Radioen

On air

Tockcity  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat den Helden am Schluechthaus

Nei am Kino

Mat den Helden am Schluechthaus

Vill Gewalt, vill Blutt stinn um Programm vun "The Northman", der amerikanescher Verfilmung vun enger nordescher Saga. Ee visuell beandrockende "Vengeance"-Drama, deen sech vum gängege Fantasy-Kuddelmuddel ofhieft.

auto_stories

3 min

Um Enn vum 9. Joerhonnert hat de Prënz Amleth (Alexander Skarsgård) als Kand missten erliewen, wéi säi Papp, de Kinnek Aurvandill (Ethan Hawke), vu sengem eegene Brudder Fjölnir (Claes Bang) ermort gouf. Deen hat dunn deem seng Kroun a seng Fra (Nicole Kidman) iwwerholl.

Den Amleth selwer konnt flüchten, hat awer geschwuer, sech iergendwann eng Kéier ze rächen. Als erwuessene Wikinger gëtt hie Jore méi spéit gewuer, datt sech de Fjölnir mëttlerweil an Island niddergelooss huet. Do léisst den Amleth sech als verdeckte Sklav vu sengem Monni kafen. Sengem Plang steet am Prinzip näischt méi am Wee...

Blutt a Gedäerms

"The Northman" ass um legendäre skandinavesche Personnage Amleth inspiréiert. Kléngt e bësse wéi Hamlet : normal, et war och schonn d'Virlag fir dem Shakespeare säi Kinnek vun Dänemark. Dem Amerikaner Robert Eggers säin drëtte Long-métrage ass am Fong geholl näischt anescht ewéi e brutale Vengeance-Drama, an deem vill Guergelen zerschnidden, Käpp zerschloen an aner Kierperdeeler zerstach ginn, dat mat alle méigleche Waffen : Messeren, Aaxten, Lanzen, Schwäerter. Et fléisst vill Blutt a Gedäerms quëllt nëmmen esou aus de Bäich eraus, sou wéi dat sech fir nordesch Sagae gehéiert.

Sou drastesch wéi et sech unhéiert ass et och. Mee déi europäesch Kultur fousst nun emol op engem Fundament vu Gewalt. Am Géigesaz zum gängege Fantasy-Kuddelmuddel huet een den Androck, et hei éischter mat enger puristescher Ëmsetzung vun der germanescher Mythologie ze dinn ze hunn, Schamanen-Hokus Pokus (Cameo-Optrëtter fir d'Sängerin Björk an de Willem Dafoe) mat Mënsch-Déier Ritualer a gerullten R'en abegraff.

Keng Verherrlechung vun der Gewalt

"The Northman" ass awer elo weder penibel nach lächerlech. De Film fënnt de richtegen Equiliber tëschent de verschiddenen Elementer, quitt datt dat quasi permanent Getrommels dach e bëssen ze vill däers Gudden ass.

Eleng déi beandrockend Fotografie ass largement der Wäert, mat de beispillsweis grandiose Landschaftsopnamen. Eng Partie Nuetszeene sinn a sëlwerege schwaarz-wäisse Biller gehale fir z'ënnersträichen, datt dem Amleth säi Spezialschwäert nëmmen zu deem Zäitpunkt kann zum Asaz kommen.

Droen déi schéi Biller net och zu enger Ästhetiséierung vun der exzessiver Gewalt bäi ? De mythologesche Kader schaaft do schonn eng gewëssen Distanz, och wann de Spectateur beim Iwwerfall vun engem Duerf duerch duerchgedréint Wikinger net dolaanscht kënnt, de Bezuch mam aktuelle Krich an der Ukrain ze maachen.

Och wann d'Gewalt vun de (männleche) Kämpfer an dëser traditioneller Gesellschaft als Dugend gefeiert gëtt : de gesellschaftlechen Zwang, fir ëmmer erëm déi perséinlech Éier mussen ze verdeedegen, respektiv sech sengem "Schicksal" hin ze ginn, féiert am Fall vum Amleth zu engem trageschen Enn.