Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maale Gars - Fonken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De "Faust" op Première léieren ... a spillen

Theater

De "Faust" op Première léieren ... a spillen

"Mephisto Mephisto" ass d'Adaptatioun vum Goethe sengem "Faust", déi Schüler vum Mierscher Lycée Ermesinde dëst Joer op d'Bühn bréngen. Eng gutt Aart a Weis fir ee Stéck ze verënnerlechen, dat um Programm vum Premières-Exame steet. De Message ass ëmmer nach aktuell.

auto_stories

7 min

Dem Gretchen seng Gefiller, verkierpert vu Schülerinnen

Theater, Danz, och alt Zirkus a Musek, a geleeëntlech Konscht... Am Fong alles, wat een op enger Bühn kann duer bréngen, hunn am Lycée Ermesinde eng wichteg Plaz. An et ass schonn eng Traditioun, datt sech géint der Enn vum Schouljoer de Grousse Public dovunner iwwerzeege loosse kann. D'Opféierungen, déi dat wat ee sech allgemeng ënner "Schoultheater" virstellt wäit iwwertreffen, si spektakulär.

Am opwennegsten dierft bis elo Peter Pan gewiescht sinn. Virun zwee Joer gouf dofir sou zimlech dee ganzen, groussen Areal vum Campus a Beschlag geholl. An dëst Joer dem Goethe säi Faust. Ganz bewosst goufen d'Haaptrollen u Premièresschülerinnen a Schüler verginn. Déi sollten hire Faust kennen.

"All déi aner Rolle si mat Klassen ënnert eis besat. All Klass ass vertrueden", erkläert d'Cally. Den Text wier gekierzt ginn, Lidder bäigesat. "Am Fong ass et eng modern Interpretatioun, mee mir halen déi al Sprooch".

Modern Adaptatioun

Adaptéiert heescht an deem heite Fall och, déi eng oder aner audaciéis, awer reusséiert "gender inversion". "D'Hex ass männlech", sou de Luca. De fréiere Schüler ass fir d'Stéck zeréck a seng al Schoul komm.

Et ass eng impressionnant grouss Trupp: 32 Acteuren an Actricen, déi bei "Mephisto Mephisto" op der Bühn schauspilleren, a geleeëntlech och danzen oder sangen. Et fält op, datt déi jonk Männer däitlech an der Minoritéit sinn. "Vläicht well méi Meedercher um Theater interesséiert sinn a sech dat 'trauen'", seet de Felix, deen op der Bühn de Faust interpretéiert.

D'Zitater schonn auswenneg kenne géif hëllefe fir den Examen, sou d'Magali. Sech mat Stéck méi intensiv ausernee setzen, do wéisst een och, wéi de Faust, d'Gretchen oder de Mephisto sech fillen. Dem Cally no bitt déi modern Adaptatioun och een anere Bléck op dem Goethe säin Text, anescht wéi deen, deen am Cours vermëttelt géif ginn. "Et erlaabt, d'Stéck besser ze verstoen oder ze verënnerlechen".

"Faust" ëmmer nach aktuell

De Message aus dem Stéck kéint een och op d'Welt vun haut bezéien, fënnt d'Magali. "De Faust ass een, deen nom Absolute sicht. Hien ass gespléckt tëschent dem Wëssen an dem Sënnlechen, déi hien alle béid wëll kenne léieren. Och haut wëlle mer méi, ëmmer eppes aneschtes, a sinn net zefridden, wäerten et och net ginn", seet d'Premières-Schülerin.

D'Regie féieren, wéi dat och déi lescht Joren am Lycée Ermesinde de Fall war, Nathalie Moyen a Seja Rockel. "Mir wielen eis Stécker schonn eraus mat Themen déi eis och privat beschäftegen", seet d'Nathalie Moyen. "Sech einfach emol méi zefridde ginn, mat deem wat een huet. Méi Léift verdeelen, amplaz just déi materiell Saachen".

Et gëtt deemno bei alle Projeten e Bezuch gesicht zu Themen, déi eis haut beschäftegen an e Statement formuléieren: géint d'Tristesse vun engem total genormten Alldag, beispillsweis, géint Sexismus a Xenophobie, géint d'Mënscheveruechtung vun Trash-Tëlé-Emissiounen, fir d'Fräiheet, seng eegen Decisiounen däerfen ze huelen, asw.

Kombinatioun vun Ausdrocksweisen

D'Theaterprojete verbannen och ëmmer verschidden Ausdrocksweise mateneen. Dat hänkt mat de villfältegen Interessie vun de Regisseurinnen zesummen. D'Nathalie Moyen, beispillsweis, ass geléiert Choreographin. An trotzdem sinn et an éischter Linn kollektiv Kreatiounen, bei deenen déi bedeelegt Schülerinnen a Schüler ganz vill ze soen hunn.

Zu de Choixe vun der "mise en scène" gehéiert, datt dem Gretchen seng Gefiller ("verléift, traureg, verzweiwelt, ënnerlech dout, verréckt") vun enger ganzer Equipe vun Actricë verkierpert ginn, iwwer d'Mimik, Gesang, Danz... Weider gouf den Text ugeräichert duerch Interventioune vun Engelcher. An da ginn et nach déi keck Geeschter: haaptsächlech Septièmesschülerinnen, fir déi de Faust éischter nach kee Begrëff war.

"Mephisto Mephisto" gëtt de 17. an 18. Juni um 19h30 am Theatersall vum Mierscher Lycée Ermesinde opgefouert. Et sinn och Schoulopféierunge virgesinn.