Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Kaili

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maueren als Trennung

"Down with Walls!" am Neimënster

Maueren als Trennung

Den 9. November ass den 30. Joresdag vum Fall vun der Berliner Mauer. E "Feier"-Dag? Fir d'Organisateure vum CinEast-Filmfestival jo, well doduerch déi sougenannt "Wende" agelaut gouf. Dowéinst huet d'CinEast-Equipe net just Filmer zum Thema "Mauere si keng Léisung" selektionéiert, mee parallel dozou mam Institut Pierre Werner d'Fotoexpo "Down with Walls!" am Neimënster opgeriicht.

auto_stories

2 min

Dat ass Mauer:

  • Verschidde Prototyppe fir e Rempart, also Mauerechantillonen, an enger Rei laanscht déi mexikanesch-amerikanesch Grenz. De Kai Wiedenhöfer huet se mat enger Dron am Donst opgeholl.
  • D'Mauer am Oste vu Belfast, déi eng kathoulesch vun enger protestantescher Noperschaft trennt; ironescherweis gëtt se "Peaceline" genannt; hir laang annoncéiert Demolitioun ass elo wéinst dem Brexit nees opgeschuppt ginn.
  • An ëmmer nees eng vun den héchste Barrièren: d'Spärinstallatioun tëschent Israel a Palästina.

Do seet een agefruerene Bléck, also eng Foto, tatsächlech op d'mannst grad esouvill wéi beweegte Biller, well ee sech als Spectateur direkt konfrontéiere muss. Dat ass Mauer: fir de Kai Wiedenhöfer Maueren am Kapp, infantil Muechtdemonstratiounen, well esou eng Konstruktioun just eppes duerstelle soll, awer kee reelle Schutz bitt, de Wee uewendriwwer oder ënnendrënner ass jo fräi.

Maueren als Faszinatioun

De Kai Wiedenhöfer koum 1966 a Baden-Württemberg op d'Welt, huet zu Essen Fotografie, spéider a Syrien arabesch studéiert. Hie war am éischte Semester op der Folkwang-Héichschoul, wéi d'Berliner Mauer ugefaangen huet ze wackelen. Mat engem Kolleeg ass hie spontan fir véier Deeg op Berlin gefuer, huet iwwer dem Fotograféiere vum Fall geduecht, "Elo sinn d'Maueren ad absurdum geféiert, si vermuuschten um Dreckstipp vun der Geschicht, d'Welt ass endlech fräi".

Foto: Margo Skwara

Mee dunn ass alles anescht komm, de Kai Wiedenhöfer ass zum gefrote Mauerfotograf ginn, sammelt an dokumentéiert hiren Opstig weltwäit, net just fir Ausstellungen a seng priméiert Publikatiounen, mee och fir Magasinne wéi Newsweek, Geo, Stern, NZZ. Hie setzt sech Geforen aus, verbréngt vill Zäit op Grenzen, do wou de Rescht vun der Mënschheet kuckt, datt e fortkënnt. Mee de Kai Wiedenhöfer hat ni wierklech d'Gefill, datthi en eppes ze verléieren hätt, éischter eppes ze wannen, an datt seng geléiert Friemsproochen him scho weider hëllefe géifen.

Maueren, déi Wonnen hannerloossen

Nieft der Dron schafft de Kai Wiedenhöfer mat enger vun Hand fabrizéierter Panoramakamera. Domat dokumentéiert hien, wéi Mauere Wonne queesch duerch d'Welt zéien. Seng Wander-Expo wall on wall, déi no Berlin an Oslo aktuell zu Belfast gewise gëtt, ass e beandrockenden Temoignage vu senger Konscht.

D'Gruppenexpo am Neimënster gëtt dogéint natierlech just e klengen Abléck an d'Wierk. Deemnächst kënnt och nach eng Publikatioun iwwer dem Kai Wiedenhöfer seng Joren am Noen Osten eraus. An dann? Wéini ass hien zefridden? Wann hie mental Maueren aräisse kann?