Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LIVE: LiteraturLabo 10

Livestream

LIVE: LiteraturLabo 10

Lauschtert a kuckt d'Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi, Michel Delage a Ian de Toffoli live aus der Chapelle am Neimënster.

auto_stories

1 min

Soubal iwwer de Krimi rieds geet, zéien déi eng distinguéiert d'Nues, déi aner fänken u mat schwäermen. Krimi deelt d'Geeschter. Onseriéis, trivial, banal, an uewendrop nach schlecht erzielt a geschriwwen - sou gëtt de Krimi dacks erofgemaach. Anerersäits: Spannung, skurril Personnagen, Rätsel, Mord, Folter, Sich nom Schëllegen an Opléisung vun der Dot - dat ënnerhält natierlech. A wann dëse Krimi-literareschen Entertainment dann och nach gutt geschriwwen, spannend opgebaut, interessant an e Milieu agebett a kuerzweileg ass, dann huet een esou e Krimi, éier ee sech ëmsinn huet, wéi all anere Pageturner, een Zock gelies, a wëllt onbedéngt deen nächsten ufänken.