Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Frae gemaach

Literatur

Vu Frae gemaach

An der Bibliothéik vum CID-Femmes ass eng Ausstellung iwwer schreiwend a publizéierend Fraen ze gesinn. An dësem Domaine hunn d'Frae sech an der Vergaangenheet besonnesch misse beweisen. Si hu missen ëm hir Rechter kämpfen, sinn dacks net eescht geholl- a scho guer net unerkannt ginn. De CID-Femmes erzielt a "vu Frae gemaach" d'Geschichte vu schreiwende Fraen, deemools an haut.

auto_stories

5 min

Illustratioun aus "La cité des dames" (Source: BNF Gallica)

Déi bekannteste Schrëftstellerin a Philosophin vum Mëttelalter ass d'Christine de Pizan, déi vun 1365 bis ëm 1430 gelieft huet. Si gëllt als éischt Fra vun der franséischer Literatur, déi vun hirem Schreiwe liewe konnt. Momentan steet si am Mëttelpunkt vun enger Ausstellung vum CID-Femmes.

D'Stad vun de Fraen

Datt si als intellektuell Fra an als Schrëfstellerin bekannt gouf, hätt fir d'éischt e finanzielle Grond gehat, sou d'Kathrin Eckhard. "Dat war hir Energie, fir selwer kreativ ze ginn a Bicher ze schreiwen," erkläert d'Bibliothekarin vum CID-Femmes. "Si hat eng Vue op d'Welt, déi si wollt deelen."​

Hire Roman "Le Livre de la Cité des Dames" gëtt als dat éischt feministescht Wierk an der europäescher Literatur ugesinn.

An dëser dräideeleger Erzielung beschreift d'de Pizan eng Stad, déi vu Frae gebaut gëtt fir jidderengem, dee d’Flemm mat fraefeindleche Mënschen huet, en neit Doheem ze bidden. D’Stad ass net mat Steng, mee mat heroesche Fraen aus der Literatur an aus der Geschicht gebaut.

D'Buch war hir Reaktioun op mysogyn Aussoen a Schrëfte vun intellektuellen a bekannte Männer. "Dat ass e ganz faszinéierend Buch, an deem si selwer Frae virstellt. Ganz reell Perséinlechkéiten, awer och mythologesch Fraen," seet d'Kathrin Eckhard. An der Ausstellung weist de CID-Femmes am Detail, wéi d'Schrëfstellerin sech déi Stad virstellt.

Weider Héichpunkte vun der Ausstellung si Bicher an Erläuterungen zum Toni Morrison a Virginia Woolf.

"Den Engel ëmbréngen"

D’Virginia Woolf war net just Schrëftstellerin, mee och Literaturkritikerin a Verleërin. Si zielt nieft der Gertrude Stein zu de bedeitendste Schrëftstellerinne vun der klassescher Moderne. Hire Wee dohi war awer alles anescht wéi selbstverständlech. "Si muss den Engel am Haus ermuerden," seet d'Kathrin Eckhard. "Frëndlech ze sinn, sech ëm Leit ze këmmeren, net ze kritiséieren... All déi Saachen, déi een ëmmer drun hënneren eppes ze schafen. Ech fannen et ganz wichteg, dat ze weisen. Et geet ëm Suen an ëm Raum hunn, an dorëms, de Kapp fräi ze kréien, fir gutt Doten."

De CID-Femmes weist och Wierker an Dokumentatioun iwwer déi mam Literaturnobelpräis priméiert Schrëftstellerin Toni Morrison. Si huet sech net just fir hir eegent Schreiwen, mee och fir d'Publikatioun vu Wierker vun aneren afro-amerikaneschen Autorinnen agesat.

Kathrin Eckhard

Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen

Awer och Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen hunn hir Plaz an dëser Expositioun. Niewent anere Fraen zu Lëtzebuerg hätten d'Anise Koltz an d'Germaine Götzinger vill geleescht, fir d'Literatur och iwwer d'Grenzen eraus bekannt ze maachen. D'Kathrin Eckhard lueft och hir Recherche: "Mir kënne sichen, ween iwwer wee geschriwwen huet, wat d'Fuerschung fir Méiglechkeeten hat a wat fir nei Bicher kënnen entstoen. An natierlech hu mir hei am CID Bicher vu Lëtzebuerger Auteurinnen."

D’Ausstellung ass am Kader vum Weltbuchdag organiséiert ginn. D'Bibliothéik vum CID-Femmes bitt mat iwwer 20.000 Bicher, CDen, Zäitschrëften a Partituren och all déi aner Deeg am Joer interessant Literatur an d’Méiglechkeet, sech mat dëser ze befaassen.