Projet de loi Méi sozial Ofsécherunge fir ArtistInnen

D'Aarbechtskonditioune vu fräischaffenden ArtistInnen an Intermittente vum Spektakel solle verbessert ginn: d'Kulturministerin Sam Tanson proposéiert dowéinst an hirem projet de loi eng Reduktioun vun der Referenzperiod an Ännerunge beim Revenu moyen.

Valerija Berdi / tt

Jo Kox a Sam Tanson

1999 gouf et dat éischt Gesetz ze Lëtzebuerg, wou Kënschtlerinnen a Kënschtler e Recht op eng finanziell Ënnerstëtzung vu Säite vum Staat kruten. 2014 gouf dëst Gesetz modifizéiert an elo ass e Projet de loi presentéiert ginn, deen der aktueller Situatioun vu fräischaffende Kënschtler an Intermittante soll ugepasst ginn. Am Regime vum Artiste professionell sinn, Stand 1. November, 84 Beneficiairen an 203 am Regime Intermittent du spectacle.

Professionaliséierung vun der Konschtzeen weiderdreiwen

Am Austausch mat der "Union luxembourgeoise des associations du secteur culturel", déi am Confinement 2020 gegrënnt ginn ass, ass dann un dësem Projet de loi, deen am Kulturentwécklungsplang virgesi war, geschafft ginn. Fir d'Kulturministerin Sam Tanson geet et drëm:

"D'Aarbechtskonditioune vun de professionellen Artisten an den Intermittenten ze Lëtzebuerg ze verbesseren an doduerch déi kënschtleresch Kreatioun ze ënnerstëtzen. Et geet drëm eng Professionaliséierung vun der Konschtzeen ze promovéieren dann och nach d'Definitiounen, d'Glossairen, wat heescht wat, vu wiem schwätze mer hei, d'Adaptatioun vum legale Regime un déi reell Aarbechtskonditiounen ass och extrem wichteg."

D'Modifikatiounen, déi am neie Gesetz solle stoen, betreffen ënner anerem d'Reduktioun vun der Referenzperiod. De Revenu moyen soll elo iwwer zwee Joer an net just op ee Joer gekuckt ginn, erkläert d'Sam Tanson:

"Dat war och eng Demande vun den Artisten, well et ka ganz gutt sinn, datt een e ganz gutt Joer huet, dat ee ka kombinéiere mat engem méi more Joer, dann ass dat och en Avantage fir den Artist."

Fir d'Démarchë fir d'Artistinnen an Artisten ze vereinfache gëllt fir déi éischt an déi zweet eng Dauer vun der Validitéit vu 24 Méint a vun der drëtter Demande un., da fir 36 Méint.

Hëllefe pro Mount ginn an d'Luucht gesat

Aides mensuelles ginn dann och fir den artiste indédendant gehéicht an dat op 1,5x de Mindestloun. Dat heescht am Ganzen dierf de Konschtschaafenden um Enn vum Mount 4.062,53 Euro verdéngt hunn. Den Deel, deen hie vum Staat ka kréie sinn 2.708,35 Euro:

"Beispill: huet eng Persoun e Revenue vu 4.062,35 Euro deklaréiert, ka si fir dee Mount da keng Aiden ufroen, well dann ass si schonn op deem Limite vun 1,5 mol de Mindestloun ukomm. Huet si dogéint 300 Euro deklaréiert, kritt si eng Ënnerstëtzung vun 1062 Euro."

En Intermittant muss hautdesdaags 80 Deeg Aktivitéit hunn am Joer virun der Demande, et brauch een e Revenue d'Activité, dee véier mol de Mindestloun ausmécht an eng Affiliatioun. Do kann een natierlech net gläichzäiteg de Statut vum Artist hunn, erkläert d'Sam Tanson. Elo soll de Champ d'activité vergréissert ginn, also méi verschidde Beruffer solle mat consideréiert ginn.

D'Aktivitéiten, déi an de sougenannte Carnet kënnen ageschriwwe gi, weiden sech ënner anerem op den edukative Kontext aus (maximum 10 vun den 80 Deeg Aktivitéit). Leit iwwer 50 Joer musse just nach 60 a keng 80 Deeg Aktivitéit virleeën.

Fir an de Genoss vun dëse Mesuren ze komme muss een awer folgend Konditiounen erfëllen: eng Affiliatioun beim Centre commun an en "notoiren Engagement an der Lëtzebuerger Konscht- a Kulturzeen", esou d'Ministerin Sam Tanson.

Méi zum Thema

C'est Karma
Op der Bün an hanner der Bün

Fraequoten an en adequat Verhältnes vun der Geschlechter si scho laang en Theema. Och de Kultursecteur ass nach ëmmer männerdominéiert. Op der Bün an och hannendru gëtt et dacks en Ongläichgewiicht.

Sam Tanson
Denkmalschutz

Iwwer dat neit Denkmalschutzgesetz dierft nach dëst Joer an der Chamber ofgestëmmt ginn, esou d'Kulturministerin Sam Tanson. Virum Summer ass eng lescht Serie vun Amendementer un de Staatsrot geschéckt ginn.

 

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Panorama

  • Tockcity

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen