Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Diana Ross - Love Hangover

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schreiwen, lauschteren, diskutéieren

LiteraTour 2016

Schreiwen, lauschteren, diskutéieren

Tëscht dem 9. a 24. Abrëll steet Beetebuerg ganz am Zeeche vun de Biicher. Bei der véierter Editioun vum LiteraTour kommen och aner Konschtgenren zum Zoch: Theater, Film a Musek.

auto_stories

4 min

De Responsabel fir de "Prix Laurence" Pit Hoerold (riets) an de Beetebuerger Député-Maire Laurent Zeimet (CSV).

De LiteraTour zu Beetebuerg ass gewuess, am Fong wéi e puer an deem am Laf vun de Joeren ëmmer méi nei Kapitelen dobäi koumen, an och méi Leit hir Iddie mat afléisse wollten a konnten. 2016 hunn se e Programm op d’Bee bruecht  deen sech iwwert zwou Wochen zitt, a wou d’Jugendhaus a vill Beetebuerger Veräiner mat zéien.

De Festival schléit Brécken zu anere Konschtgenren, dorënner Theater, Musek a Film: ​Am Ciné Le Paris gëtt zum Beispill dem Pol Cruchten säi Film "La supplication" gewisen. De Film baséiert op engem Buch vun der wäissrussescher a Literaturnobelpräislaureatin Svetlana Alexiewitsch. Nom Film diskutéieren de Realisateur Pol Cruchten an de Filmhistoriker an neie CNA-Direkter Paul Lesch mateneen a mam Publikum.

D'Beetebuerger an d'Boot huelen

D’Beetebuerger, och d’Veräiner waren ugangs e bësse skeptesch géigeniwwer dem Festival. Mee wat méi Leit mat d'Boot geholl goufen, hätten der vill Loscht kritt mat kreativ ze ginn, seet de Buergermeeschter Laurent Zeimet. "Et ass nach net jiddereen iwwerzeegt, mee et ass eppes wat sech soll iwwer d'Joren entwéckelen."

De Programm vum LiteraTour 2016 bitt fir jiddereen eppes, vum Tom Hillenbrand, bis zu Diskussiounsronnen mat Lëtzebuerger Auteuren an engem Programm fir Kanner a Jugendlecher.

Prix Laurence: Witzeg a politesch

Grad wéi zejoert gëtt mam Prix Laurence ee Schreifconcours fir Jonker organiséiert. 40 Jonker hunn Texter agereecht. Weiblech Auteurinnen sinn dëst Joer kloer an der Majoritéit. Déi meescht Texter sinn op Däitsch an Englesch, aacht sinn op Lëtzebuergesch a fënnef op Franséisch. Bei den engleschen Texter fënnt een och Rap erëm. Et dierf een also gespaant sinn, wann déi Jonk hir Texter de 16. an 17. Abrëll op der Bühn am Café Littéraire vum Jugendhaus zu Beetebuerg virdroen. Déi staark Präsenz vum Engleschen erkläert de Pit Hoerold, Responsabele vum Prix Laurence, sech esou, dass déi Jonk wéinst dem Internet haut méi mat där Sprooch a Kontakt kommen.

D'Halschent si Prosatexter, déi aner Halschent si Gedichter. ​Et géif ee gesinn, dass déi Jonk tëscht 12 an 17 Joer een immense Spaass hunn, sech an där Form auszedrécken, sou de Pit Hoerold. Mee et sinn och vill eescht Texter dobäi, an deenen d'Problemer vun haut thematiséiert ginn. "Déi Jonk liewen net just an hirer klenger Welt, mee si gesinn, wat ronderëm se geschitt".​

D'Texter vum Prix Laurence kann een Online liesen, um Site vum LiteraTour.