och mat engem Kënschtler. Duerno wier et als Erwuessenen och vill méi einfach, an den Theater ze goen. D'Carole Lorang wéilt eppes fir d'Famille maachen an e Kaderprogramm ubidden, fir datt d'Leit och nom Stéck nach am Theater bleiwen. Dofir misst ee sech lauter kleng Initiativen ausdenken. Dat wier eng Saach vun der Zäit, esou déi nei Directrice vum Escher Theater.

Theater net "en otage" huelen

Perséinlech wéilt si net komplett mat Theaterregie ophalen, och wa si "vill vill manner" Regie géif maachen. Si wier a Gespréicher mam Schäfferot zur Konklusioun komm, datt et gutt wier, wa si awer reegelméisseg, eemol am Joer, eng Mise eng scène géif maachen. Dat kéint och e Plus fir den Theater sinn.

Dofir géif si da mat deene Kënschtler schaffen, mat deene si elo schafft. Dat wier hir wichteg. Déi Leit wiere responsabel fir déi kënschtleresch Aarbecht, déi d'Carole Lorang all déi Jore gemaach hätt. Mä si géif sécherlech den Theater net "en otage" huelen, fir sech als Regisseurin ze profiléieren.

D'Carole Lorang huet Theaterregie a Schauspill um Institut national supérieur des arts du spectacle et des techniques de diffusion zu Bréissel studéiert an huet 15 Joer als Regisseurin zu Lëtzebuerg, awer och an der Belsch an a Frankräich geschafft. Mam Auteur an Dramaturg Mani Muller huet si "La compagnie du grand Boube" geleet. Als nei Directrice steet si elo virun enger neier Erausfuerderung.