Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maschinen wie ich und Menschen wie ihr vum Ian McEwan

Buch-Tipp fir de Summer

Maschinen wie ich und Menschen wie ihr vum Ian McEwan

Dee leschte Roman vum engleschen Auteur Ian McEwan - "Nutshell" - war aus der Vue vun engem ongebuerene Kand geschriwwen. Fir deen neien, "Machines like me - Maschinen wie ich" huet den Ian McEwan sech an d'Denkstruktur vun engem Android probéiert eranzeversetzen. Domat geet lues awer sécher d'Course op en onvermeidlecht Enn lass. Wiem säint, dat weess ee eréischt um Enn vum Roman. D'Nathalie Bender huet d'Buch gelies.

auto_stories

4 min

Net aus der Siicht vun engem ongebuerene Kand, mee aus där vun engem kënschtlech intelligente Wiesen schreift de Ian McEwan säi leschte Roman "Maschinen wie ich".

Adam. Sou heescht de kënschtlech fabrizéierte Mënsch am Ian McEwan sengem leschte Roman mam Titel "Maschinen wie ich", an deem grad sou bezeechnenden Ënnertitel "und Menschen wie ihr".

Et gëtt net nëmmen Adams, also männlech kënschtlech Intelligenter, mee och Eves, déi weiblech Versioun vun deene Begleeder, déi keen anere wéi den Alan Turing am éischte Sënn vum Wuert op d'Bee gestallt huet.

Alan Turing, mir erënneren eis, den engleschen Informatiker, deen ee vun den aflossräichsten Theoretiker vun der Ufanksentwécklung vum Computer war, ausserdeem bekannt fir säi Bäitrag am Zweete Weltkrich fir däitsch Funkmessagen ze entzifferen, an an der Realitéit vun 1912 bis 1954 gelieft huet.

Am Ian McEwan senger Geschicht lieft den Alan Turing awer nach an den 1980er Joren, enger Zäit, déi an dëser Fiktioun scho vun Technologie an engem Mooss iwwerschwemmt ass, datt all neien technologesche Gadget d'Mënsche scho quasi langweilt.

Matzen dran: den Charlie

Politesch ass England an der Kris, et war Falklandkrich, d'Margaret Thatcher gëtt mat tréinenerstéckter Stëmm zou, datt de Verloscht vun de Falklandinselen hir Responsabilitéit ass, a ganz England ass an Oprou, wéi et elo soll weidergoen, nodeems den Ian McEwan d'Geschicht ëmgeschriwwen huet.

An dësem Universum vun iwwersättegter Konsumgesellschaft a vagem Niewegoût vun enger Natioun, déi grad de Krich verluer huet, begéine mir den Charlie, 32 Joer jonk, ouni fest Akommes.

Net well hie keng Qualifikatioun hätt, hien huet divers Studiegäng ugefaangen an nees ofgebrach an nom Doud vu senger Mamm decidéiert, sech op sengem Ierwen auszerouen a vun doheem aus e bëssen un der Bourse ze spekuléieren, wat him net geléngt.

Mat der Mënz, déi d'Elterenhaus him abruecht huet, keeft den Charlie en Adam, ass dono nees aarm wéi Jopp awer verléift an d'Miranda, dat zéng Joer méi jonk ass, brillant Studentin, an e Stack iwwer dem Charlie an engem éischter delabréierten Appartementshaus zu London am Staddeel Clapham wunnt. Him schwieft e gemittlech Liewen zu drëtt vir:

"Ich war mir sicher, dass es nur die Vibrationen der Unterrundbahn waren, die dreißig Meter unter uns dahindonnerte, sagte aber nichts.

Adam war kein Sexspielzeug. Dennoch war er zu Sex fähig und besaß funktionierende Schleimhautmembranen, für deren Versorgung er jeden Tag einen halben Liter Wasser benötigte. Mir fiel auf, dass er unbeschnitten war, recht gut bestückt, das Schamhaar voll und dunkel. Dieses hochentwickelte Modell eines künstlichen Menschen verkörperte vermutlich, was seinen jungen Programierern gefiel, und den Adams und Eves wurde nachgesagt, überaus temperamtnvoll zu sein."

Haapthandlungssträng: Sex an Elteren

An dësem Extrait leet de McEwan schonn zwee vun den Haapthandlungssträng vu sengem Buch: Eltere sinn oder wëlle ginn a Sex.

Béid Theme kommen an ënnerschiddlechen, deels a ganz iwwerraschenden awer och grausamen Deklinatiounen zeréck, an och dës Zeile si bezeechnend fir dat, wat de McEwan am Laf vu sengem Roman nach wäert op d'Tapéit bréngen.

"Vor uns saß das ultimative Spielzeug, der wahrgewordene Traum vieler Jahrhunderte, der Triumph des Humanismus - oder sein Todesengel. Unfassbar aufregend, aber auch frustrierend. Sechszehn Stunden waren eine lange Zeit, wenn man nur warten und zusehen konnte ... Miranda, die Sozialgeschichte studierte und promovieren wollte, sagte sie wünschte, die junge Mary Shelley könnte bei uns sein und mitverfolgen, wie nicht etwa ein Ungeheuer à la Frankenstein, sondern dieser attraktive junge Mann mit dem Bronzeteint zum Leben erwachte ..."

D'Ausernanersetzung mat der kënschtlecher Intelligenz

Wie gär McEwan liest, sollt och dëse Roman net verpassen, sech awer bewosst sinn, datt net alles sou historesch stëmmt, wéi den Auteur et bewosst als selbstverständlech dohischreift.

Et ass kloer eng Dystopie, déi de britesche Schrëftsteller materiell an d'Zukunft, zäitlech awer an d'Vergaangenheet, verluecht huet, a ganz sécher d'Opfuerderung un de Lieser, sech mat de Konsequenze vun der Kënschtlecher Intelligenz auserneenzesetzen, an der Fro, wéi e Liewe méi wäert ass: dat vum Mënsch aus Fleesch a Blutt, oder dat vum als Mënsch geformten Android.

Plazeweis huet dem Ian McEwan säi Roman "Maschinen wie ich" gefillt Längten.

Awer: wann ee schonn e Buch liest, kann een och Zäit genuch hu fir souguer déi Plazen op sech wierken ze loossen, schliisslech soll Liesen net nëmmen Informatioun bréngen, mee och der Schnellliewegkeet e bësse Limitte setzen.