Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg Art Week

Konschtausstellung

Luxembourg Art Week

Den 9. November mécht an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg déi véiert Luxembourg Art Week hir Dieren op. 50 national an international Galerien, Kulturinstitutiounen an ASBLe presentéieren op der Konschtfoire zäitgenëssesch Konschtwierker. Natierlech geet et ëm d'Vente, mee d'Organisateuren hu confirméiert, datt fir si de Kaderprogramm grad esou wichteg ass.

auto_stories

2 min

Qualitéit weider verbesseren, éier een Nouveautéite lancéiert, dat war de Motto während der Organisatioun vun der véierter Luxembourg Art Week. D'Ënnerdeelungen "Positions" an "Take off" sinn deemno bliwwen: 32 confirméiert national an international Galerien aus siwe Länner bilden als "Positions" d'Häerzstéck vun der Konschtfoire. Ronderëm presentéiere sech 18 jonk Galerien, jonk ASBLen, jonk Kënschtler, déi sech spontan fir d'Art Week zesummegedoen hunn ënner dem Terme "Take off".

Nei ass, datt e Comité de sélection mat siwe Mann a Fra déi 50 Art-Week-Participanten erausgewielt huet. De Galerist a Grënner vun der Art Week, den Alex Reding, ass net am "Take-off-modus", versicht also net ofzehiewen. Hien huet awer mëttlerweil d'Gefill, datt seng Konschtfoire an der Regioun "gelant", also an de Käpp ukomm ass. An dat och wéinst dem variéierte Kaderprogramm, an deem sech duerchaus och kritesch mam Konschtbusiness ausenanergesat gëtt. Den Alex Reding gesäit do duerchaus kee Widdersproch, och net doranner, datt déi institutionell, also net kommerziell Presenz op der Konschtfoire weider intensivéiert gouf.

Och de radio 100,7 ass vertrueden

Eng kuerz Parenthèse an eegener Saach: Op deenen dräi Deeg invitéiert de radio 100,7 op dräi Konferenzen, moderéiert vum onofhängege Konschtkritiker a Curateur Christian Mosar. Ee vu sengen Invitéen ass zum Beispill de fréiere Casino- a Mudam-Direkter Enrico Lunghi. D'Luxembourg Art Week ass d'Wierk vun dräi Partner: dem Alex Reding, der Stad Lëtzebuerg an de Cercle artistique. De CAL inauguréiert traditionell den Owend am Tramsschapp säin Hierschtsalon. 115 Kandidature ware fir de Salon eragereecht ginn, 40 Kënschtler aus ganz ënnerschiddlechen Disziplinne sinn um Enn vun engem Jury mat hiren Aarbechten zeréckbehale ginn.

Op der véierter., also jonker, Art Week, erënnert de CAL nach emol u säin 125. Anniversaire. Den Owend gëtt am Tramsschapp no siwen Auer och de Laureat vum Prix Pierre Werner annoncéiert. De Präis ass 1992 vum deemolege Kulturminister René Steichen etabléiert ginn an nom fréiere Staatsminister Pierre Werner genannt ginn. E gëtt all zwee Joer verdeelt an ass mat 2.500 Euro dotéiert.