Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat enger optimistescher Cecil's Box géint de Corona-Down

Kultur

Mat enger optimistescher Cecil's Box géint de Corona-Down

D'Cecil's Box ass vun hiren Dimensiounen hier net enorm, mee d'Ausstellungsvitrine vum Cercle Cité bitt engem Kënschtler awer eng enorm Plattform: d'Cecil's Box, an also och hiren Inhalt, si vun der Paschtoueschgaass aus 7 Deeg an der Woch, 24 Stonnen op 24, ze gesinn. Enn leschter Woch war Vernissage vun der Lynn Cosyn hirer Aarbecht "Ukiyo - Living the Moment". Déi fréier Architektin Lynn Cosyn, déi sech zanter fënnef Joer erfollegräich eng Existenz als Illustratrice opgebaut huet, huet dem Kerstin Thalau d'Iddi hannert den Holzplacken-Illustratiounen erkläert.