Radioen

On air

Espresso Beats  |  Vicki Sue Robinson - Turn The Beat Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lucky"

Filmkritik

"Lucky"

Den Harry Dean Stanton kennt keen, an awer kennt jiddereen hien, dee méi reegelméisseg amerikanesche Kino verfollegt a gekuckt huet. Zënter leschtem Mëttwoch ass hie post-hum an enger vu sengen immens raren Haaptrollen ze gesinn.

auto_stories

3 min

Den Harry Dean Stanton ass mat senger joerzéngtelaanger Presenz um Ecran bal vum selwen zu engem amerikanesche Kinosmonument, engem Stéck Americana ginn. Presenz ass schéi gesot. Sengem CV entspriechend kéint ee mengen, hien hätt säi Liewen op Tournagë verbruecht. Zënter de 50er bis u säi Liewensenn - hien ass leschte September am stolzen Alter vun 91 aus dem Liewe getrueden - huet hien iwwert 200 Apparitiounen am Kino an Tëlee zesumme gesammelt. Hänke bleiwe si seng Rollen am Wenders sengem "Paris, Texas" oder och "Repo Man", "Alien", "Pretty in Pink", "The Green Mile" oder säi Mormoneprophet an der HBO-Serie "Big Love". Esou eng sporadesch Opzielung géif der Tatsaach net gerecht ginn, datt hien de Working-Man's-Niewenduersteller verkierpert, ewéi soss keen. Ma keen Niewenduersteller kritt an der Reegel esou e filmeschen Adieu gemaach wéi de Stanton mam Film "Lucky", dee bei den Amerikaner zwou Wochen no sengem Doud ugelaf ass.

E geregelten Alldag

Am John Carroll Lynch sengem éischte Film spillt de Veteran de Lucky, dee moies aus dem Bett klëmmt, iwwert dem Raséiere gemittlech Mariachi Musek lauschtert, kläglech un der Kaffismaschinn scheitert, fir dann am Diner iwwert engem Kreuzworträtsel déi Taass nozehuelen. Da geet hie sech en Tetrapack Mëllech kafen, gëtt esou niewebäi op e Kannergebuertsdag agelueden, schlürft dann nees Heem fir Tëlee ze kucken a schléisst den Dag an enger Bar mat engem oder zwee Bloody Maryen of. Datt hie spéitstens do op ureg Personnagen trëfft, läit jo op der Hand. Bon, mondäne Liewensinhalt ass eppes aneres.

Enges Moies kippt hien an der Stuff ëm. Hien ass jo awer net méi dee Jéngsten. Dëse vun Zigaretten an dem Liewe matgehollene Kierper gëtt mat enger Finalitéit konfrontéiert, déi hien, de Lucky, mä och de Stanton op eng existenziell Rees féiert. Dës Rees ass awer méi ënnerlech ze verstoen, well reng geografesch ännert hien näischt u sengem Parcours. Moies Yoga a Kaffi am Diner, owes Bar.

E meditative Portrait

Fir all déi, déi de Stanton tatsächlech aus iergendengem Grond nach ni sollten an engem Film gesinn hunn, funktionéiert dëse Film och esou. "Lucky" ass eng vun deene rare, wann och immens liichten, an awer seriö ze huelenen Ofhandlunge vum Alter am Kino. E meditative Portrait vun engem Altersgrupp, deen esou seele seriö representéiert gëtt, wéi déi Jonk. Just gëtt et bei deenen Ale ganz einfach vill manner Filmer. Mam Setting vun der Wüstestad, an där d'Personnagen existéieren, kritt de Film eng mäerchenhaft Konnotatioun, déi d'Poesie aus dem Spill an dem philosophesche Schreiwes vum Dréibuch ënnersträicht.

Säit u Säit mat laangjärege Kollaborateuren

De Stanton selwer mécht, wat hien zënter Joerzéngte mécht. Mat sengem Hondsbléck, sengem Kierper, sengem do-Sinn erliicht hien dee per se scho mat Sonn gefëllte Film. Wuelwëssend datt et sech bei "Lucky" ëm seng leschten Haaptroll handelt, verfale weder hien, nach de Realisateur an eng onubruechte Larmoyanz. Ganz am Géigendeel. Hei gëtt onopgereegte Schauspillkonscht lues an onhysteresch gefeiert. Laangjäreg Kollaborateure vum Stanton trieden op an deele sech mat him d'Zeenen. An de Stanton, esou grouss wéi hien ass, léisst an de knapp 88 Minutte Lafzäit jidderengem säi Moment fir ze liichten. Dobäi ënnert anerem den Tom Skeritt, mat deem hien am "Alien" gespillt huet an natierlech den David Lynch, deen hien eréischt e puer Woche virdru selwer an der Season 3 vun "Twin Peaks" dirigéiert huet. Hie spillt e Mann, deen iergendwéi domadder eens muss ginn, datt seng Deckelsmouk, ee fir hie majestätescht Wiesen, senger Wee gaangen ass. "Reality is a thing", léisst den Harry Dean an enger Zeen verlauden. An déi Realitéit gëtt de Cinéphilë ronderëm d'Welt ze verstoen, datt de Kino elo ouni den Harry Dean Stanton auskomme muss.