Radioen

On air

Tockcity  |  Arab Strap - Bliss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mäin Duerf, wann ech zeréck kommen...

Een Thema, e Buch

Mäin Duerf, wann ech zeréck kommen...

Dem Italiener Cesare Pavese säi leschte Roman "La Luna e i falò" (De Mound an d'Feieren) aus dem Joer 1950 ass eng Reflexioun iwwer Heemecht, Exil, Erënnerungen an Desillusiounen.

auto_stories

7 min

"Venivo da troppo lontano - non ero più di quella casa, non ero piú come Cinto, il mondo mi aveva cambiato."

[Ech si vun ze wäit hir komm - ech war net méi vun dësem Haus hei, ech war net méi wéi den Cinto, d'Welt hat mech verännert.]

Den Anguilla - net säi richtege Numm mee e Spëtznumm - ass, no laange Joren an Amerika, nees a säi piemontesescht Duerf zeréck komm, am Belbo-Dall, tëschent de Provënzen Asti, Cuneo an Alessandria. Den Zweete Weltkrich ass knapps eriwwer - eng historesch Zäsur. Natierlech hunn de Weltkrich an zemools och de Biergerkrich, déi batter Kämpf tëschent de Faschisten an de kommunistesche Partisanen, hir Spueren an där ländlecher Géigend hannerlooss. Déi eng oder aner Läich daucht elo nach op, wéi vun dësen zwee Spioune vun der faschistescher Salò-Republik...

Een Duerf, déi ganz Welt

D'Welt ass net méi déi selwecht, an awer... Den Anguilla spadséiert duerch d'Landschaft, mécht sech op d'Sich no senger Kandheet a Jugend, déi hien sech a Flashbacken erëm an Erënnerung rifft. Als Weesekand war hie vun enger Bauerefamill opgeholl ginn, déi de Jong dann am Alter vun 13 Joer hat missen op d'Mora schécken, engem Gutt, wou hien sech als Doléiner seng Sue verdéngt hat:

"Cosí questo paese, dove non sono nato, ho creduto per molto tempo che fosse tutto il mondo. Adesso che il mondo l'ho visto davvero e so che è fatto di tanti piccoli paesi, non so se da ragazzo mi sbagliavo poi di molto." (...)

[Ech hu laang gemengt, datt dëst Duerf, an deem ech net gebuer gouf, déi ganz Welt wier. Elo wou ech d'Welt wierklech gesinn hunn an och weess, datt se aus ville klengen Dierfer besteet, sinn ech mer net sécher, datt ech als Kand esou falsch louch.]

"mi vedevo Gaminella in faccia, che a quell'altezza sembrava più grossa ancora, una collina come un pianeta."

[ech hu Gaminella viru mer gesinn, vun dëser Héicht huet d'Duerf nach méi grouss ausgesinn, een Hiwwel wéi e Planéit."]

Mythologie vum Mound a vum Feier

Een Duerf, eng Welt fir sech, an där d'Zäit stoe bliwwen ze si schéngt. Eng Welt, an där sech d'Joreszäiten ofwiesselen, an engem éiwegen Zyklus:

"Per me, delle stagioni eran passate, non degli anni" [Fir mech si Joreszäite vergaangen, net Joren.]

Den Cesare Pavese gouf 1908 zu Santo Stefano Belbo gebuer, an der Provënz Cuneo, net wäit ewech vun Turin, also an där Géigend, déi hien a senge meeschte Wierker, besonnesch a sengem Roman "La Luna e i falò", de Mound an d'Feieren, beschreift. Land a Leit, an och hir Traditiounen, hat hie kannt. Joer fir Joer, an der Nuecht vum 23. op de 24. Juni, der "notte di San Giovanni", beim Wiessel vu Fréijoer op Summer, gouf an de Felder Feier geluecht - fir de Buedem z'erwächen, fir datt et reent, fir datt d'Recolten eppes bréngen.

"An? Gleefs du un de Mound?", freet den Anguilla säi Kandheetskolleeg Nuto, nëmmen e puer Joer méi al wéi hie selwer, op deen hien ëmmer erop gekuckt huet, deen op bal alles eng Äntwert hat, de Kommunist, deen him erkläert hat, wéi d'Welt funktionéiert, mat Patronen, déi di kleng Leit ausbeuten...

Iwwert säin eegent Liewen an der Mora weess den Anguilla net vill ze soen, bis op d'Aarbecht, déi hien Dag fir Dag do hat misse leeschten. Villméi beschreift hien d'Liewe vun aneren, vun der Famill vum Här, fir deen hie geschafft hat, virun allem d'Liewe vun den dräi Duechteren, deene hie genee nogekuckt hat. Dat duerchdriwwent klengt Santa, an dann déi zwou elegant jonk Dammen Irene a Silvia, fir déi den Anguilla geschwärmt hat - eppes aneschters war wéinst dem Klassenënnerscheed souwisou net denkbar...

