Radioen

On air

De Weekend  |  Blonde Redhead - Snowman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Magesche Realismus

LiteraturLabo

Magesche Realismus

Gëtt et eng kloer Definitioun fir de Literaturgenre "magesche Realismus"? Déi dräi Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian de Toffoli hunn dës u sech latäinamerikanesch Schreifkonscht an der Nationalbibliothéik ënner d'Lupp geholl. Diskutéiert goufen déi verschidden Theorien unhand vu Wierker vum Alejo Carpentier (Kuba), Ben Okri (Nigeria), Bruno Schulz (Polen), Marie N'Diaye (Frankräich) a Julio Cortazar (Argentinien).

auto_stories

3 min

1923 huet den däitsche Konschtkritiker Franz Roh de Begrëff vum magesche Realismus definéiert. Dëse war awer virun allem als eng post-expressionistesch Stréimung an der bildender Konscht geduecht. Hien huet 1927 en Artikel zu dësem Thema an enger spuenescher Revue publizéiert an esou ass de Begrëff och a Latäinamerika diskutéiert ginn, huet d'Nathalie Bender erkläert.

Et war den Alejo Carpentier, deen 1949 mat sengem Roman "El reino de este mundo" (Das Reich von dieser Welt - Le Royaume de ce monde) seng eege Kritäre vum magesche Realismus definéiert huet an am Nowuert déi och theoretesch festgeluecht huet. Mee wéi eng Konditioune mussen erfëllt ginn, fir datt ee vum magesche Realismus schwätze kann?

Widderspréchlech Ausdréck

Déi zwee Begrëffer Magie a Realismus si schonn zwee widderspréchlech Ausdréck, déi hei zesumme verbonne ginn. Et geet awer net duer Magie a Realitéit ze verbannen, d'Magie besteet aus engem Zesummespill vun Dram a Halluzinatioun, déi mat der Realitéit da vermëscht ginn. Den Ënnerscheed zum Surrealismus ass beim magesche Realismus, datt d'Mythologie, d'Mystik an de Glawen eng decisiv Roll spillen, esou huet d'Valerija Berdi dem Alejo Carpentier seng Theorie erläutert.

Foto: Claude Welter.

De Genre magesche Realismus ënnerscheet sech och haaptsächlech vum Genre vu Fantasy, Surrealismus, Fantastik a Science-Fiction doduerch, datt weder d'LieserInnen nach d'ProtagonistInnen iwwer déi iwwernatierlech a fantastesch Faiten erstaunt sinn.

Genre oder Courant?

De Ian de Toffoli huet d'Fro opgeworf, ob ee beim magesche Realismus vun engem Genre oder vun engem Courant schwätze kéint a huet fir de Begrëff Courant plädéiert, fir den Terme net ze limitéieren, och net historesch an esou zur Konklusioun ze kommen:

"Eng Literatur, déi et schonn ëmmer gouf, déi Bewonnerung a d'Faszinatioun virum Mageschen" an esou géife vill Wierker, déi an der Vergaangenheet geschriwwe goufen, Elementer vum magesche Realismus erhalen", huet de Ian de Toffoli raisonnéiert.

Wéi eng Realitéit?

D'Valerija Berdi war net d'Accord mat enger méi vaster Ausleeung vum Begrëff: "Et ass eng Realitéit, déi net onbedéngt eis ass, mee et ass eng Realitéit", genee dat géif dann och de latäinamerikaneschen an afrikanesche magesche Realismus vum europäeschen ënnerscheeden.

De Ian de Toffoli huet do agewennt, datt ebe Kulturen a Praktiken, déi souwisou vill méi mat Magie verbonne sinn, dat och dann an hirer Literatur verschaffen. D'Nathalie Bender huet do kloergestallt, datt de Carpentier a sengem Wierk net vum magesche Realismus schwätzt, mee vum "real maravilloso" also dem "réel merveilleux". "Dat heescht fir mech eppes aneschtes, wéi eng magesch Realitéit!", esou d'Nathalie Bender weider.

No der Theoritiséierung sinn d'Laborante konkret op d'Inhalter agaangen.