Radioen

On air

Notturno  |  Water From Your Eyes - "Quotations"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat engem Dollar pro Dag rondrëm d'Welt

Reesliteratur

Mat engem Dollar pro Dag rondrëm d'Welt

A sengem Essai "Mes Voyages avec André Brugiroux" (Editions Phi) beschreift den Tahar Slimani de reliéis ugehauchte Liewensstil vu sengem Globe trotter-Kolleeg - hält sech selwer awer verdächteg zeréck.

auto_stories

4 min

Mëtt den 1980er Joren hu sech hir Weeër fir d'éischt gekräizt, sou den Auteur Tahar Slimani, deemools nach e jonke Mann vun Uganks 20, wärend deen nach eng Kéier esou alen André Brugiroux do schonn déi hallef Welt, wann net méi, bereest hat.

Et sollt nach e Joerzéngt dauere bis déi zwee zesummen eng ganz Rëtsch Länner a Géigende konnten ofklappen, dorënner Russland, Jemen, Syrien, Saudi-Arabien, Südafrika, Alaska, Kanada, Mexiko, asw. ''Mes Voyages avec André Brugiroux'' (Editions Phi) vermëscht op eng relativ holpereg Manéier de Resumé vun dëse Reese mat der Nozeechnung vum Liewensparcours vum Slimani sengem eelere Globe Trotter-Kolleeg.

Friemsprooche léiere wier dem jonke Brugiroux seng Haaptmotivatioun gewiescht, wéi hie Mëtt de 50er Jore lassgezu war fir noeneen a Schottland an a Irland, am frankistesche Spuenien, an dann och am Land vum fréieren däitschen Äerzfeind ze schaffen an ze touren - d'Noutwendegkeete vun der Libido ginn als Beweeggrond och gesträift.

Sobere Liewensstil, mat Hëllef vum Bahá'í-Glawen

Zënter deem huet den André Brugiroux, wéi et schéngt, kee Fleck op der Äerd ausgelooss, woubäi hien ëmmer Land a Leit hätt wéilte kenneléieren, am Géigesaz zum aktuellen Trend vun de sougenannte ''je-mets-les-pieds'', wéi en se nennt, déi haaptsächlech Stempelen am Pass sammele wéi Juegdtropheeën.

Déi sëlleg Reese sollten och ganz einfach gehale ginn, nom Prinzip : een Dollar pro Dag. Dëse sobere Liewensstil krut spéiderhin e spirituellt Fundament. Nodeems hie scho vun enger jonker a flotter Italienerin an d'Astrologie agefouert gi war, hat de Brugiroux Enn de 1960er Joren an Alaska de Bahá'í-Glawe fir sech entdeckt.

Zënter deem huet hien déi verschidde Reesetappe genotzt, fir op Konferenzen ze missionéieren. Sou erkläert hie sengem Publikum, datt eng vun de Bahá'í prophezeite Weltregierung d'Léisung vum Krich um Globus wier:

''André est fermement convaincu que le plan administraif mondial bahá'í, révélé au IXIe siècle en Perse pour gérer la planète comme une seule entité politique, qui est en train de gagner sans bruit les confins de la Terre aujourd'hui, serait la solution. Plan inédit, jamais utilisé à ce jour'';

datt dat Béist guer net existéiert an et eigentlech duer geet, d'Däischtert mat Luucht z'erfëllen:

''Chacun d'entre nous est semblable à une lumière potentielle qu'il convient d'activer, et ensuite le travail sur soi et les actes purs et bons contribueront à intensifier son éclat'';

an datt d'Eenheet vun de Mënschen am Fong vun engem Accord tëschent de grousse Reliounen op der Welt ofhänkt:

''il faudra également que les grandes religions de ce monde s'accordent sur les grands principes d'unité qui sont les leurs. (...) Je ne suis pas devin, mais les livres sacrés promettent cet âge d'or. La race humaine fusionnera pour devenir une grande famille.''

Biographie vun engem Hellegen

Wat den Tahar Slimani vun dëse Virstellungen hält, ob e sengem Frënd seng Opfaassung deelt oder, bei aller Frëndschaft, se a Fro stellt, dat gëtt de Lieser leider net gewuer. Allgemeng gëtt een d'Gefill net lass, d'Biographie vun engem Hellegen ze liesen, zum Beispill wann den Auteur iwwert de Brugiroux schreift : ''il dégage un magnétisme qui attire les femmes'', oder wann en Aussoe rapportéiert wéi déi heiten : ''Denise aime beaucoup André, qu'elle considère comme un être exceptionnel''.

Et muss ee scho praktesch de Schluss vum Buch ofwaarden, fir e klenge B-mol an där Hagiographie ze liesen. Et geet nämlech ëm eppes wat déi frëndschaftlech Bezéiung no Jore vu gemeinsame Reesen op eng haart Prouf gestallt huet : den André... schnaarcht !

Wat denkt den Auteur iwwerhaapt?

Um Enn vun deem 200 Säite laange Buch, dat ze dacks iwwerflächlech-anekdotesch bleift an no un der Grenz mat engem schwéierfällegen Dia-Owend-Commentaire, hëlt sech den Auteur ëmmerhin eng ganz Säit - den Epilog - fir méi perséinlech Gedanke lass ze ginn:

''Il paraît que l'on voit chez un mentor ce que l'on est au fond de soi. En observant les sacrifices qu'il a faits pour réaliser son rêve, je me demande souvent quel est mon propre rêve. Et quels sacrifices je devrais consentir afin de le réaliser. Je ne sais pas.''

Datt den Tahar Slimani sech esou verdächteg zeréckhält an dem Lieser verstoppt, datt hie seng Suen am FinTech-Beräich ënnert anerem als Fongemanager verdéngt, ass vläicht besser fir hien. Soss hätt en sech a sengem Buch nach missten de Kapp driwwer zerbriechen, wéi d'Een-Dollar-pro-Dag-Moral vu sengem Mentor iwwerhaapt mam lukrativen Handel mat Bitcoins an Aklang ze bréngen ass.