Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mier a senge literaresche Formen

Eng literaresch Rees duerch d'Bretagne

D'Mier a senge literaresche Formen

"Etonnants voyageurs" heescht de grousse Literaturfestival ze Saint-Malo. D'Stad vun de Korsaren grad ewéi déi ganz bretonesch Küst hu schonn an der Vergaangenheet déi franséisch Schrëftsteller ugezunn an isnpiréiert. Eng literaresch Rees mam Valerija Berdi an d'Bretagne vu gëschter an haut.

auto_stories

5 min

Étonnants voyageurs ! quelles nobles histoires

Nous lisons dans vos yeux profonds comme les mers !

Montrez-nous les écrins de vos riches mémoires,

Ces bijoux merveilleux, faits d'astres et d'éthers.

Nous voulons voyager sans vapeur et sans voile !

Faites, pour égayer l'ennui de nos prisons,

Passer sur nos esprits, tendus comme une toile,

Vos souvenirs avec leurs cadres d'horizons.

Dites, qu'avez-vous vu ?

Haut ass déi kleng Stiedchen Saint-Malo an der Bretagne eng vun de wichtegste Plazen fir d'Weltliteratur. De franséische Schrëftsteller a Matbegrënner vun der Zeitung Libération, de Michel Le Bris huet de Literaturfestival "étonnants voyageurs" an d'Liewe geruff. Hie selwer ass Breton, an datt dëse Festival ze Saint-Malo zanter Joerzéngten déi Schreiwend an déi Liesend iwwer de Päischtweekend zesumme bréngt läit net just um aktuelle Charme vun der Festungsstad. Saint-Malo an dat bretonescht Mier huet zanter ëmmer och déi grouss Literaten inspiréiert.

Ze Saint-Malo trëfft een mol direkt op e ganz bedeitenden vun der schreiwender Zort: wann een iwwert d'Remparten trëppelt, dann huet ee mol direkt eng herrlech Vue op déi winzeg Insel Grand Bé mam Graf vum François-René de Chateaubriand.

Chateaubriand

De Begrënner vun der Romantik an der Literatur ass och 1768 ze Saint-Malo gebuer an och do opgewuess. A sengem 12-bänneschen autobiographesche Wierk "Mémoires d'outre-tombe" huet seng Gebuertsstad natierlech och eng wichteg Plaz.

"Du reste, rien de mon passé à Saint-Malo: dans le port je cherchais en vain les navires aux cordes desquels je me jouais; ils étaient partis ou dépecés; dans la ville, l'hôtel où j'étais né avait été transformé en auberge. Je touchais presque à mon berceau et déjà tout un monde s'était écroulé. Étranger aux lieux de mon enfance, en me rencontrant on demandait qui j'étais, par l'unique raison que ma tête s'élevait de quelques lignes de plus au-dessus du sol vers lequel elle s'inclinera de nouveau dans peu d'années. Combien rapidement et que de fois nous changeons d'existence et de chimère! Des amis nous quittent, d'autres leur succèdent; nos liaisons varient: il y a toujours un temps où nous ne possédions rien de ce que nous possédons, un temps où nous n'avons rien de ce que nous eûmes. L'homme n'a pas une seule et même vie; il en a plusieurs mises bout à bout, et c'est sa misère."

Flaubert

De Gustave Flaubert war e grousse Veréierer vum Chateaubriand an och vun der Bretagne. 1847 huet sech de Kreateur vun der Madame Bovary mat sengem Schrëftstellerkolleg a Fotograf Maxime du Camp op eng Rees duerch Frankräich gemaach an net just d'Bretagne, mee och Saint-Malo war eng Haltestell vun dëser Expeditioun. Nous allions à l'aventure, par les champs et par les grèves heescht d'Publikatioun, an där déi zwee ofwiesselnd d'Kapitele geschriwwen hunn. De Gustave Flaubert huet natierlech och d'Graf vu sengem héich geschate Kolleg besicht a beschriwwen, ee Joer iert de Chateaubriand gestuerwen ass.

