Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mateneen" mat der Ann Sophie Lindström

Ausstellung

"Mateneen" mat der Ann Sophie Lindström

D'Fondatioun Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte war 1944 vun der Groussherzogin Charlotte gegrënnt gi fir Krichsaffer ze hëllefen. Et war deemno fir hir Membere viru gutt fënnef Joer selbstverständlech am Kader vun der Flüchtlingskris aktiv ze ginn. Ënner dem Titel "Mateneen" huet d'Oeuvre zwee Joer laang eng 100 kulturell Projeten, zum Theema "Integratioun vun de Refugiéen", finanziell ënnerstëtzt. Dräi Fotografen hunn d'Aktioune begleet, hir Fotoe kënnt Dir elo am Cercle Cité gesinn.

auto_stories

3 min

Saachen, déi een als Fotograf erlieft, Schicksaler a Leit, déi ee kenneléiert, déi bleiwen, an déi hëlt ee mat. Dovunner ass d'Ann Stophie Lindström iwwerzeegt.

"Et ginn ëmmer erëm Momenter, wou een dorunner denkt, mol méi mol manner staark, mee ech géif mengen, datt dat alles bleift."

Der Ann Sophie Lindström hir Fotoe fale scho vu Wäitem duerch hir sat Faarwen op, strale quasi Optimismus aus, zéien un. Steet een allerdéngs just virdrun, realiséiert een, datt d'Faarf Detailer ervirhieft, déi eng aner Sprooch schwätzen. Et wier méi wéi "just beschreiwen", zielt d'Ann Sophie Lindström. "Et ass einfach déi Stëmmung."

Ee Bléck hanner den Dekor

Déi ausgebilt Fotojournalistin an Dokumentarfotografin Ann Sophie Lindström, Joergang 1984, hat fir hire fotografesche Suivi vun de "mateneen"-Aktioune Carte Blanche. Si huet ënner anerem decidéiert en Theaterprojet ze suivéieren, si huet vill Zäit mat de Participante verbruecht, also souzesoen e Bléck hanner den Dekor kritt.

Ee Resultat: en däischteren, intimistesche Portrait vun zwee Männer, déi vun den Theaterkulissen aus hire Bléck a Richtung Bün vagabundéiere loossen:

"Den Omar hat do just erzielt, wéi hie seng Cousinë verluer hat, well hire Pick-Up-Truck bombardéiert gi war, a wéi hie quasi d'Kierperdeeler zesummegesammelt hat. Déi Foto do ass just entstanen, nodeems hien dat op der Bün erzielt hat. Hie war dunn total ugespaant, an huet sech zeréckgezunn. Dee Jonken, de Shahem, ass spontan bei hie gaangen, fir hien an den Aarm ze huelen an him Trouscht ze ginn."

En anert Bild weisen

D'Ann Sophie Lindström wiert sech fotografesch géint gesellschaftlech Stereotyppen. Dacks begleet si intensiv iwwer Méint a Jore Gruppen, déi sech um sougenannte Bord vun der Gesellschaft beweegen, zum Beispill Punks zu Hannover, oder eng Communautéit vu Schwaarzen, déi sech als Cowboyen an der amerikanescher Stad Philadelphia Päerd halen.

Dee Choix hätt si net bewosst geholl, dat wier einfach geschitt. Fir de Projet "mateneen" war si direkt mat, well et fir si kloer war, datt déi ëmmer nämmlecht Fotoen a beweegte Biller, déi vun de Flüchtlingen an de Medien dominéiert hunn, net alles wieren, a si och en anert Bild weise wollt.

Um Terrain huet si sech dunn allerdéngs ufanks méi schwéier gedoe wéi soss, vue datt d'Fotografie fir en etlech Refugiéen, deenen hir Odyssee schonn aus alle méigleche Perspektive festgehale gi war, mëttlerweil e gewësse Stempel hat.