Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Life of Che": En argentinesche Bléck op den Che Guevara

Graphic Novel

"Life of Che": En argentinesche Bléck op den Che Guevara

"Life of Che" vum Zeenarist Héctor Germán Oesterheld an den Zeechner Alberto an Enrique Breccia war déi éischt Comic-Biographie vum Che Guevara a koum eigentlech schonn 1969 an Argentinien eraus. D'Buch gouf vun der Militärdiktatur verbueden an zerstéiert, mee dës restauréiert Editioun erlaabt eis, d'Mythologiséierung vum Che kuerz no sengem Doud op en Neits ze entdecken - an dat an engem dichten, poetesche Stil.

auto_stories

4 min

Viru biographesche Comicke konnt ee sech an de leschte Jore kaum retten. "Life of Che: An Impressionistic Biography" vum Zeenarist Héctor Germán Oesterheld an den Zeechner Alberto an Enrique Breccia ass allerdéngs eng besonnesch Comic-Biographie.

Si ass ursprénglech am Januar 1969 erauskomm, e bëssi méi wéi ee Joer nom Che sengem Doud. De Comic staamt en plus aus Argentinien, also aus dem Gebuertsland vum Che Guevara, an ass dofir net nëmmen zäitlech, mee och geographesch no u sengem Sujet drun.

Eng spannend Entstehungsgeschicht

D'Wierk huet alles an allem eng abenteuerlech a brisant Entstehungsgeschicht, déi een och an der Dokumentatioun vun dëser neier Editioun vum Verlag Fantagraphics noliese kann.

D'Militärdiktatur am Argentinie vun de spéide Sechzegerjoren huet eng Allianz mat den USA gesicht, esou datt d'Publikatioun vun engem Che-Comic u sech schonn e rebelleschen Akt war. Bis op den Auteur haten d'Kënschtler all e Pseudonym an der éischter Oplo, déi e grouss Succès war, mee wéi ze waarden direkt verbuede gouf.

Bei enger Razzia am Verlag goufen och d'Originalzeechnunge beschlagnaamt an héchstwarscheinlech zerstéiert. Den Héctor Germán Oesterheld ass selwer spéider en Affer vun der Militärjunta ginn: Hie gouf 1977 entféiert an ass ni méi opgetaucht.

"Life of Che" gliddert sech an zwee Erzielsträng. Eng Kéier erliewe mer dem Che Guevara seng lescht Missioun, säi Guerillakrich a Bolivien, wou e schliisslech gefaange geholl an exekutéiert gouf.

Mythologiséierung vum Che Guevara

Parallel dozou ginn a Réckblenden déi zentral Episoden vum Che sengem Liewenslaf erzielt: zum Beispill sengen Reesen duerch Latäinamerika als jonke Medizinstudent, wou en d'Misär vun de Bauere gesinn an decidéiert huet, eppes dogéint ze ënnerhuelen, oder d'kubanesch Revolutioun un der Säit vum Fidel Castro, no där de Che zum Politiker an Diplomat gouf, ier en sech erëm zum Beruffsrevolutionär gemaach huet.

Et sinn dat alles Episoden, déi ee sécherlech aus anere Bicher oder Film an esou weider kennt. Vill Neies kann ee vun engem Wierk aus där Zäit, engem kuerze Wierk mat knapps 80 Säiten, wuel och net erwaarden.

Trotzdeem ass d'Perspektiv vum Comic op den Che spannend, well een d'Mythologiséierung vun där Figur a senger Heemecht quasi live materliewe kann.

"Life of Che" ass keng platt Propaganda, déi hiren Held als Hellege präsentéiert. Den Che Guevara huet och seng mënschlech Säiten am Buch, mee Kritik un him fënnt ee keng.

Den Oesterheld als Auteur wëllt ganz kloer engem jonke Public a Latäinamerika an och aneren Deeler vun der sougenannter Drëtter Welt den Che als Modell vun engem Mënsch presentéieren, dee sech géint kolonial Herrschaft revoltéiert.

Zwee Zeechner, änlech Stiler

Déi zwee Zeechner sinn interessanterweis fir ënnerschiddlech Deeler vum Comic verantwortlech. Vum Alberto Breccia - deen als bedeitendste südamerikanesche Comiczeechner gëllt - sinn d'Sequenzen a Bolivien, vum Enrique, sengem Fils, sinn d'Réckblenden.

Allgemeng sinn d'Stiler vun deenen zwee Brecciaen änlech. Si zeechnen relativ däischter Biller mat staarke Kontraster; an der Molerei géif ee vun engem Chiaroscuro schwätzen.

Mee beim Enrique bleiwen d'Biller ëmmer realistesch, wärend se beim Alberto deelweis och an eng expressionistesch Richtung ginn an un Holzschnëtter aus dem fréien 20. Joerhonnert erënneren, wat sécherlech och en Afloss vun de Zeechner ass.

D'Biller hunn e héije kënschtlereschen Usprooch a sinn net ëmmer licht ze entzifferen - wat och fir d'Texter gëllt. Den Héctor Germán Oesterheld huet e dichten, bal scho poetesche Schreifstil mat villen Allusiounen, heiansdo och mat vill Pathos.

Et ass e Stil, dee wéineg erkläert, an hei kann een der Editioun och eng kleng Reproche maachen. Obwuel d'Dokumentatioun allgemeng gutt ass, feelen nämlech Informatioun zum historeschen Hannergrond, sou dass een dacks Saache muss noschloen.

Ee Produit vu senger Zäit

Life of Che ass e Buch fir historesch interesséiert Lieserinnen a Lieser, well den historeschen Aspekt, net nëmmen wat d'Geschicht vum Che Guevara, mee och wat déi vum Comic ubelaangt, mécht e groussen Deel vun Interêt vum Comic aus.

Et ass kloer e Produit vu senger Zäit an bitt engen d'Geleeënheet, e Stéck südamerikanesch Comicgeschicht esou wéi eng zäitgenëssesch südamerikanesch Perspektiv op de Che Guevara kuerz no sengem Doud ze entdecken.