Radioen

On air

De Moien  |  Nick Cave & The Bad Seeds - Wild God

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liewen am Bild oder Liewen als Bild?

Kulturchronik

Liewen am Bild oder Liewen als Bild?

Mir ginn ëmmer méi obsedéiert vu Biller. D'Danièle Wecker retracéiert dëse strukturelle Wandel a kënnt zur Konklusioun, datt mir d'Welt haut als Bild wouerhuelen. An datt mir d'Bild als méi reell ugesinn.

auto_stories

5 min

© olly2 / Bigstock

Datt mir als Gesellschaft am 21en Joerhonnert obsedéiert si mat Biller, kann een an all Sonndes-Feuilleton noliesen. Spéitstens wann ee kee Gespréich méi ka féieren, ouni dass engem Fotoen um iPhone vu sëlleche Kanner, Hënn, Katzen, neien Autoen, verschiddene Faarfmustere fir déi nei Tapéit oder de Summer Vakanzen ënnert d’Nues gehale ginn, freet ee sech net nëmme wéi et konnt esou wäit kommen, mee wat am Kär vun eiser Bild-Existenz läit.

Fir ze verstoe wou mir sinn, musse mir vläicht verstoe wou mir hierkommen. Mir kënne praktesch bis an d’Zäit vun der Industrialisatioun zréckgoen. Hei fënnt sech e radikalen Ëmbroch, deen eng nei Existenz aféiert. Ugefange mat der Eisebunn an der konsequenter Aféierung vun engem homogenen Zäitsystem, a weidergefouert duerch divers Bild an Toun Apparature wei Radio, Fotografie an natierlech Kino, duerchlieft d’Mënschheet e radikale Broch. Dës Notioune sinn enk verbonne mam technesche Fortschrëtt an enger grenzeloser Mobilitéit. Wat dësen Zäitalter awer virun allem aféiert ass eng Restrukturéierung vu Subjektivitéit, déi ënnert kapitalistesche Prinzipie vu Séparatioun, Échange, Zirkulatioun a Kontroll fonctionnéiert. Sou gouf am 18. Joerhonnert fir d’éischte Kéier en Aarbechter fir en Deelaspekt vun engem produktive Prozess benotzt wei zum Beispill um Fléissband an enger Fabrik. Gläichzäiteg gouf eng gelieften Zäit artificiell ënnerdeelt an Aarbecht a Fräizäit.

Och Visioun huet sech radikal geännert. Wou virdrun ugeholl ginn ass, dass de Mënsch säi visuelle Stimulus vu baussen, also aus der Welt bezunn huet, huet besonnesch de Medium vun der Fotografie dës Usicht radikal op d’Kopp gehäit. Visioun a Perceptioun wandele sech vum Universellen an eng Notioun vu Perspektiv. Dëst huet zur Folleg, datt eis Welt zum Bild gëtt an deem d’Bild als méi reell wouergeholl gëtt. Dëse Paradox strukturéiert déi modernistesch Gesellschaft.

Welt-Presentatioun iwwersetzt sech a Re-Presentatioun. Sou schreift d’Lëtzebuerger Wort den 1en Juli 1901 iwwer de Kinematograph: "Dieses neue Verfahren, das dem Lichte eine plastische Bildkraft abgewinnt, fügt sich harmonisch in die Reihe der Erfindungen ein, die das Individuellste des Menschen über das körperliche Ende hinaus in die Zukunft hinüber retten." Den Apparat - net de Mënsch - gëtt als Retter vun Perceptioun gefeiert.

D’Opmierksamkeet a Perceptioun vum Sujet gëtt an deem Sënn restrukturéiert, datt de Mënsch sech selwer kontrolléiert. Duerch zum Beispill den Apparat vun der Televisioun riicht en Individuum seng Opmierksamkeet net méi op en ëffentleche Raum, mee, no enger kapitalistescher Ideologie vun Opdeelung gëtt d’Perceptioun artificiell dirigéiert vun engem Apparat am private Raum. Hei kéint ee vun enger Ideologie vu Masse-Kontroll schwätzen.

A firwat loosse mer dat mat eis maachen, wou eis Fräiheeten eis anscheinend esou wichteg sinn? Ma ganz einfach. Dëse Prinzip vu Kontroll funktionéiert nëmmen ënnert der Illusioun vu Partizipatioun an Interaktivitéit.

Individuell an kierperlech getrennt liewe mir an enger permanenter Illusioun vu Partizipatioun, besonnesch mat Vue op déi sëllech medial Plattformen op deene mer eis beweegen. Mir kafen, liken an kommunizéiere virtuell. Dës virtuell Liewenswelt gëtt eis als interaktiv an als Fräiheet verkaaft. Dobäi war eist Handelen nach ni esou staark kontrolléiert. Kafe mer eppes um Internet, gëtt eis Opmierksamkeet gesteiert an deem mer duerch Suggestiounen oder sougenannte Cookies weidergeleet ginn. Eng aner Konsequenz vun enger virtueller Liewenswelt ass déi, datt mer eis Welt ëmmer méi als Bild wouerhuelen. Gi Leit no engem schlëmmen Événement interviewt, soe si dacks, datt et war wei am Film. Dëst weist, datt mir mëttlerweil de Bild-Apparat als méi reell wouerhuelen, wei eis gelieften Existenz. Och verkafe mir eis Existenz selwer als Biller entweder op Facebook oder natierlech um Paradebeispill vun Instagram. Hei verwësche Grenze vu Persona a Persoun. Als Konsequenz liewe mer an engem gesellschaftleche Paradigma an deem een zum Beispill um Flughafe muss senger Passfoto gläichen amplaz ëmgedréint.

Dëse Paradigma huet relativ sérieux Konsequenzen. Wat nämlech an sou engem virtuelle Bild-Denke geschitt, ass, dass den ethesche Raum ewech fält, well en net méi un eng geliefte Materialitéit gebonnen ass. Et ass net esou, datt de Mënsch u sech onethesch handelt, et ass de Fait datt en elo ethesch agéiert an deem e virtuell an abstrakt Petitoune liked oder pseudo-humanitär Biller mat inspiréierende Spréch um Facebook deelt. Déi virtuell Kettebréiwer am Sënn vun "Deel dëst wann s de dech asetz fir …" kenne mir all. Leider bleift esou een Handelen ouni materiell Konsequenz. Politesch Partizipatioun geet ënner an engem Wandel vu Welt zu Weltbild. Eng einfach Léisung presentéiert sech natierlech net, wann et ëm gesellschaftlech Norme geet, déi eis Liewenswelt strukturéieren. An dat hei ass och kee romantiséierten Nostalgie-Bäitrag, deen e Récktrëtt an eis agrar Gesellschaft fuerdert. Wann een awer den Ursprong vun eiser Bild-struktureller Existenz versteet, hëlt ee sech u sech schonn eng Notioun vu Kontroll zréck a kann ee säin Handelen deementspriechend erëm nei strukturéieren. An deem Sënn kennt Dir dëse Bäitrag gäre liken a sharen.