Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maryse Krier - Ein starkes Band

Buchkritik

Maryse Krier - Ein starkes Band

D'Emma an d'Nelly ware bescht Frëndinnen. Vun engem Dag op deen anere verschwënnt d'Nelly ouni Erklärung. Aacht Joer méi spéit setzt d'Emma alles dru fir déi fréier Frëndin an Äntwerten ze fannen. "Ein starkes Band" ass den Titel vun der Maryse Krier hirer neier Novell. D'Valerija Berdi huet d'Buch gelies.

auto_stories

3 min

D'Emma, 27 Joer jonk, gesäit an der Escher Uelzechtstrooss eng Fra, an déi léisst an him staark Erënnerungen aus. Déi friem Fra gläicht onmoosseg dem Emma, senger beschter Frëndin aus der Lycéeszäit. D'Nelly war e ganz besonnescht Meedchen, net ugepasst, weder vum Ausgesinn nach vum Charakter huet sech d'Nelly vun den anere beaflosse gelooss a grad déi Verschiddenheet ass et, wat dës Frëndschaft ausmécht.

Eng aussergewéinlech Frëndschaft

Enges Daags ass d'Nelly einfach fort. Kee weess, wou hatt ass an och dem Emma seng kuerz Versich d'Frëndin ze fannen, scheiteren. D'Emma mécht säi Liewen, et ass an enger Bezéiung, et schafft, e Liewen, dat plus ou moins dohi plätschert, bis et dës friem Fra gesäit a souguer seng Bezéiung riskéiert fir déi deemoleg Frëndin erëmzefannen.

Dës Sich féiert d'Emma iwwer d'Grenzen eraus.

D'Geschicht gëtt mat Réckblenden erzielt. D'Emma erënnert sech un dës aussergewéinlech Frëndschaft, un dat Meedchen, dat schwiereg war an alle Hisiichten an awer eng wonnerbar Frëndin war, an hatt versteet sech selwer net, wisou hatt net méi no him gesicht huet. Elo wëllt d'Emma d'Nelly onbedéngt erëmgesinn, wat net esou einfach ass.

"Ein starkes Band" ass den Titel vun der Maryse Krier hirer Novell, an dëst staarkt Band steet natierlech symbolesch fir dës Frëndschaft, et ass dann och e Bracelet, deen Nelly dem Emma geschenkt hat, deen den Titel an d'Bezéiung tëschent den zwou Fraen bestäerkt.

Ze vill Zitater aus der Weltliteratur

D'Maryse Krier léisst sech an dëser Geschicht ganz staark vun der Jane Austen an der Emily Brontë inspiréieren, sëlleg Zitater vun den zwou groussen Dammen aus der englescher Literatur awer och vum Shakespear a William Blake begleeden d'Entwécklung, deiten op d'Opléisung a sinn och e Band tëschent den zwou Frëndinnen. Souguer d'Nimm vun de Protagonistinnen Emma an Nelly sinn net zoufälleg ausgewielt.

Eng romantesch Geschicht iwwer Frëndschaft, déi awer net iwwer dës Erënnerung an d'Sich erausgeet. Et kann een net richteg novollzéien, wisou d'Emma elo op emol decidéiert hiert ganzt Liewen op d'Kopp ze stelle fir d'Nelly erëmzefannen an d'Opléisung gëtt dem Drama net esou gerecht, och wann dem Nelly seng deemoleg Decisioun alles hanner sech ze loosse bei säi stuere Charakter passt.^

Dat inflationär Beméie vu Zitater aus der Weltliteratur léisst d'Fro opkommen, ob d'Maryse Krier sech net zoutraut hir eege Geschicht an hiren eegene Wierder ze schreiwen, ob esou eng Novell net kéint sech selwer droen? D'Novell ass mat Spannung opgebaut a manner Zitater a méi Atmosphär hätten de Lieser gehollef sech méi intensiv a mat méi Passioun op de Wee vun der "unerhörten Begebenheit" matrappen ze loossen.

"Ein starkes Band" erfëllt sécherlech all Uspréch vun enger klassescher Novell, déi beschriwwen Emotionalitéit erënnert un d'Literatur aus der viktorianescher Ära, wat scho säi Charme huet an am Géigesaz zu der moderner Welt, an där déi zwou Frae liewen, steet. Eng léif Geschicht, déi sech gutt liese léisst an awer den Androck hannerléisst, d'Autorin hätt kënne sproochlech an atmosphäresch méi an d'Déift goen.