Radioen

On air

Notturno  |  Elephant9 - Arrival Of The New Elders

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loosst déi béis Geeschter dach mat Rou!

Sooner.lu

Loosst déi béis Geeschter dach mat Rou!

De brittesche Moyen-métrage ''Host'' vum jonke Rob Savage ass en originellen, mat wéinege Mëttele gebastelten Horrorfilm, deen d'Illusioune vun der Online-Kommunikatioun entlarvt.

auto_stories

2 min

Eng hallef Dose Frëndinnen ''treffe'' sech wärend dem Confinement op der Chat-Plattform Zoom. No lässegem Geschwätz bei engem Glieschen Alkohol steet eng Spiritismus-Seance um Programm. Zu deem Zweck gouf eng Medium engagéiert, déi genee schéngt ze wëssen, wéi een den Drot zu de Geeschter vu verstuerwene Bekannte kann hierstellen. Leider huet d'Fra vergiess ze preziséieren, datt een dëse Kontakt mat der Welt vum Iwwernatierleche besser net op déi liicht Schëller hëlt: dat kéint op eemol déi béis Geeschter aus der Reserve lackelen.

Wéi hie sech virun engem gudde Joer mat senge Kolleegen e klenge Spaass erlaabt an hinnen iwwer Zoom mat geeschterhafte Kreaturen Angscht gemaach hat, konnt sech de jonke Britt Rob Savage e virale Succès op de soziale Medie sécheren. Firwat déi Iddi also net och zu engem Moyen-métrage vun enger Stënnchen ausbauen ? D'Resultat ass en erstaunleche klengen Horrorfilm mam Titel ''Host''.

Found footage

De Grupp vu Jugendlechen oder jonken Erwuessenen, déi zum Spaass mam Feier spillen an dofir systematesch bestrooft ginn, ass e klasseschen Ënnergenre, deen hei op eng originell Manéier variéiert gëtt. Ëmsou méi interessant ass d'Aart a Weis, wéi de Realisateur aus enger gezwongener Situatioun - de Film gouf wärend der Covid-Pandemie gedréint - dat ganzt Potential ausnotzt.

''Host'' funktionéiert nom Prinzip vum ''found footage'', dat heescht, datt en exklusiv aus Biller zesumme gesat ass, déi bannent der Handlung entstane sinn. An deem heite Fall filme sech d'Protagonisten all selwer via Laptop- oder Handyskamera. Déi realistesch Wierkung ass ëmsou méi effikass, datt vill Leit déi Zort vu Kommunikatiounstechnologie am vergaangene Joer kennegeléiert hunn a sech ouni Problem kënnen identifizéieren.

Online-''Communautéit''

E gudde Sënn fir Rhythmus a Spannung; dat suggestiivt Spill mat Stéierungen an Decalagen am Internet-Reseau; de spuersamen Asaz vu soss Schock- a Spezialeffekter; an Acteuren, déi relativ credibel vun enger labberer Jux-Ambiance an total Panik erarutschen, dat alles mécht dréit zur gudder Qualitéit vun ''Host'' bäi.

E Film, deen déi soi-disant ''Communautéit'' vun Online-Chatter als dat entlarvt, wat se grondsätzlech ass : nämlech eng Illusioun. Wann et wierklech drop ukënnt, si mer schéin eleng.