Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hot Chip - Boy From School

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschleche Foie gras op Toast

Netflix

Mënschleche Foie gras op Toast

Wann déi kënschtlech Intelligenz um Punkt ass, d'Muecht z'iwwerhuelen. Dem Jean-Pierre Jeunet säi "Big Bug" ass eng intelligent dystopesch Komedie iwwer d'Relatiounen tëschent Mënsch a Maschinn.

auto_stories

3 min

Mir sinn am Joer 2045. Wärend d'Alice (Elsa Zylberstein) sech doheem vun engem Fernseeproduzent (Stéphane de Groodt) verféiere léisst an deenen zwee hir respektiv Kanner sech an der Wunneng och méi no kommen, dauchen den Ex-Mann mat der Frëndin an eng Nopesch op.

Och wa keen dat wierklech wëll, muss deen zesumme gewierfelte Grupp et zesummen aushalen: dobaussen ass nämlech eng Revolt vun Androide géint d'Mënschen ausgebrach, an d'Hausroboteren hunn decidéiert, déi voll automatiséiert Wunneng aus Sécherheetsgrënn ze spären. A wéi kënnt een do erëm eraus?

De franséische Realisateur Jean-Pierre Jeunet, bekannt fir säi ganz imaginative Kino ("Delicatessen", "Le Fabuleux destin d'Amélie Poulain", "Alien 4"), setzt sech iwwer de Wee vun enger dystopescher Komedie mat de méiglechen Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an där hire Konsequenzen auserneen.

Technologesch Singularitéit

Den Datum, op deem sech dëse satiresche Huis-clos ofspillt, ass net zoufälleg gewielt: 2045 ass fir den amerikaneschen Tech-Guru Ray Kurzweil den Zäitpunkt, wou d'Intelligenz vun de Maschinnen déi gesamt mënschlech Gehierkapazitéit kéint iwwerholl hunn. Déi kënschtlech Intelligenz wier deemno net méi op de Mënsch ugewisen, fir sech ze reproduzéieren. Dësen Iwwergang nennen Experten "technological singularity".

Datt Roboteren d'Muecht kéinten iwwerhuelen an d'Mënschen eventuell versklaven, ass eent an der populärer Kultur, besonnesch an der Science Fiction, gängegt Thema. Am Jeunet sengem "Big Bug" gëtt dës Gefor vun de sougenannte Yonyxe verkierpert, Robocop-änlech, martialesch Maschinnen, déi an engem Telëesprogramm mam bezeechnenden Titel ''homo ridiculus'' ze verstoe ginn, wat se vun der mënschlecher Spezies halen: wa se se net wéi Hënn un der Léngt féieren a mat soss Zirkusspillercher humiliéieren, genéissen se se a Form vu Foie gras op engem Toast!

Wat ënnerscheet Mënsch a Roboter?

Am Kontrast zu deene ganz kloer feindleche Wiese stinn d'Hausroboteren. Si si méi al Versioune vum technologesche Fortschrëtt, déi nach vum Mënsch programméiert gi sinn, fir ëm den Alldag ze vereinfachen: se kachen, se botzen, se bidden intellektuell Ënnerhalung, befriddege sexuell Wënsch, asw.

Hiert Zil ass et net, d'Mënschen ënner hir Fuchtel ze bréngen, mee genee esou ze gi wéi si. Sou komme si vum selwen drop, dat heescht se bréngen sech vum selwe bäi, datt d'Mënsche sech vun de Roboteren duerch Emotiounen, duerch Verlaangen, duerch Humor ënnerscheeden - eng eescht Reflexioun, déi am Film op eng humoristesch Aart a Weis eriwwer bruecht gëtt.

Autonomieverloscht

De Jean-Pierre Jeunet ass bestëmmt elo keen, deen den technesche Fortschrëtt ofleent: nëmmen all ze gär notzt hie selwer fir seng Filmer, wéi beispillsweis hei bei "Big Bug", de leschte Stand vun der Computeranimatioun. Wa sech seng Personnagen allerdéngs géint hire Wëlle vun engem automatesche System aspäre loossen, muss een doranner eng Kritik gesinn um Verloscht vun der mënschlecher Autonomie.

Duerch eisen Drang no Sécherheet menge mer d'Schutzfunktiounen all un d'Technik mussen auszelageren - um Enn sëtze mer dann an der Fal. Tragesch gëtt et, wa mer och nach op d'Wëssen u sech, dat heescht dem materielle Support vum Wësse verzicht hunn. Wann d'Bicher, déi vun der Bomi geierft goufen, nëmmen nach zur Dekoratioun déngen, kënnen se och grad esou gutt verbrennen.

"Big Bug" ass en intelligenten an duerchaus ënnerhalende Film, dee mat enger Hellewull u visuellen Trouvaillen op enkstem Raum ze verstoe gëtt, wat kënschtlech Intelligenz iwwerhaapt ass, mat hire Limitten a Geforen, mee och hire positive Potentialitéiten.