Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Madame Köpenick am Kasemattentheater

Theaterkritik

Madame Köpenick am Kasemattentheater

Jiddweree kennt méi oder manner d'Geschicht vum Hauptmann von Köpenick. Fir d'Erënnerung: Dem Wilhelm Voigt, Joergang 1849, Fils vun engem Schouster, ass de 16. Oktober 1906 en aussergewéinleche Coup gelongen. Hien huet sech als en Hauptmann verkleet an d'Gemengenhaus vu Köpenick mat Hëllef vun Zaldoten, déi seng Verkleedung net duerchkuckt haten, iwwerfall an d'Kees geklaut. Eng bal ongleeweg Aktioun, déi net just an déi däitsch Geschicht agaangen ass.

auto_stories

3 min

Foto: Bohumil Kostohryz

No sengem Openthalt am Prisong war et him, trotz sengem grousse Succès an der Press a bei de Leit an onerwaarte Räichtum, net gelongen - weder a Preussen, nach soss am deemolegen Däitsche Keeserräich - Fouss ze faassen.

Mat bal 60 Joer ass hien op Lëtzebuerg komm an huet um Lampertsbierg bei der Madamm Emilie Blum-Bernier bis zu sengem Doud 1922 gewunnt.

Wie war d'Madamm Blum? Iwwer si ass net vill bekannt an elo fir den 100. Doudesdag vum Köpenick, oder besser gesot vum Wilhelm Voigt, huet de Guy Helminger en Theaterstéck geschriwwen, dat nieft dem Köpenick d'Emilie Blum an de Virdergrond setzt.

D'Ëmsetzung vum Helminger sengem Text ass a Koproduktioun vum Kasemattentheater mat der Vaganten Bühne vu Berlin realiséiert ginn. Wie sech hei en ënnerhalend, witzegt, geeschträicht an op allen Niveaue gelongent Koméidisstéck erwaart huet, deen ass net enttäuscht ginn - wat um Helminger sengem Text läit a grad esou un dem exzellente Bünespill vun der Brigitte Urhausen an dem Michael Schrodt. An der cleverer an duerchduechter Regieféierung vum Kay Wuscheck.

Ee Spill am Spill am Spill

Mir sinn an der Wunneng vun der Emilie Blum, de Köpenick trëllt doruechter, liest Zeitung, erënnert sech u seng méi oder manner gelongen Heldentaten, wärend d'Blum am Botzen a Raumen ass.

Den Dialog tëschent den zwee ass du tac-au-tac, mol méi douce, mol méi opbruecht, mol extrem aggressiv. An d'Sujete si ganz der deemoleger Zäit ugepasst, Impfung, Angscht virum Halleysche Komet, Präisser vun de Wunnengen, Nationalismus, Rassismus, Feminismus. Sujeten, déi engem aus der aktueller Zäit ganz bekannt sinn.

D'Madamm Blum ass eng Wittfra, absolut net op de Mond gefall, déi sech hirem Ruff am Quartier bewosst ass, wéi eng Wittfra konnt sech erlaben einfach e Jonggesell bei sech wunnen ze loossen am Ufank vum leschte Joerhonnert? Mee si steet doriwwer, mécht de Geck mat de moraliséierenden Noperen a léisst sech och net vum Köpenick iwwer de Mond fueren.

D'Léift tëschent den zwee schéngt net grad grouss ze sinn, mee dat läit virun allem um Haass, deen déi zwee Schauspiller, also d'Brigitte Urhausen an de Michael Schrodt fireneen ze empfanne schéngen.

Lues a lues begräift de Publikum, datt dat, wat en op der Bün gesäit, u sech eng Zort Generalprouf vum Theaterstéck soll sinn, ëmmer erëm gräift de Regisseur an, berouegt seng Duersteller, den Handy vum Schodt schellt an do leeft dann och nach eng Intrig hanner der Bün. E Spill am Spill am Spill - ganz clever, ganz originell, ganz iwwerzeegend agebaut, eng weider eng Uspillung un dem Hauptmann von Köpenick seng reell Inzenéierung

Ee wonnerbare Coup

Dem Guy Helminger ass hei och e wonnerbare Coup gelongen. Seng Ressourcen huet hie ganz originell genotzt fir se a Fiktioun ëmzewandelen an awer Fakten originell anzebauen, se op d'Spëtzt dreiwen oder dem Fait eng zäitgenëssesch Valeur ze ginn.

Et muss een awer wierklech der Birigitte Urhausen an dem Michael SChodt e grousst Kompliment maache fir hier iwwerzeegend Presenz. Net eng Sekonn huet een un de Personnage gezweiwelt, de Kierper, d'Stëmm, d'Sprooch alles an engem perfekten Aklang, an dem Schrodt seng stuntmanhaft Demonstratiounen hunn een och mol erféiere gedoen.

Trotz dem villen Humor huet d'Madamm Köpenick och eng seriéis Säit, do wou relevant Sujete sech duerch de Witz erauskristalliséieren, ouni forcéiert oder beléierend eriwwer ze kommen. Alles leeft ronn an dësem Stéck an do muss een einfach der ganzer Ekipp felicitéieren.