"Il dormira là-dessous, la tête tournée vers la mer ; dans ce sépulcre bâti sur un écueil, son immortalité sera comme fut sa vie, déserte des autres et tout entourée d'orages. Les vagues avec les siècles murmureront longtemps autour de ce grand souvenir ; dans les tempêtes elles bondiront jusqu'à ses pieds, ou les matins d'été, quand les voiles blanches se déploient et que l'hirondelle arrive d'au-delà des mers, longues et douces, elles lui apporteront la volupté mélancolique des horizons et la caresse des larges brises. Et les jours ainsi s'écoulant, pendant que les flots de la grève natale iront se balançant toujours entre son berceau et son tombeau, le cœur de René devenu froid, lentement, s'éparpillera dans le néant, au rythme sans fin de cette musique éternelle."

Emile Zola

An och den Emile Zola schéckt seng Protagonisten an d'Bretagne. A senger Novell "Les coquillages de Monsieur Charbe" verzweiwelt de genannte Monsieur Charbe, well seng jonk Fra Estelle kee Kand kritt. Den Dokter schéckt d'Koppel op d'Mier. Well de Monsieur Charbe ze knéckeg ass fir, mat Hëllef vum Iessen vu Coquillagen hier Fertilitéit ze verbesseren. Sou ass et Saint-Nazaire, oder méi präzis, ze Piriac, wou d'Estelle ganz fläisseg Coquillage sammelt an déi wonnerschéi Landschaft entdeckt. Den Effet bleift net aus: Obwuel hei wuel manner d'Mieresfriichten, mee éischter e gewëssen Hector seng Fangere mat am Spill hat.

Guy Maupassant

an de Guy de Maupassant hat sech och op eng Rees duerch d'Südbretagne gemaach. Säi Bericht ass awer manner ironesch. Dat schwéiert Liewen vun de Bretonen an d'Geforen vum Mier fir d'Fëscher sinn Leitmotiv vu senger Wierk "en Bretagne". Am Maupassant senger Literatur ass d'Mier bal ëmmer present, hei awer ass et dat onheemlecht, dat onberechenbart an och lugubert Waasser, dat hie voller Passioun beschreift:

"En face de moi, derrière un morceau de plaine inculte, l'Océan sale et grondant sous un ciel noir ; puis, partout, la lande ! Là-bas, à droite, la mer du Morbihan, avec ses rives déchirées, et, plus loin, à peine visible, une terre blanche illuminée, Vannes, qu'éclairait un rayon de soleil, glissé on ne sait comment, entre deux nuages. Puis encore très loin, un cap démesuré : Quiberon Et tout cela, triste, mélancolique, navrant. Le vent pleurait en parcourant ces espaces mornes ; j'étais bien dans le vieux pays hanté ; et, dans ces murs, dans ces ajoncs ras et sifflants, dans ces fossés où l'eau croupit, je sentais rôder des légendes."

Michel LeBris

"Le rendez-vous des petits enfants de Stevenson et de Conrad" ass de Slogan vun den Organisateuren vum Literaturfestival étonnants-voyageurs. Den Haaptmann, deen hannert dësem Evenement ronderëm d'Weltliteratur stécht, ass de Michel LeBris. Hie selwer huet sech literaresch mam Robert Luois Stevenson beschäftegt an awer och mat der Bretagne. Bretagne du monde entier ass ee vu senge Wierker. D'Mier spillt och um Festival selwer eng emminent Roll an zanter 2006 gëtt och de "Prix gens de mer" um Festival verginn. Dëst Joer ass den David Fauquemberg de Laureat vun dësem Präis, deen zäitgenëssesch Literatur déi e maritime Charakter hunn, auszeechent.

Les écrivains de marine, heescht d'Associatioun, déi ronn 20 Auteuren regroupéiert, déi sech literaresch mam Mier befaassen. Do begéint een dann dem Patrick Poivre d'Arvor, der Isabelle Autissier, dem Sylvain Tesson, dem Erik Orsenn, dem Jean Rolin. Auteuren, deenen een och reegelméisseg um Festival begéint. An si all verbënnt net just d'Mier am Allgemengen, mee natierlech och d'Bretagne..