"Gleefs du un de Mound?" "De Mound - sot den Nuto - noutgedronge muss een dru gleewen" (...)

"superstizione è soltanto quella che fa del male." [Awerglawen ass nëmmen wann et Schlechtes mécht]

Den Anguilla erënnert sech un een Owend a Kalifornien, wou hien ouni Succès versicht hat e Liewe mat enger Serveuse opzebauen:

Non c'era luna ma un mare di stelle, tante quante le voci dei rospi e dei grilli. (...) Capii nel buio, in quell'odore di giardino e di pini, che quelle stelle non erano le mie, che come Nora e gli avventori mi facevano paura."

[E Mound gouf et net mee e Stäeremier, genee wéi d'Stëmme vun de Mouken an de Grillen. (...) An der Däischtert, an deem Doft vu Gaart a Pinien hat ech verstanen, datt dëse Stären net meng waren, datt se mer, grad ewéi d'Nora an d'Stammclienten, Angscht gemaach haten.]

Nostalgie

Dem Pavese säi Roman setzt d'Nostalgie vun der Heemescht an de Mëttelpunkt, een ambivalent Gefill, sou ambivalent wéi de Mound a wéi d'Feier: "qui stanno male ma nessuno va via. E' perché c'è un destino", seet den Nuto. De Leit geet et hei schlecht mee et geet kee fort. Et ass well et e Schicksal gëtt:

"che cos'è questa valle per una famiglia che venga dal mare, che non sappia niente della luna e dei falò? Bisogna averci fatto le ossa, averla nella ossa come il vino e la polenta, allora la conosci senza bisogno di parlarne (...)"

[wat bedeit deen Dall fir eng Famill, déi vum Mier kënnt, déi näischt kennt vum Mound a vun de Feieren? Et muss een sech d'Schanken hei gemaach hunn, en an de Schanken hu wéi de Wäin an d'Polenta, dann eréischt kenns du en ouni mussen driwwer ze schwätzen]

"Fu Nuto che mi disse che col treno si va dappertutto (...). Cosí, certi giorni che ero nei beni, nelle vigne sopra la strada zappando al sole, e sentivo tra i peschi arrivare il treno e riempire la vallata filando o venendo da Canelli, in quei momenti mi fermavo sulla zappa, guardavo il fumo, i vagoni, guardavo Gaminella, la palazzina del Nido, verso Canelli e Calamandrana, verso Calosso, e mi pareva di aver bevuto del vino, di essere altro, di esser come Nuto, di arrivare a valere quanto lui, e che un bel giorno, avrei preso anch'io quel treno per andare chi sa dove."

[Et war den Nuto dee mer gesot hat, datt ee mam Zuch iwwerall hikënnt. (...) Op verschiddenen Deeg, wéi ech am Gutt beschäftegt war, an de Wéngerten iwwert der Strooss am Gaang de Buedem lass ze kappen, do hunn ech tëschent de Pijebeem den Zuch gespuert, wéi en duerch d'Dällche gejauft war oder vu Canelli koum, an deene Momenter hat ech mech op den Heel gestäipt, den Damp gekuckt, d'Waggonen, hat ech op Gaminella gekuckt, d'Haus vum Nido, a Richtung Canelli a Calamandrana, a Richtung Calosso, an do war et mer, wéi wann ech Wäin gedronk hätt, anescht gewiescht wier, wéi den Nuto gewiescht wier, et fäerdeg bruecht hätt esou vill wäert ze si wéi hien, an datt, enges Daags, och ech den Zuch geholl hätt fir wou och ëmmer hinzegoen.]

An engem Bréif u säi Schrëftsteller-Kolleg Aldo Camerino, vum 30. Mee 1950, schreift den Cesare Pavese iwwer säi Roman "La Luna e i falò":

"La Luna ass dat Buch, dat ech schonn zënter méi laangem a mer droen an dat mer am meeschte Spaass gemaach huet fir ze schreiwen. Dowéinst denken ech, datt ech eng Zäit laang näischt aneschters wäert maachen - wann iwwerhaapt. Et soll een d'Gëtter net ze vill a Versuchung bréngen."

Et sollt dem Pavese säi leschte Roman bleiwen: Nëmmen e puer Méint nom Bréif, de 27. August 1950, huet sech den italienesche Schrëftsteller an engem Hotel zu Turin d'Liewe geholl...

"Un paese ci vuole, non fosse che per il gusto di andarsene via. Un paese vuol dire non essere soli, sapere che nella gente, nelle piante, nella terra c'è qualcosa di tuo, che anche quando no ci sei resta ad aspettarti."

[Et soll een en Duerf hunn, an deem een sech doheem fillt, a sief et nëmme fir de Pleséier kënne fort ze goen. Een Duerf dat heescht net eleng sinn, wëssen, datt an de Leit, de Planzen, dem Buedem eppes ass wat dir gehéiert, dat - och wann s de fort bass - op dech waart.]