SOT EMOL Manfred Langner: Vum Droit iwwert de Film bei den Theater

De Manfred Langner ass zënter dräi Joer Intendant vum Theater Tréier, mä säi Wee bei den Theater hat e puer Kéieren. Virop hat hien eng Formatioun als Finanzbeamte gemaach, an dono Droit studéiert.

Jean-Claude Majerus / cz

Manfred Langner

Trotz deen Etuden haten hien awer ëmmer Konscht a Kultur am Hannerkapp, en huet dunn am Film a fir d'Tëlee geschafft a schlussendlech ass e beim Theater gelant.

"Léier eppes Anstänneges"

En Ausdrock deen de Manfred Langner awer kennt, mä do seet den Theaterintendant dass jidderee déi Fro fir sech selwer beäntwerte muss.

"Ich war damals in der Schule tatsächlich sodass ich dem Rat meiner Eltern gefolgt bin, das würde ich heut' wahrscheinlich nicht mehr tun. Aber es hat mir in meinen Leben tatsächlich nicht geschadet, es hat mir tatsächlich keine Zeit weggenommen. Ansonsten wäre ich vielleicht auf die Schauspielschule gegangen und ich weiß nicht ob ich als Schauspieler glücklicher wäre als Regisseur oder Intendant."

Finanzbeamter vs. Theaterintendant

De Manfred Langner huet jo eng Formatioun an der Steierverwaltung gemaach an och Betriber kontrolléiert. Als Theaterintendant ass en elo Chef vun engem Betrib, a fir de Goethe ze zitéieren: "Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust."

"Na ja, das hat man schon im Kopf, ich glaube einige Mitarbeiter würden bei mir durchaus sagen: Na klar, der kommt ja auch vom Finanzamt, der ist ja auch immer mit dem Rechnen dabei. Weil ich natürlich schon, das liegt einfach im Blut, man guckt natürlich, schon ob man Geld hat oder nicht."

Wieder viel Zeit zu Hause

D'Corona-Pandemie mat de Restriktiounen huet den Theater Tréier natierlech och getraff, den Theater war zou, an ob emol hat ee vill Zäit doheem, an esou guer dem Manfred Langner seng Duechter, déi och Kënschtlerin ass, war am Confinement zu Tréier.

"So dass wir tatsächlich wieder zu Hause familiär gelebt haben. Also ich hoffe und nehme an, dass meine Frau es auch positiv fand. (...) Aber es war natürlich auch was man in der Pandemie so macht, wenn man wirklich zu Hause in Quarantäne fast ist, angebunden ist und nur einkaufen fährt, und nicht im Theater ist. Und alles nur virtuell über Zoom macht, das ist natürlich auch tatsächlich auch für ne Familie ein Stress manchmal."

"Ich habe angefangen Brot zu backen."

Et muss een awer aus alles och en positiven Aspekt eraus zéien, an de Manfred Langner huet am Confinement Saache gemaach déi e soss wuel net ugefangen hätt, wéi ebe Brout baken.

"Ich hätte nie in meinem Leben gedacht, dass ich mal Brot backe, Sauerteig herstelle und solche Sachen. Und das hab' ich gelernt, das mach ich nach wie vor, das macht auch Freude. Ich geh auch selten zum Bäcker um Brot zu kaufen, sondern ich mach das lieber selbst."

An der Mediathéik:

Sot emol / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

CinEast Präis
CinEast 2021

Déi 14. Editioun vum CinEast-Festival ass e Sonndeg op en Enn gaangen. Als beschte Film gouf schonn den Owend virdrun de kroateschen Drama "Murina" ausgezeechent. E Bléck op de Palmarès.

Murina Keystill CinEast
Film

E Geheimnis brauch net opgeléist ze ginn, doduerch behält et nämlech seng ganz Unzéiungskraaft. Ënnert deem Motto stinn déi lescht zwee Kompetitiounsfilmer, déi mer um CinEast-Festival gesinn hunn.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen