Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Les Imprimés - You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Mamie, c’est moi qui vais te raconter une histoire”

Literatur

“Mamie, c’est moi qui vais te raconter une histoire”

Fir 10- bis 14-järeg Schoulkanner gëtt zu Lëtzebuerg net vill Literatur verëffentlecht. “L’Imagination”, dat neit Wierk vum Jhemp Hoscheit, soll hëllefen, d’Franséischkenntnisser vun där Alterstranche opzebesseren. D’Geschicht vum klenge Marie-Rose soll virun allem och d’Phantasie ureegen.

auto_stories

2 min

"L'Imagination", Jhemp Hoscheit (Editions Guy Binsfeld/FGIL)

“D’Marie-Rose erfënnt sech seng Welt - eng Phantasiewelt - mat Wierder”, erkläert de Jhemp Hoscheit, Joergang 1951. Säin neit Buch erzielt d’Geschicht vum Marie-Rose. Vun der Boma huet dat 12-Joer jonkt Meedchen den Don vum Geschichtenerziele geierft.

Et geet em den Austausch tëschent de Generatiounen, em d’Gemeinsamkeeten, déi een dobäi entdeckt. Am Virdergrond vu “L’Imagination” steet d’Sprooch, hiren ästhetesche Wäert: “’t ass la magie des mots, ‘t ass la force de la création”, sou de Jhemp Hoscheit.

Freed un der Sprooch duerch d’Literatur

Gläichzäiteg wëll d’Buch e pedagogeschen Notzen erfëllen. D’Enseignantsfederatioun FGIL an d'Editions Guy Binsfeld hunn et zesummen erausginn. Ausgangspunkt fir dee Projet ass de Constat, datt et zu Lëtzebuerg fir Kanner am Alter tëschent 10 a 14 Joer kaum adaptéiert Literatur op Franséisch gëtt. Eng Sprooch, un där vill Lëtzebuerger Schüler besonnesch ze knaen hunn...

Den Editeur Marc Binsfeld sträicht de kommerzielle Gedanken hannert där Publikatioun ervir: “et ass e neie Beräich fir eis, eng nei Zilgrupp.” Fir d’Monique Adam, Presidentin vun der FGIL, ass et wichteg, “geziilt fir déi Lëtzebuerger Kanner och eng Literatur op Franséisch ze hunn, déi hire Franséischkenntnisser entsprécht an hinne Geschichte bidd, déi si interesséiere kënnen”.

Fir de jonke Lieser de Grëff zum Dictionnaire z’erspueren an de Liesfloss sou wéineg wéi méiglech ze stéieren, gi schwéier Begrëffer an de Foussnouten erkläert.