Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Locker aus der Hëft geschoss

Wëlle Westen

Locker aus der Hëft geschoss

Den Joel an Ethan Coen go West. Wild West. "The Ballad of Buster Scruggs", deen neie Film vun de Coen Bridder, ass op der Video-on-Demand Plattform Netflix gelant. An 130 Minutten erzielen d'Coen-Bridder am ganze sechs Geschichten.

auto_stories

4 min

De Kino vun de Coen-Bridder ass duerchzu mat Genrecoden. A wéi esou dacks am postmodernen, interreferenzielle Pastichekino, esou waren d'Coens ni wierklech mat engem Genre zefriddenzestellen, wa si hir Geschichten erzielt hunn. Ok, natierlech - 1990 hu si mat "Miller's Crossing" e Gangsterfilm gemaach. 20 Joer méi spéit, 2010 dann och hiren éischte riichte Western, "True Grit".

Mee d'Coden, d'Spezifizitéite vun deem uramerikanesche Schlag-Kino, dem Western, si wäit wäit zeréck am Coen-Universum erëmzefannen. Schonn an hirem Debut "Blood Simple" zum Beispill, mee och am "Big Lebowski". Dofir ass de wuertwiertleche Retour an de Wëlle Weste vu Säite vun de Coen-Bridder net oniwwerraschend. Vläicht nach méi iwwerraschend wéi Netflix Presents a Film by Joel & Ethan Coen.

Denominateur commun: De Wëlle Westen

"The Ballad of Buster Scruggs" ass en "anthology film", wéi een dat am Englesche seet. Eng Filmform, déi ee reng technesch nach an zwee deele kann. E Film Chorale am Stil vu "Magnolia" oder "Short Cuts" oder en Episodefilm, wéi zum Beispill "Night on Earth" vum Jarmusch. Bei "Buster Scruggs" ass den Denominateur commun keen Taxi, mee de Wëlle Westen.

Iwwer 130 Minutten erzielen d'Coen-Bridder am Ganze sechs Geschichten. Sechs filmesch Vignetten, Kuerzgeschichte ganz am Stil vun enger amerikanescher literarescher Traditioun vu Kuerzgeschichten. Eng Disziplin, déi gäre belaacht gëtt, där sech awer gestanen Auteuren ëmmer gären nees géintiwwerstellen.

De Buster Scruggs aus dem Titel kënnt dofir just am éischte - kuerze - Kapitel vir. Den Tim Blake Nelson, en Habitué vun de Coens, kënnt mat Gittar a schéiner Stëmm op sengem Päerd geridden, hannerléisst awer dacks méi fatal Andréck, an zwar net just mat senger Sangstëmm. Dat musse verschidde Personnagen dacks immens kreativ spieren. Mee hey, et kann een net ëmmer de flénkste Pistoulenartist sinn. "Always look on the bright side of life".

Vu Stréck ëm den Hals, Hénger a Muppen

Dem James Franco säi Cowboy huet et och net einfach. E Versuch vun engem Bankiwwerfall an der Pampa zitt fir hien eng Spiral vu suboptimale Situatioune mat sech, bei där net just nëmmen ee Seel ronderëm säin Hals gestréckt gëtt. Dono versichen de Liam Neesson an den Dudley aus den Harry Potter Filmer - deen zwar just en Torso huet, dofir awer wonnerschéin Shelley virdroe kann - als Theaterleit am onkultivéierte Westen ze iwwerliewen. Bis datt en Hong him e Stréch duerch d'Rechnung mécht. Dann ass den Tom Waits eleng op Goldsich. An da steet sech e verwittwert Zoe Kazan um Wee an den Oregon ville Froe géintiwwer.

Och hei nees e klenge léiwe Mupp, deen eng net onwichteg Roll anhëlt. Zum Schluss sëtze fënnef Personnagen an engem Stagecoach a beschwätzen d'Condition humaine, versichen d'Mënschheet op hir Manéieren an zwee ze deelen, bis datt hinnen alles egal ass an hinnen de Schweess ausgeet, wann op eemol ënner anerem de Brendan Gleesson seng professionell Occupatioun presentéiert.

En ënnerschiddlech staarken Androck

D'Coens schéisse mat "The Ballad of Buster Scruggs" locker aus der Hëft. Mat all senge Vir- an Nodeeler. D'Geschichte kommen a ginn an hannerloossen en ënnerschiddlech staarken Androck. Dat ass net esou schlëmm, ass dach net alles dran, wat e Coen-Film ausmécht. An zwar aus de witzege Coen-Filmer wéi och aus deene soi-disant seriöen. Existenzialistesch nihilistesch, mat enger gudder Portioun schwaarzem Witz versinn, deen den inherente Mënschenhaass vun de Bridder verstäerkt.

Zum Deel versiche si sech nees mat der antiklimaktescher Erzielform, déi engem d'Féiss ënner dem Buedem ewechrappt, wann op emol den Titel vun der nächster Geschicht ageblent gëtt. Ouni Virwarnung a mam potenzielle Frust, dat een nach am léifsten e puer Minutte méi mat de Personnagë verbruecht hätt. Mol hilarant - nach eng Kéier den Tim Blake Nelson ernimmt, deen als Variatioun op den Javier Bardem aus "No Country for Old Men" ka gelies ginn - mol déif traureg wéi den Episod mam Neeson oder tragesch, wéi dee mat der Zoe Kazan.

Geschichte fir gär ze hunn, oder ze iwwersprangen

Jiddwereen dierft hei seng Liiblingsgeschicht fannen, mee och déi Geschicht, déi ee bei der zweeter Kéier vläicht iwwerspréngt. "Buster Scruggs" fänkt rasant un an hëlt vu Geschicht zu Geschicht ëmmer méi d'Vitess eraus. D'Coens haten eng Mini-Serie virgesinn, hu sech awer da fir en Episodefilm entscheet.

Wat wier wann? Dat ass egal. "The Ballad of Buster Scruggs" ass Hit and Miss. Woubäi d'Misses wéinst der Form einfach ënnerschat kéinte ginn. Mee eppes ass sécher: och no 30 Joer kuckt een de Coens gären no.