Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bombay Bicycle Club - Feel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Andrea Camilleri stierft eng ganz sizilianesch Stiedchen

Ee charismatesche Sizilianer

Mam Andrea Camilleri stierft eng ganz sizilianesch Stiedchen

Den italienesche Schrëftsteller Andrea Camilleri ass am Alter vun 93 zu Roum gestuerwen. Am Ausland war hie virun allem fir seng Krimi-Serie ronderëm de Commissario Montalbano bekannt. Eis Mataarbechterin Valerija Berdi wäert de charismatesche Sizilianer och vermëssen a stellt den Andrea Camilleri a seng Wierker vir.

auto_stories

3 min

De Commissario Salvo Montalbano ass wuel déi bekanntste Literaturfigur vum italienesche Schrëftsteller Andrea Camilleri, déi hien zu Éiere vum spueneschen Auteur Manuel Vazquez Montalban esou genannt huet, dee mat sengem Privatdetektiv Pepe Carvalho an d'Literaturgeschicht agaangen ass.

Mee nieft den éischter amüsante Krimien, déi awer aktuell politesch a sozial Sujete behandelen, huet de Sizilianer, deen zu Roum gelieft huet, eng Abberzuel vun historeschen, akribesch recherchéierte Komedië verfaasst, déi sech och all op Sizilien ofspillen. An dëse Geschichten huet den Andrea Camilleri déi allgemeng mënschlech Onzoulänglechkeeten op d'Schëpp geholl.

Eng fiktiv Stad a Kachrezepter

D'Buch "La concession du téléphone" besteet aus renger Korrespondenz. E Mann wëllt just eng Telefonslinn bei sech installéiere loossen, seng Demande provozéiert total absurd Konsequenzen. Grad esou skurril geet et am Wierk "Un filet de fumée", eng grotesk Farce, déi sech am 19. Joerhonnert ofspillt a wou sech alles ëm Fässer mat Sulfat dréit. Déi meeschte Bicher spillen an der fiktiver Stiedchen Vigata, wahrscheinlech Synonym fir dem Andrea Camilleri säi Gebuertsuert Porto Empedocle.

Och de Commissario Montalbano enquêtéiert zu Vigata. Seng Equipe steet hanner him, virun allem deen net ganz hellen awer sympatheschen Catarella suergt fir Slapstick-aarteg Momenter an de Geschichten.

De Kommissär ass éischter en Eenzelgänger, een deem Gerechtegkeet um Häerz läit, dee gäre gutt ësst, frou ass wa schéi Frae ronderëm hie sinn, soss awer och mol choleresch a fuerchtbar granzeg ka sinn.

A wann hien ësst, dann ass all Gespréich verbueden. Sou sinn och a ville Krimien Kachrezepter vu sizilianesche Spezialitéiten ze fannen, och eng Rei Kachbicher vum Camilleri sinn um Maart.

En heterogenen Themekomplex

U sech entsprécht de Montalbano dem Klischee vun engem Romanpolizist, mee duerch dem Camilleri säi Sënn fir Humor hëlt een och den Montalbano net esou wichteg. Wichteg sinn awer d'Themen, déi de Camilleri a senger Krimi-Rei thematiséiert: Mafia, Korruptioun an dann den Ëmgang mat Flüchtlingen ... fir just déi ze nennen. Si seng Protagonisten zimlech einfach a plastesch duergestallt, sou sinn d'Themen ëm sou méi heterogen.

Den Andrea Camilleri war e politesch engagéierte Mënsch. Als jonke Mann war hie Member vun der kommunistescher Partei, duerno huet hie sech gréisstendeels aus der aktiver Politik erausgehalen, huet awer sëllech Essaien an Zeitungsartikele publizéiert, déi seng lénk Iwwerzeegunge bezeien. Virun allem an der Ära Berlusconi huet sech de Camilleri dacks ganz kritesch ze Wuert gemellt.

Am Ausland sinn et awer seng ronn 30 Montalbano-Krimien, déi hie bekannt gemaacht hunn. All si se nach net iwwersat an - a a propos Iwwersetzung - falls een et net kann am Original liese kann, sou sinn éischter déi franséisch Editiounen ze recommandéieren, déi däitsch sinn am Ufank nach akzeptabel, da ginn d'Iwwersetzunge mat all weiderem Buch ëmmer méi schludderesch.

Anscheinend huet den Andrea Camilleri scho viru Joren de leschten Deel vun der Krimi-Serie geschriwwen, an deem de charismatesche Polizist stierft. Dës Folleg sollt dann nom Camilleri sengem Doud verëffentlecht ginn, e Buch, op dat sech d'Amateure vum Montalbano bestëmmt net freeën.