Radioen

On air

Kultur um 5  |  Okkervil River - Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Love & Understanding am Kapuzinertheater

Theater

Love & Understanding am Kapuzinertheater

Am Joe Penhall sengem Stéck "Love & Understanding" gëtt d'Liewe vun enger iwwerschaffter an onzefriddener Koppel vun engem verréckten an extrovertéierte Kolleg, deen d'Welt bereest, op d'Kopp geheit.

auto_stories

3 min

Foto: Bohummil Kostohryz

D'Anne Simon beschreift "Love & Understanding" als Bezéiungs-Tragikomedie. Dat ass ee Genre deen d'Regisseurin eigentlech manner reizt. D'Stéck vum briteschen Dramatiker Joe Penhall hätt si awer iwwerzeegt.

Am Mëttelpunkt steet eng jonk Koppel, allebéid Dokteren déi an engem Spidol schaffen, dat vun der NHS bedriwwe gëtt. Dee staatleche britesche Gesondheetssystem huet bekanntlech mat villen interne Problemer ze kämpfen. Ënnert anerem mat enger chronescher Ënnerbesetzung an engem Manktem u Raimlechkeeten.

Eskapismus an der Dräiecksbezéiung

D'Mataarbechter stinn doduerch ënnert extremen Drock. Am "Love & Understanding" iwwerdréit sech dësen Drock op d'Privatliewe vun der Koppel. D'Anne Simon schwätzt vun engem Mikrokosmos an deem "d'Problematik vum Workaholic" ze spieren ass, an deem am Endeffekt op eng ganz Gesellschaft kéint iwwerdroe ginn.

A grad dës stresseg Welt géif am Stéck engem alen Uniskolleg vun der Koppel géintiwwergestallt. De Richie ass fräie Journalist, bereest d'Welt a representéiert déi total Fräiheet - am Géigesaz zu der Koppel. "Hi stellt domat hiert Liewen a Fro", sou d'Anne Simon.

D'Figur vum Richie géif eng Grëtz Eskapismus an d'Dräiecksbezéiung erabréngen. Den Nickel Bösenberg an d'Larisa Faber spillen am Stéck déi éischter konform Koppel. Den Iresche Schauspiller Owen Sharpe interpretéiert dee liicht verréckte Richie, deen och selwer vun eppes versicht z’entkommen.

Wien ass am rationellsten?

"Déi zwee Männer sinn déi zwee Extremer am Stéck, d'Fra hänkt e bëssen dertëscht a muss sech tëscht deenen zwee Systemer entscheeden", sou d'Anne Simon. D'Regisseurin gesäit awer eppes méi Grousses dohannert: "Letztendlech geet et ëm d'Fro a wéi enger Gesellschaft mir iwwerhaapt liewen, a wat déi mat de Mënsche mécht."

Fir den Owen Sharpe steet am Stéck "Love & Understanding" d'Frëndschaft vun den dräi Personnagen am Mëttelpunkt. A wéi iwwert d'Joren d'Erwaardungen vun enger Frëndschaft sech ännere kënnen. Am Joe Penhall sengem Wierk stinn esou gesinn zwee Liewensstiler sech géigeniwwer. D'Fro stellt sech wéi een méi rationell ass. De Richie wier bis op ee Punkt fräi, hien hätt awer keng Sécherheet, seet den Owen Sharpe. D'Rachel an den Neill wieren eng modern Koppel, déi ee gudden Job a vill Sue wéilten. "An da realiséiere si, datt si eng Zäit méi fir en aner oder soss eppes hunn. Wien ass da méi verréckt?" Hie géif de Richie am vernünftegste fannen.

Konzeptuell Viraarbecht

An englesch-sproochege Stécker fënnt d'Anne Simon ee schwaarzen, sarkasteschen Humor erëm, deen hir immens läit. D'Regisseurin huet grad wéi d'Schauspillerin Larisa Faber an England studéiert. Um Stéck "Love & Understanding" schaffe si fir d'zweete Kéier zesummen. "Et ass einfach eng Freed deen Text ze soen. An d'Aarbecht ass immens fräi", seet d'Larisa Faber. Si kéint vill proposéieren an experimentéieren. Dat wier de Kär vun hirer Aarbecht.

Experimentell ass d'Anne Simon och an de Virprouwen erugaangen. Iert de Wierbelstuerm vu Richie dobäi komm ass, hunn d'Larisa Faber an de Nickel Bösenberg zu zwee eleng geprouft, fir kënnen hir Bezéiung festzeleeën. Am Stéck kritt een d'Koppel ni eleng ze gesinn. Et wier ongewéinlech, datt een an de Prouwe kéint un der Virgeschicht schaffen, seet d'Anne Simon. Et wier vill Konzeptuelles an Theoretesches entstanen, wouvun de Spectateur finalement näischt méi géif matkréien.


Link: "Love & Understanding" um Site vum Kapuzinertheater