Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschen, déi d'Gesellschaft net wëllt

Dimitri Verhulst

Mënschen, déi d'Gesellschaft net wëllt

Seng Kandheet am Heem verschafft den Dimitri Verhulst a senge Bicher. Seng Protagoniste sinn der, déi et net gepackt hunn. Déi onerwënscht sinn. Junkien, Sans-Abrisen, Aarbechtsloser a Mäerder. Ee Gespréich mam Auteur.

auto_stories

3 min

Den Dimitri Verhulst (Foto: picture alliance / Sven Simon)

De belschen Auteur Dimitri Verhulst thematiséiert seng schwiereg Kandheet a Jugend ëmmer nees a senge Wierker. Seng Bicher si kontrovers, seng Sprooch däitlech a witzeg, säi Stil zynesch. 2006 huet hie mat "Die Beschissenheit der Dinge" den Duerchbroch gepackt.

"An dësem Buch geet et ëm dee Moment wou meng Mamm décidéiert huet en neit Liewen unzefänken", erkläert den Auteur. Säi Papp wier ee schwéieren Alkoholiker gewiescht. Hien hätt moies um 5 Auer ugefaange mat drénken, wier ganz aggressiv ginn, an hätt dee ganzen Dag iwwer weider gedronk.

D'Mamm huet de Mann an hire Bouf verlooss. Hie war also eleng mat sengem Papp, deen net amstand war fir sech selwer ze retten. An "Die Beschissenheit der Dinge" beschreift den Dimitri Verhulst, wéi hie mat der Groussmamm, dem Papp a véier Monnie gelieft huet, déi alleguer Alkoholiker waren. Ee Jugendriichter hätt decidéiert, hien an een Heem ze placéieren. Dës nächst Etapp a sengem Leiwen thematiséiert den Auteur a sengem neie Wierk "Die Unerwünschten"

D'Grausamkeet am Heem

Den Dimitri Verhulst hëlt de Lieser mat an d'Kanner- a Jugendheem "Sonnenkind", wou Jonker liewen, déi vun hirem familiäre Milieu onerwënscht sinn. Hie selwer hätt nach Chance gehat, fënnt den Auteur: "Ech koum mat 16 Joer an d'Heim, ech wousst also datt ech nëmmen zwee Joer misst do bleiwen." Anerer wieren als Puppelchen ukomm a wieren 18 Joer bliwwen. Obwuel hie keng Elteren a kee Geld gehat hätt, hätt hien aner Kanner gesinn, deenen et vill méi schlecht gaange wier.

Ënner anerem beschäftegt den Auteur sech an "Die Unerwünschten" mat engem Bouf, deen um selwechte Stack wéi hie geschlof huet, an dee sech mat 17 Joer d'Liewe geholl huet. Kanner kéinten immens eekleg sinn, erkläert den Dimitri Verhulst. Och mat dësem Bouf wiere si am Heem grausam gewiescht. Obwuel hie genee esou eng traureg Geschicht hat wéi si alleguer. No sengem Doud hu si sech schëlleg gefillt. "Dat Gefill ass e Liewe laang bliwwen."

Den Auteur an d'Mäerderin

De Grond, firwat hien dëst Buch geschriwwen huet, war d'Geschicht vun eng aner fréierer Matbewunnerin. Mat 30 Joer ass si bekannt ginn, well si hir zwee Kanner ëmbruecht huet. "Si huet sech als Mamm net wuelgefillt, wousst keen Auswee an huet hire Bouf an hiert Meedchen dout gemaach. Mir hunn also eng laang Zäit vun eisem Liewen zesummen am Heem verbruecht. An een Dag ware mir zesummen an der Zeitung: Ech als Auteur, a si als Mäerderin."

Wat hien intrigéiert hätt wier, datt hie mat deene selwechte Kaarten der Spiral vu Misère an Armutt konnt entkommen. An dës Fra net. "Bis haut weess ech dorop keng Äntwert, mee ech hunn de Besoin dës Fro ëmmer nees ze stellen."

Kanner vu problemateschen Elteren

Den Dimitri Verhulst ass 1972 gebuer, an a sengen Aen ass d’Problematik vun den "onerwënschte" Kanner haut wéi deemools präsent. Just gutt verstoppt. "Si ginn als problematesch Kanner ugesinn, mee si sinn dat net. Si sinn d'Kanner vu problemateschen Elteren." Dës Mënschen hätten déi selwecht Intelligenz an déi selwecht intellektuell Méiglechkeete wéi soss jiddereen. Mee si hätten net d'Geld an d'Geleeënheet fir sech selwer z'entwéckelen.

Wann d'Kanner mat 18 Joer aus dem Heem op d'Strooss géife gesat ginn, hätte si immens wéineg Choix fir hiert Liewen. Vill vu senge Kollegen vun deemools wiere kriminell ginn, drogenofhängeg, suicidaire, sou den Dimitri Verhulst. "Virun e puer Joer hu mir eis erëmgesinn, an et war schockant ze gesinn, datt nëmmen zwee vun eis eng Aarbecht hunn."